Fortsetzung an deelweis Reform vun de finanzielle Bäihëllefen "Klimabonus Wunnen" an "Klimabonus Mobilitéit"

De 5. Juni 2024 huet de Regierungsrot déi grouss Richtlinne fir d'Fortsetzung an déi deelweis Reform vun de finanzielle Bäihëllefen "Klimabonus Wunnen" an "Klimabonus Mobilitéit" ugeholl. Den 11. Juni 2024, huet de Premierminister d'Haaptpunkte vun dëser Reform a senger Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert. De 14. Juni 2024, huet de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes, d'Detailer vun de Mesurë fir d'Hëllefsregimmen "Klimabonus Wunnen" an "Klimabonus Mobilitéit" am Kader vun enger Pressekonferenz presentéiert. 

©MECB Pressekonferenz
Pressekonferenz

Klimabonus Wunnen

Déi finanziell Bäihëllef "Klimabonus Wunnen" ass e wichtege Schratt fir an eng méi nohalteg Zukunft. An deem mir eng rational Energienotzung an d'erneierbar Energien am Beräicher vum Logement ënnerstëtzen, maache mir net nëmmen eppes fir de Schutz vun der Ëmwelt, mee droen och dozou bäi, datt d'Energiekäschte fir d'Biergerinnen an d'Bierger erofginn. Dësen Engagement bestäerkt ons an eisem Bestriewen eng gerecht Energietransitioun ze erméiglechen an eng widderstandsfäeg Gesellschaft opzebauen", huet de Minister Serge Wilmes ënnerstrach.

Den aktuelle Regimm "Klimabonus Wunnen" gëtt an enger éischter Phas zu de bestoende Konditiounen ëm dräi Méint verlängert:

  1. Moossname fir eng energeetesch Sanéierung: Bäibehale vum Bonus vu 25%. Fir Sanéierungsmoossnamen, dorënner och d'Installatioun vun enger kontrolléierter mechanescher Ventilatioun, gëtt déi finanziell Bäihëllef "Basisprogramm + 25%" fir Demanden en vue vun engem Accord de principe, déi bis den 31. Dezember 2025 eragereecht gi sinn, bäibehalen.
  2. Wärmepompelen an Holzchaudièren: Bäibehale vum Bonus beim Ersetze vun enger bestoender Chaudière déi mat fossille Brennstoffer bedriwwe gëtt. Den "Ersatzbonus" gëtt weiderhin op 50% erhéicht, wann eng bestoend Chaudière, déi mat fossille Brennstoffer bedriwwe gëtt, oder eng bestoend elektresch Heizung duerch eng Wärmepompel, eng hybrid Wärmepompel oder eng Holzchaudière ersat gëtt.
  3. Photovoltaik-Installatiounen: Upassung vun de finanzielle Bäihëllefe fir Installatiounen, déi am Eegeverbrauch-Betribsmodus bedriwwe ginn, no enger Iwwergangszäit vun dräi Méint. De Supplement vu 25% fir finanziell Bäihëllefe fir Photovoltaikanlagen, déi fir den Eegegebrauch oder am Kader vun enger Energiegemeinschaft bedriwwe ginn, gëtt fir eng Iwwergangsperiod vun 3 Méint (Bestellungen, déi bis den 30. September 2024 gemaach gi sinn) verlängert, woubäi d'Héicht vun der Bäihëllef bei 62,5% vun den effektive Käschte mat engem Plaffong vun 1.562,5 Euro pro kWpeak bleift. Ab dem 1. Oktober 2024 gëtt déi aktuell Reegelung fir energeetesch Sanéierungen, Wärmepompelen an Holzchaudièren bäibehalen, wärend déi finanziell Bäihëllefe fir Photovoltaik-Modulle fir Installatiounen, déi ab dem 1. Oktober 2024 bestallt ginn, op 50% vun den effektive Käschten erofgesat, mat engem Plaffong vun 1.250 pro kWpeak.

Klimabonus Mobilitéit

D'Fërderung vun der Elektromobilitéit ass e Schlësselelement vum integréierten nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC) fir den Zäitraum 2021 bis 2030.

Et gëlle follgend Reegelungen:

  1. Iwwergangsperiod bis Enn September 2024. Den aktuelle Regimm "Klimabonus Mobilitéit" gëtt ëm dräi Méint zu de bestoende Konditioune verlängert. Dës Verlängerung betrëfft Gefierer, déi bis den 30. September 2024 kaf gi sinn.
  2. Upassungen ab dem 1. Oktober 2024

a. Héicht vun de Bäihëllefen

De Montant vun de Bäihëllefe fir Gefierer, déi ab dem 1. Oktober 2024 bestallt gi sinn, gi follgendermoossen opgedeelt:

Eng Bäihëllef vu 6.000 Euros fir:

  •  100% elektresch Gefierer, wou de Stroumverbrauch net iwwer 160 Wh/km (wat 16 kWh/100 km entsprécht) läit.
  • 100% elektresch Gefierer, déi siwe Sëtzplazen oder méi hunn, ënnert der Viraussetzung datt den Demandeur vun der Bäihëllef zu engem Stot vu mindestens fënnef Persoune gehéiert, fir esou de Groussfamillen entgéint ze kommen.
  • 100% elektresch Camionnetten a Gefierer mat Waasserstoff-Brennstoff-Zellen.

Eng Primm vun 3.000 Euro fir 100% elektresch Gefierer, wou de Stroumverbrauch tëscht 161 Wh/km an 180 Wh/km. Dëse leschte Plaffong gëtt op 200 Wh/km erhéicht, ënnert der Viraussetzung, datt déi maximal Nettoleeschtung vum Antribssystem vum Gefier bei 150 kW läit.

Elektresch Gefierer bei deenen de Stroumverbrauch iwwer 200 Wh/km läit (oder 180 Wh/km bei enger Leeschtung iwwer 150 kW), kréie keng Bäihëllefe méi.

Déi finanziell Bäihëllefe fir aner 100% elektresch Gefierer (Véierradgefierer, Motorrieder a Vëlomotoren) bleiwen onverännert (50% vun de Käschte fir d'Gefier ouni TVA, mee awer net méi wéi 1.000 Euro).

D'Primm fir Vëloen a semiautomatesch Vëloen (50% vun de Käschten ouni TVA, mee net méi wéi 600 Euro) sinn deene Leit virbehalen, déi den Ament vum Kaf vum Vëlo oder vum semiautomatesche Vëlo, Deel vun engem Stot sinn, deen eng Zoulag fir d'Liewensdeierecht oder d'Energieprimm kritt.

Fir Vëloen oder Elektrovëloen, déi fir den Transport vu Persounen an/oder Gidder um Récksëtz an/oder virum Fuerer virgesi sinn, an déi méi grouss wéi en normale Vëlo sinn (Cargo-Bikes), gëtt eng nei finanziell Hëllef an Héicht vu 50% vun de Käschten ouni TVA agefouert, dëst bis en Héchstmontant vun 1.000 Euro.

Dës nei Bäihëllefe betreffe Gefierer déi tëscht dem 1. Oktober 2024 an dem 30. Juni 2026 kaf ginn.

b. Erhéijung vun der "Durée de détention minimale"

Zurzäit ass d'Primm fir d'Gefierer un eng "Durée de détention minimale" vun 12 Méint gebonnen. Ab dem 1. Oktober 2024, gëtt se op 36 Méint eropgesat, fir esou dem fréizäitegen Export vu Gefierer entgéintzewierken, déi zu Lëtzebuerg subventionnéiert goufen. D'Verlängerung vun dëser Mindestdauer soll dozou bäidroen en Occasiounsmaaart fir 100% elektresch Gefierer ze generéieren.

c. Aféierung vun enger Finanzhëllef fir elektresch Occasiounsautoen

Fir den nationale Fuerpark vun elektresche Gefierer méi nohalteg ze gestalten, gëtt eng nei Finanzhëllef vun 1.500 Euro fir Occasiounsween vu mindestens dräi Joer agefouert. D'Bedéngung ass, dass de Beneficiaire vun der Hëllef den Auto wärend mindestens 2 Joer behält an net am nämmlechte Stot lieft wéi de Verkeefer vum Auto.

Nëtzlech Informatiounen:

Den Detail vun de Finanzhëllefen am Kader vum Klimabonus, sou wéi e Simulator fir de Montant vun den Hëllefen auszerechnen, ass um Site www.klimabonus.lu ze fannen.

Déi entspriechend Formulare fir déi finanziell Hëllefen unzefroe sinn op www.guichet.lu verfügbar.

Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit

Aktualiséiert