Fir d'Zil vum PNOS z'erreechen, fir iwwerall am Land bannent 15 Minutten Hëllef ze leeschten, ginn 300 nei Plaze beim CGDIS geschafen

"De PNOS stellt de roude Fuedem a Saachen zivil Sécherheet duer, deen déi grondleeënd Orientatiounen a puncto operationell an territorial Ofdeckung definéiert. Et ass eng Qualitéitsgarantie fir méi e widderstandsfäegt Land a gëtt dem CGDIS déi néideg a gëeegent Moyenen, fir d'Haaptzil vum PNOS z'erreechen: der Populatioun am Noutfall bannent 15 Minutten Hëllef zoukommen ze loossen!"

©MINT (de g. à dr.) Paul Schroeder, directeur général du Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) ; Lydie Polfer, présidente du conseil d'administration du CGDIS ; Taina Bofferding, ministre de l'Intérieur ; Alain Becker, chargé de direction de la sécurité civile (DSC) au ministère de l'Intérieur
(de g. à dr.) Paul Schroeder, directeur général du Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) ; Lydie Polfer, présidente du conseil d'administration du CGDIS ; Taina Bofferding, ministre de l'Intérieur ; Alain Becker, chargé de direction de la sécurité civile (DSC) au ministère de l'Intérieur

6 Deeg, nodeems en am Ministerrot ugeholl gouf, ass den definitive PNOS de Moie vun der Inneministesch virgestallt ginn, dat op enger gemeinsamer Pressekonferenz mat Vertrieder vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS).

De PNOS, deen ënnersträicht, dass d'Reform vun den Hëllefsdingschter noutwendeg war, gëtt den Ambitioune vum CGDIS eng Visibilitéit, justifizéiert séng Organisatioun a féiert zur Realisatioun vun den Équipements-, Recrutements-, Formatiouns- an Néierloossungspläng vun den néidegen Infrastrukturen. Fir dohin ze kommen, ass et onëmgänglech, dass de CGDIS déi entspriechend personell a finanziell Ressourcë kritt. D'jäerlech Erhéijung vun der Contributioun vun de Gemengen a vum Stat wäert dann och bis 2025 zum Schafe vun 300 neie Plaze beim CGDIS féieren.

De PNOS dréit den Observatiounen aus 67 Avie vu Gemengen a vum Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol) Rechnung, vun deenen der e puer op e Manktem u Prévisibilitéit vun den Ausgaben, op d'Noutwendegkeet vum Oprechterhale vum Volontariat an op eng regelméisseg Évaluatioun vun den Objektiver vum PNOS agoungen. Donieft kënnt de Ministère der Fuerderung vun de Gemengen a vum Syvicol no engem "Congé sapeur" am öffentleche Secteur no.

D'Ministesch huet drun erënnert, dass sou eng Ambitioun nëmme kann erreecht ginn, wann d'Efforen zesumme geluegt ginn an et zu deenen néidegen Investissementer an a fir d'zivil Sécherheet kënnt.

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert