Dossieren

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 73 Resultater
  1. D'Open Data-Strategie vun der Regierung ziilt drop hin, fir ëffentlech Daten allgemeng zougänglech ze maachen an esou Eenzelpersounen, Entreprisen a Medien d'Méiglechkeet ze ginn, dës Date fir nëtzlech Zwecker ze verwäerten, ze kombinéieren oder ze deelen. D’Zil ass d’Schafe vun enger sozialer, wirtschaftlecher oder ekologescher Plus-value an d’Optimiséierung vun den ëffentleche Leeschtungen.

  2. Den Energie- a Klimaplang fir Lëtzebuerg (PNEC) ass e wichtegt Element vun der Klima- an Energiepolitik vum Grand-Duché. En ëmfaasst déi national Klima- an Energieziler bis 2023 souwéi Politicken a Moossnamen, mat deenen dës Ziler erreecht solle ginn.

  3. Zanter 1980 ass d'Entwécklungshëllefspolitik ee vun de Piliere vun der Aussepolitik vu Lëtzebuerg. Hire Schwéierpunkt läit op geziilte Partnerschaften a si baséiert op Grondprinzipie wéi Zouverlässegkeet, Engagement a Kompetenz. Si stellt sech an den Déngscht vum Kampf géint d’Aarmut, virun allem an deenen am mannsten entwéckelte Länner, a steet am Geescht vun der nohalteger Entwécklung.

  4. De Wirtschaftsministère féiert regelméisseg Promotiounsmissiounen am Ausland duerch, fir Lëtzebuerg als privilegéiert Geschäftsplaz ze fërderen. Dësen Dossier gëtt Hannergrondinformatiounen a Bezuch op d’Organisatioun vun dëse Missiounen.

  5. D’Konferenz iwwert d'Zukunft vun Europa bitt de Bierger a ganz Europa d'Méiglechkeet sech iwwert hir Erwaardungen un d'Europäesch Unioun auszedrécken an hir Meenung iwwert déi nächst Entwécklungen ze matzedeelen.

  6. De KEP déngt dozou, d'Meenungsfräiheet an déi noutwenneg kreativ Fräiraim ze garantéieren, fir dass d'Konscht, d'Kultur an d'Acteure weiderhin d'Qualitéit vun eisem Liewe verbessere kënnen.

  7. Déi national Carte d’identité ass den administrative Beweis vun der Identitéit a vun der Nationalitéit vun hirem Titulaire. De Besëtz vun enger Carte d’identité ass obligatoresch fir all Persoun, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit huet an op d’mannst 15 Joer...

  8. D'Digitaliséierung vun den ëffentlechen Déngschter ass eng Erausfuerderung, där Lëtzebuerg sech zënter e puer Joer stellt. An dësem Kontext stäipen sech ëffentlech Organismen ëmmer méi op den Internet fir eng breet Palette vun essentiellen Déngschter fir eis Gesellschaft ze liwweren.

  9. D’Benelux-Unioun besteet aus dem Kinnekräich Belsch, dem hollännesche Kinnekräich an dem Groussherzogtum Lëtzebuerg. D’Zil vun der 1944 gegrënnter Unioun ass eng méi enk Zesummenaarbecht tëscht den dräi Länner. Déi ufanks virrangeg wirtschaftlech Unioun konzentréiert sech haut op dräi Schwéierpunkten: Bannemaart an Wirtschaft, Sécherheet a Gesellschaft souwéi nohalteg an digital Zesummenaarbecht.

  10. De lëtzebuergesche Protokoll gesäit dräi Forme vu Visitte vir: Staatsvisitten, offiziell Visitten an Aarbechtsvisitten. Dësen Dossier stellt déi ënnerschiddlech Zorte vu Visitte vir, beschreift d’Modalitéite vum Oflaf a gëtt en Iwwerbléck iwwer d’Visitte vun de leschte Joren.

  11. D'Chamber huet de 6. Juni 2018 dat neit Déiereschutzgesetz unanime gestëmmt. Dat aalt Gesetz vum 15. Mäerz 1983 war an enger Gesellschaft, déi sech am stännege Wandel befënnt an an där sech d'Astellunge vun de Mënschen den Déiere géigeniwwer konsequent verännert hunn, net méi relevant.

  12. D’Chamberwalen am Groussherzogtum Lëtzebuerg hunn den 20. Oktober 2013 stattfonnt. Den 29. Oktober koumen d'Delegatioune vun der LSAP, der DP a vun déi gréng ënnert dem Virsëtz vum Formateur Xavier Bettel zesummen, fir mat de Koalitiounsverhandlungen am Hibléck op d’Bildung vun der neier Regierung unzefänken. Den 29. November hunn déi 3 Parteien de Koalitiounsaccord ënnerschriwwen.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2
  4. 3
  5. 4
  6. 5