Lutte géint Energieaarmut: nei Moossname fir vulnerabel Stéit

  1. ©MFSVA

    Mossname fir vulnerabel Stéit

    Mossname fir vulnerabel Stéit

  2. ©MFSVA

    Energieprimm I

    Energieprimm I

  3. ©MFSVA

    Energieprimm II

    Energieprimm II

Am Kader vun der allgemenger Regierungspolitik fir d'Kafkraaft vun de Stéit ze stäerken, ass de Kampf géint d'Aarmut eng vun den Haaptprioritéite vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil. Fir de Ministère, muss dat progressiivt Auslafe vun den Energiepräisdeckele vu cibléierte soziale Moossname fir sozial méi schwaach Stéit begleet ginn, fir de finanziellen Impakt vun der Präisdeierecht ofzefiederen.

"Eng onerwaart Deierecht vun den Energiepräisser ka vulnerabel Stéit mat neie Schwieregkeete konfrontéieren. Fir d'Regierung ass et entscheedend, benodeelegt Stéit z'ënnerstëtzen an dofir ze suergen dass net nach méi Leit an den Aarmutsrisiko falen", huet de Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, zesummeliewen an Accueil, ënnerstrach.

Konkreet gi follgend Mesuren ëmgesat:

  1. Energieprimm
    • Erhéijung vum ieweschte Revenu-Seuil, fir deen een d'Energieprimm ufroe kann. Zurzäit läit déi Limitt bei 25% iwwert dem Revenu-Seuil vun der Allocation de vie chère. An Zukunft, gëtt se op 30% erhéicht.
    • Dräifach Erhéijung vum Betrag vun der Energieprimm am Verglach mam aktuelle Betrag, mat der Aféierung vun zwee Palieren. Den Total vun der neier Primm gëtt ganz ausbezuelt wann ee bis maximal 25% iwwert der Allocation de vie chère läit. Persoune mat Revenuen, déi tëscht 25% a maximal 30% iwwert der Allocation de vie chère leien, kréien nach d'Hallschent vun dëser Primm.
  2. Équivalent crédit d'impôt (ECI)
    • Bäibehale vum ECI fir d'Beneficiairë vum pauschale Grondbetrag, deen am Kader vum Gesetz vum 18 Juli 2018 iwwert de REVIS pro Erwuessene virgesinn ass, esou wéi fir d'Beneficiairë vum Revenu fir schwéierbehënnert Persounen. De Montant vum ECI gëtt op 90 Euro gehéicht.
  3. Staatlech Bedeelegung un der Finanzéierung vun de Präisdeierechte vun der Energie fir Wunnstrukture fir eeler Leit
    • Verlängerung vun der staatlecher Bedeelegung un der Finanzéierung vun de Präisdeierechte vun der Energie fir Wunnstrukturen fir eeler Leit bis 2025. Am Géigenzuch, engagéieren sech d'Prestatairen, déi vun dëser Bedeelegung profitéieren, d'Präisser wärend deem Zäitraum net ze erhéijen, mat Ausnam vun den Upassungen déi op de Liewenskäschtenindex zréckzeféiere sinn.

Communiqué vum Staatsministère a vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil

Aktualiséiert