Live Q&A (Froen/Äntwerten) zum Thema COVID-19-Impfungen

D'Impfung ass zurzäit dat beschte Mëttel fir der Epidemie en Enn ze setzen an eis ze hëllefen, eis Fräiheet erëmzefannen.

Fir net-geimpfte Persounen, déi nach Froen oder Zweifel zum Thema COVID-19-Impfstoffer hunn, Ried an Äntwert ze stoen, organiséiert de Gesondheetsministère dësen Donneschdeg, 21. Oktober um 17:00 Auer ee Live Q&A (Froen/Äntwerten) zum Thema Impfung. Wärend 1 Stonn, beäntwerten den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, an den Dr. Thomas Dentzer vun der Gesondheetsdirektioun live d'Froe vun de Spectateuren, an dëst a 4 Sproochen (Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch an Englesch).

D'Spectateure kënnen hir Froe virun oder wärend der Emissioun posten.

Fir d'Emissioun live ze kucken, braucht Dir just op dëse Link ze klicken: https://www.facebook.com/events/1497533190625524/.

Säit dem Ufank vun der Pandemie, notzt de Gesondheetsministère déi sozial Netzwierker fir mat de Bierger a Kontakt ze trieden. Mat senge Webinaren, Lunchtalks, Expertenvideoen a Facebook Live Q&A hat hien dobäi vill Erfolleg.

All Interventioune vun der Gesondheetsdirektioun zum Thema Impfung stinn och als Podcast/VOD op infovaxx.lu zur Verfügung.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert