De Benelux

Aleedung

 

D’Benelux-Unioun besteet aus dem Kinnekräich Belsch, dem hollännesche Kinnekräich an dem Groussherzogtum Lëtzebuerg. Den Akronym "Benelux" enthält d'Nimm vun den dräi Länner (Belgique/België, Nederland, Luxembourg).

Geschicht

Déi dräi Länner, déi iwwert eng laang Zäit vun hirer Geschicht dat selwecht politescht Schicksal gedeelt hunn, hunn no den Evenementer vum 1. a besonnesch vum 2. Weltkrich d'Noutwendegkeet vun enger méi enker Zesummenaarbecht erkannt.

D'Gebuertsstonn vum Benelux ass de 5. September 1944, wéi d'Regierunge vun deenen dräi Länner (nach am Exil zu London) eng Konventioun fir eng Zollunioun ënnerschreiwen, déi den 1. Januar 1948 a Kraaft trëtt. Eng Rei vun Accorde féiert zur Benelux-Wirtschaftsunioun, déi den 3. Februar 1958 zu Den Haag ageriicht gëtt.

Duerno iwwerhuelen um wirtschaftlechen Niveau méi grouss Projeten wéi d'Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol (EGKS) an d'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft. Deemno gëtt d'wirtschaftlech Predominanz vum Benelux duerch eng méi politesch gepräägten Zesummenaarbecht ersat, déi méi villsäiteg Sujete betrëfft.

De 17. Juni 2008 gëtt dës Zesummenaarbecht erneiert an heescht elo Benelux-Unioun. Haut konzentréiert se sech haaptsächlech op dräi Schwéierpunkten: de Bannemaart an d'Wirtschaft, d'Sécherheet an d'Gesellschaft souwéi d'nohalteg an digital Zesummenaarbecht.

Funktiounsweis

De Benelux funktionéiert mat ënnerschiddlechen Institutiounen:

  • de Comité vun de Ministeren ass dat héchsten Entscheedungsorgan vum Benelux a leet d'Orientatiounen an d'Prioritéite vun der Benelux-Zesummenaarbecht fest;
  • De Benelux-Rot këmmert sech ënner anerem ëm d'Virbereedung vun den Dossiere fir d'Ministeren;
  • d'allgemengt Sekretariat vum Benelux initiéiert, fërdert a iwwerwaacht d'Zesummenaarbecht an de Beräicher Wirtschaft, Nohaltegkeet a Sécherheet;
  • de konsultativen interparlamentaresche Rot vum Benelux (Benelux-Parlament) besteet aus 49 Deputéierten aus deenen dräi Länner, déi hir respektiv Regierungen iwwert de Benelux informéieren a beroden;
  • de Benelux-Geriichtshaff fërdert déi eenheetlech Uwendung vun der Benelux-Legislatioun (geeschtegt Eegentum, Astreinte, Steiererhiewung, Vulleschutz, Gläichheet bei der steierlecher Behandlung). Hien huet en Entscheedungspouvoir mat rechtlecher Verbindlechkeet a Bezuch op déi gemeinsam juristesch Reegele vum Benelux.

Ausserdeem këmmeren sech d'Benelux-Organisatioun fir d'geeschtegt Eegentum an de Benelux-Büro fir d'geeschtegt Eegentum ëm d'Themen a Bezuch op dat geeschtegt Eegentum um Benelux-Niveau.

D'Presidence vum Benelux läit ofwiesselnd bei deenen dräi Länner, all Kéiers fir ee Joer. Déi rezentst Lëtzebuerger Presidence geet op 2016 zréck.

Aktualitéiten op gouvernement.lu (op Franséisch and Englesch)

Legislatioun (Auswiel)

A) Haapttexter

B) Aner Texter (Auswiel)