-
Staatsréseau erem accessibel
De Staatsreseau ass zanter 10h15 erëm accessibel. D'Online-Servicer sinn amgaang retabléiert ze ginn.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 1. bis de 7. November
An der Woch vum 1. bis de 7. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.120 op 1.211 liicht geklommen (+8%)
-
Éischt Resultater vun der Evaluatioun vun der Effektivitéit vun der COVID-19-Impfung zu Lëtzebuerg, vum 28. Dezember 2020 bis de 15. Juni 2021, mat Fokus op Persounen iwwer 70 Joer
D'Pandemie ass ee groussen Defi fir déi ëffentlech Gesondheet. D'Impfung géint de SARS-CoV-2 ass ee Schlësselelement am Kampf géint de COVID-19.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 25. bis den 31. Oktober
An der Woch vum 25. bis den 31. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 981 op 1.118 (+14%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 4.452 Fäll géintiwwer 4.031 an der Woch virdrun (+10%).
-
COVID-19: Ännerung vun den Donnéeën an den deeglechen a wéchentleche Rapporten iwwert déi komplementar Dosis (3. Dosis) vum Impfstoff
Mam Zil, et all Mënsch z'erméiglechen, fir d'Evolutioun vun der COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg sou gutt wéi méiglech ze suivéieren an ze analyséiere, publizéiert de Gesondheetsministère een deegleche Rapport mat kloeren an transparente Statistiken.
-
Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung
Den Aussen- an Europaministère informéiert, dass Lëtzebuerg der Recommandatioun (UE) 2021/1782 vum Conseil vum 8. Oktober 2021, déi d'Recommandatioun (UE) 2020/912 vum Conseil zu den temporäre Restriktioune fir net essentiell Reesen an d'Europäesch Unioun an eng méiglech Ophiewung vun dëse Restriktiounen, nokomm ass.
-
Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 26. Oktober 2021 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt, well dës de Bedéngunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.
-
D'Finanze vun de Gemenge si resilient!
D'Gemengefinanze si stabil, an dowéinst sinn d'Gemenge resilient, si belaaschtbar: dat war de Constat am leschte "Conseil supérieur des finances communales" am Inneministère.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 18. bis de 24. Oktober
An der Woch vum 18. bis de 24. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 786 op 981 (+25%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 4.031 Fäll géintiwwer 3.114 an der Woch virdrun (+29%).
-
Fir d'Zil vum PNOS z'erreechen, fir iwwerall am Land bannent 15 Minutten Hëllef ze leeschten, ginn 300 nei Plaze beim CGDIS geschafen
"De PNOS stellt de roude Fuedem a Saachen zivil Sécherheet duer, deen déi grondleeënd Orientatiounen a puncto operationell an territorial Ofdeckung definéiert. Et ass eng Qualitéitsgarantie fir méi e widderstandsfäegt Land a gëtt dem CGDIS déi néideg a gëeegent Moyenen, fir d'Haaptzil vum PNOS z'erreechen: der Populatioun am Noutfall bannent 15 Minutten Hëllef zoukommen ze loossen!"
-
Areeche vun enger Ufro vun engem Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung.
En Initiativkommitee huet haut, am Kader vun der Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung, beim Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, eng Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum no Artikel 114 vun der Verfassung agereecht.
-
"Deng Zukunft op der Gemeng: Villfälteg. Lokal. Modern.”: Zesumme mat de Sozialpartner lancéiert d'Taina Bofferding eng Recrutementscampagne fir de Gemengesecteur
D'Inneministesch an d'Sozialpartner vun der Commission centrale (Syvicol, FGFC an OGBL) hunn de Moien d'Recrutementscampagne "Deng Zukunft op der Gemeng: Villfälteg. Lokal. Modern.”
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 11. bis de 17. Oktober
An der Woch vum 11. bis de 17. Oktober, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 675 op 786 (+16%) eropgaangen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 3.540 op 3.114 erofgaangen ass (-12%).
-
Verbuet vun all Drone-Flich den 22. Oktober 2021 wärend der Manifestatioun "Fermeture de la mine Turow"
Am Kader vun der Manifestatioun "Fermeture de la mine de Turow" den 22. Oktober 2021, huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, all Drone-Flich wärend folgenden Deeg an a folgende Loftraim ze verbidden.
-
Live Q&A (Froen/Äntwerten) zum Thema COVID-19-Impfungen
D'Impfung ass zurzäit dat beschte Mëttel fir der Epidemie en Enn ze setzen an eis ze hëllefen, eis Fräiheet erëmzefannen.
- Éischt Säit
- ...
- 39
- 40
- 41
- 42
- 43
- ...
- Lescht Säit