"Deng Zukunft op der Gemeng: Villfälteg. Lokal. Modern.”: Zesumme mat de Sozialpartner lancéiert d'Taina Bofferding eng Recrutementscampagne fir de Gemengesecteur

D'Inneministesch an d'Sozialpartner vun der Commission centrale (Syvicol, FGFC an OGBL) hunn de Moien d'Recrutementscampagne "Deng Zukunft op der Gemeng: Villfälteg. Lokal. Modern.+

©MINT
(de g. à dr.) Milena Steinmetzer, OGBL ; Emile Eicher, président du Syvicol ; Taina Bofferding, ministre de l'Intérieur ; Marco Thomé, président de la Fédération générale de la fonction communale (FGFC)

Presentéiert, dat fir e Secteur, fir dee vill verschidde Beruffsprofiller gesicht ginn. D'Taina Bofferding huet dobäi de Fait begréisst, dass d'Sozialpartner zesumme geschafft hunn, fir déi Campagne op d'Been ze stellen, an dass dës zesumme mat de Concernéierten ausgeschafft gouf. Donieft huet d'Ministesch op déi wichteg Reformen aus de leschten zwee Joer verwisen, op e Beruffsbild, dat de Besoine vum Terrain ugepasst gouf, an dorop, dass mat deene Reforme virugefuer gëtt.

Vill Ofwiesslung, eng Aarbecht am Intressi vun der Allgemengheet a Konditiounen, déi mat deene beim Stat ze vergläiche sinn, dat sinn Argumenter, déi d'Gemengen an d'Gemengesyndikater als Patron ze bidden hunn. De Gemengesecteur brauch gutt a motivéiert Personal, fir de Biergerinnen a Bierger e beschtméigleche Service unzebidden. An deem Kontext gi vum Ministère Formatiounen ugebueden, déi de GemengebeamtInnen oder -employéen dat néidegt Grondwësse mat op de Wee ginn. De Secteur sengersäits bitt den Interesséierten, déi bei hie wëlle schaffe kommen, villfälteg Beruffsweeër, déi och no bei de Leit sinn.

Wat de Wee an de Gemengesecteur ugeet, fënnt een Informatiounen um Internetsite www.govjobs.lu. Weiderer gëtt et op der (virtueller) Foire de l'étudiant um Enn vum Mount, bei där nieft Leit aus dem Secteur och den Inneministère eng éischte Kéier vertrueden ass. Zu gudder Lescht wëll d'Campagne nach geziilt Promotioun fir verschidde Beruffer maachen, dëst z.B. bei enger geplangter Informatiounsversammlung um Härebierg.

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert