Verbuet vun all Drone-Flich den 22. Oktober 2021 wärend der Manifestatioun "Fermeture de la mine Turow"

Am Kader vun der Manifestatioun "Fermeture de la mine de Turow" den 22. Oktober 2021, huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, all Drone-Flich wärend folgenden Deeg an a folgende Loftraim ze verbidden:

  • den 22. Oktober 2021 am Loftraum "Kirchberg, Centre européen" an Ëmgéigend (Gebitt: EL-UAS-TEVT-2021-01).

Déi verbueden Loftraim sinn ënnert folgendem Link zougänglech: verbueden Loftraim

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an der Direktioun vun der ziviler Aviatioun

Aktualiséiert