Formatioun vun der neier Regierung 2013

Aleedung

21. Oktober 2013: Récktrëtt vun der ausscheedender Regierung

Den Dag no de Wahlen, den 21. Oktober, hu sech d'Membere vun der ausscheedender Regierung fir e leschte Regierungsrot zesummegesat.

No dëser Sëtzung gouf de Premierminister Jean-Claude Juncker am groussherzogleche Palais vum Grand-Duc an Audienz empfaangen. Wéi dat den Dag no de Chamberwahlen üüblech ass, huet de Premierminister dem Staatschef de Récktrëtt vun der ausscheedender Regierung agereecht. De Grand-Duc huet d'Regierung gebieden, bis zu der Formatioun vun enger neier Regierung am Amt ze bleiwen, an huet se beoptraagt, déi lafend Ugeleeënheete weiderzeféieren an déi an de Beräicher Wirtschaft a Finanzen noutwenneg dréngend Moossnamen ze treffen.

Duerno huet de Grand-Duc de President vun der ausscheedender Chamber an de President vum Staatsrot fir Berodung an Audienz empfaangen. Den 22. Oktober huet de Staatschef ee Vertrieder vun all Lëscht déi sech fir d'Wahlen opgestallt hat, an erëm de Premierminister Jean-Claude Juncker fir Berodung an Audienz empfaangen.

Nominatioun vun engem Informateur/Formateur

23. Oktober 2013: Nominatioun vun engem Informateur

No enger Rei Berodungs- a Sondéierungsgespréicher huet de Grand-Duc den 23. Oktober de President vum Verwaltungsgeriicht, Georges Ravarani, zum Informateur am Kader vun der Formatioun vun enger neier Regierung ernannt.

Dee selwechten Dag nach hat den Informateur Entrevuë mat de Vertrieder vun de wichtegste politesche Parteien an huet dem Grand-Duc en éischte Rapport geliwwert.

De 24. Oktober huet de Grand-Duc de Georges Ravarani an enger zweeter Audienz empfaangen, fir iwwert d'Conclusiounen, déi aus senger Informatiounsaufgab ervirgaange sinn, ze diskutéieren.

25. Oktober 2013: Nominatioun vun engem Formateur

Nodeems de Grand-Duc d'Absicht vun de Parteien LSAP, DP an déi gréng a Bezuch op d'Formatioun vun enger neier Regierung zur Kenntnis geholl hat, huet hien de Xavier Bettel, President vun der DP, de 25. Oktober 2013 an Audienz empfaangen, fir hie mat der Formatioun vun der neier Regierung ze beoptragen.

Koalitiounsverhandlungen

Den 29. Oktober koumen d'Delegatioune vun der LSAP, der DP a vun déi gréng ënnert dem Virsëtz vum Formateur Xavier Bettel zesummen, fir mat de Koalitiounsverhandlungen unzefänken. Et hunn insgesamt 14 Plenièrë stattfonnt. Den 29. November hunn déi 3 Parteien de Koalitiounsaccord ënnerschriwwen.

29. Oktober 2013: Erëffnung vun de Verhandlungen

Den 29. Oktober, néng Deeg no de virgezunne Chamberwahlen, koumen d'Delegatioune vun der LSAP, der DP a vun déi gréng ënnert dem Virsëtz vum Formateur Xavier Bettel am Ausseministère zesummen, fir mat de Koalitiounsverhandlungen unzefänken.

D'Delegatioune vun den 3 Parteie ware folgendermoossen zesummegesat:

  • DP:
    • Guy Daleiden
    • Fernand Etgen
    • Lex Folscheid (Sekretariat)
    • Alain Kinsch
    • Claude Meisch
    • Maggy Nagel
    • Lydie Polfer
    • Dan Theisen
  • LSAP:
    • Étienne Schneider
    • Alex Bodry
    • Jean Asselborn
    • Mars Di Bartolomeo
    • Nicolas Schmit
    • Romain Schneider
    • Lucien Lux
    • Claude Tremont
  • déi gréng:
    • François Bausch
    • Félix Braz
    • Camille Gira
    • Henri Kox
    • Josée Lorsché
    • Viviane Loschetter
    • Sam Tanson

D'Delegatiounen hu fir d'éischt de Kalenner vun hire Plenièrë festgeluecht:

  • 30. Oktober 2013;
  • 31. Oktober 2013;
  • 5. November 2013;
  • 8. November 2013; 
  • 11. November 2013; 
  • 14. November 2013; 
  • 18. November 2013; 
  • 23. November 2013; 
  • 24. November 2013; 
  • 25. November 2013; 
  • 26. November 2013; 
  • 27. November 2013; 
  • 29. November 2013.

Déi dräi Delegatiounen hu sech fir d'éischt d'Rapporte vu verschiddenen héije Fonctionnairen, ënner anerem vum Tresor, vun der Finanzinspektioun, vum Enregistrement, vun der Douane, vun der Steierverwaltung a vum Statec unhéieren, fir sech en Iwwerbléck vum Zoustand vun de Staatsfinanzen ze verschafen.

No dëse Bäiträg huet de Xavier Bettel betount, datt den Zoustand vun de Staatsfinanze schwiereg bleift, an datt d'Schold weider klëmmt, och wa gewëssen Indicateuren op en, wann och zimlech schwaachen, Opschwong hiweisen.

No der éischter Verhandlungsplenière hunn déi dräi Delegatioune beschloss, aacht Aarbechtsgruppen ze schafen, déi sech jeeweils mat engem kloer definéierte Beräich oder Thema beschäftegen an an der Plenière dann e Rapport virdroe sollen:

  1. Finanzen a Finanzplaz;
  2. Wirtschaft, Kompetitivitéit, Beschäftegung, Tourismus, Energie, Mëttelstand a Fuerschung;
  3. Sozialpolitik, Famill, Gesondheet, Chancëgläichheet, spezifesch Besoinen;
  4. Educatioun, Kultur, Sport, Kannerbetreiung, Héichschoul;
  5. Staat, Institutiounen, Justiz, Reform vun der Fonction publique, Prozeduren, Dateschutz, Kultus;
  6. nohalteg Entwécklung, Infrastruktur, Mobilitéit, Konsumenteschutz, Landwirtschaft;
  7. Wunnengsbau, Gemengen, Groussregioun, Police, Rettungsdéngschter;
  8. international Politik, Europa, Verteidegung, Entwécklungshëllef, Immigratioun.

Den 30. Oktober hu sech d'Delegatiounen d'Rapporte vum Gaston Reinesch, President vun der Lëtzebuerger Zentralbank, a vum Robert Kieffer, President vun der Pensiounskeess, unhéieren.

31. Oktober 2013: Entrevue Bettel-Juncker

Den 31. Oktober huet de Premierminister Jean-Claude Juncker de Formateur Xavier Bettel fir eng Entrevue am Staatsministère empfaangen. Um Ordre du jour stoungen eng Rei technesch Froen, wéi déi éischt Sëtzung vun der neier Chamber, a verschidden europäesch Dossieren.

De Jean-Claude Juncker an de Xavier Bettel hunn déi agreabel a konstruktiv Ambiance vun hire Gespréicher ervirgehuewen.

4. November 2013: Ufank vun der Aarbecht vun den Aarbechtsgruppen

De 4. November hunn d'Aarbechtsgruppe mat hirer Aarbecht ugefaangen. All Grupp gouf vun engem Responsabele geleet:

  • Claude Meisch (DP): Finanzen a Banken;
  • Étienne Schneider (LSAP): Wirtschaft, Kompetitivitéit, Beschäftegung, Tourismus, Energie, Mëttelstand, Fuerschung;
  • Mars Di Bartolomeo (LSAP): Sozialpolitik, Gesondheet, Chancëgläichheet, spezifesch Besoinen;
  • André Bauler (DP): Enseignement, Famill, Kultur, Sport, Kannerbetreiungsstrukturen, Héichschoul;
  • Félix Braz (déi gréng): Staat, Institutiounen, Justiz, Reform vun der Fonction publique, Prozeduren, Dateschutz, Kultus;
  • François Bausch (déi gréng): nohalteg Entwécklung, Infrastruktur, Mobilitéit, Konsumenteschutz, Landwirtschaft;
  • Maggy Nagel (DP): Wunnengsbau, Gemengen, Groussregioun, Police, Rettungsdéngschter;
  • Jean Asselborn (LSAP): international Politik, Europa, Verteidegung, Entwécklungshëllef, Immigratioun.

8. November 2013: Éischte Bilan

A Präsenz vum Claude Meisch, vum Étienne Schneider a vum Félix Braz (déi gréng) huet de Formateur Xavier Bettel bei enger Pressekonferenz den 8. November en éischte Bilan iwwert d'Koalitiounsverhandlunge gezunn. "Mir hu wëlles, d'Staatsfinanzen erëm an d'Rei ze bréngen an d'Staatsfonge mat Suergfalt ze verwalten", huet de Xavier Bettel ugekënnegt. Am Sënn vun der Transparenz huet hien zwee Rapporten ausgedeelt: makroekonomesch Héichrechnunge mat enger Prognos fir d'Staatsfinanze bei onverännerter Politik fir den Zäitraum 2013-2016 sou wéi e "méintleche Rapport zum Thema Ausféierung vum Budget vun der Zentralverwaltung am Exercice 2013".

Den Étienne Schneider huet betount, datt bei onverännerter Politik d'Zukunft vun de Staatsfinanzen éischter düster ausfält:

Joer Strukturelle Solde
2013 1%
2014 0,4%
2015 -1,5%
2016 -2,2%

 

Sou géif d'Staatsschold (aktuell 11 Milliarden Euro) 2016 op 15 Milliarden Euro eropgoen, wat 29,2% vum Bruttoinlandprodukt (PIB) entsprieche géif.

Wéinst der Roll an dem Image vum Land als Finanzplaz wier eng Staatsverschëldung vun 30% vum PIB fir Lëtzebuerg ganz geféierlech a géif säin "AAA"-Ranking op de Finanzmarchéen a Gefor bréngen. D'Zil wier also, op kee Fall déi rout Linn vun 30% z'iwwerschreiden, wéi den Étienne Schneider, de Claude Meisch an de Félix Braz sou wéi de Formateur Xavier Bettel et ervirgehuewen hunn. Ganz am Géigendeel: Et geet drëms, an der kommender Legislaturperiod e Budgetsausgläich z'erreechen. Fir d'europäesch Ziler vun engem positive strukturelle Solde vun 0,5% anzehalen, misst d'Regierung, bei onverännerter Politik, an de Joren 2015 an 2016 eng respektiv 1,4 Milliarden Euro aspueren, wéi den Negociateur vun der LSAP erkläert huet.

An dësem Kontext huet de Claude Meisch ënnerstrach, et wier onbedéngt noutwenneg, en Equiliber tëschent den Ausgaben an de Recetten ze fannen, an eng Steiererhéijung wier dohier net ausgeschloss, och wann dës hei net den éischte Choix wier, fir d'Staatsfinanzen erëm an d'Rei ze bréngen. "Eis Wirtschaftsmoossname mussen aus ekonomescher Siicht zilgeriicht sinn, mä däerfen awer gläichzäiteg de Wuesstum op kee Fall hënneren. Ausserdeem musse mir eis bewosst ginn, wat dës fir d'Stéit an d'Entreprisë bedeiten", huet de Félix Braz bäigefüügt.

Bei der Pressekonferenz huet de Xavier Bettel och d'Thema Cargolux ugeschwat. Sou huet hie matgedeelt, dass hinnen zwar e Rapport virgeluecht gouf, mä vu datt d'Cargolux eng privat Entreprise ass, wier et net wënschenswäert, ëffentlech iwwert hir Strategie ze schwätzen.

14. November 2013: Aussepolitik, Aarbecht a Beschäftegung

No de Koalitiounsverhandlunge vum 11. a 14. November 2013 hunn de Formateur Xavier Bettel, de Claude Meisch, den Étienne Schneider an de Félix Braz de Bilan vun hiren Diskussioune betreffend Aussepolitik, Aarbecht a Beschäftegung gezunn.

Wat d'Aussepolitik betrëfft, huet de Xavier Bettel matgedeelt, datt kee Broch mat der aktueller Politik virgesi wier. Folgend Punkte goufen ugeschwat:

  • D'Besteierung vum Epargne, iwwert déi déi 28 Staatscheffe bei der nächster Sëtzung vum Europarot zu Bréissel am Dezember 2013 diskutéiere wäerten. "Mir kënne bei dësem Thema net weiderkommen, esou laang d'Verhandlunge mat der Schwäiz net ugefaangen hunn", huet de Xavier Bettel ënnerstrach.
  • Ambassaden: "D'Roll vun eisen Ambassaden ass net nëmmen, administrativ Aarbecht ze leeschten. Den ekonomesche Volet muss eng Prioritéit fir eis Ambassadë ginn", huet de Formateur erkläert.
  • De Schengen-Raum: De Xavier Bettel huet déi wichteg Roll vun den Errongenschafte vum Schengen-Raum ervirgehuewen.
  • Lëtzebuergesch Presidence vum Rot vun der Europäescher Unioun: De Formateur huet matgedeelt, datt fir d'lëtzebuergesch Presidence 2015 d'Organisatioun vun enger grousser Konferenz vun de Vertragsstaaten iwwert de Klimawandel virgesinn ass. Et wäert dann déi 12. lëtzebuergesch Presidence vum Rot vun der Europäescher Unioun sinn.
  • Lëtzebuergesch Entwécklungszesummenaarbecht: Laut dem Xavier Bettel ass keng Reduzéierung vun den aktuellen Efforten a Saache lëtzebuergesch Entwécklungszesummenaarbecht virgesinn: "D'Entwécklungszesummenaarbecht ass e wichtegen Aspekt vun eiser Aussepolitik."
  • Verteidegung: D'Noutwennegkeet, e Bilan vun der lëtzebuergescher Verteidegungspolitik ze zéien a verschidde Reformen duerchzeféieren, virun allem a Bezuch op d'Aarbechtsmaartpolitik, gouf ervirgehuewen.
  • Immigratioun: D'DP, d'LSAP an déi gréng hu vir, d'Gemengen nach méi mat anzebannen, ënner anerem de Syvicol, fir d'Responsabilitéiten opzedeelen.
  • Europa: Wat d'europäesch Themen ugeet huet de Xavier Bettel ugekënnegt, datt e méi staarkt Engagement vun der Chamber virgesinn ass.

Aarbecht a Beschäftegung

"D'Aarbecht an d'Beschäftegung zielen zu de gréissten Erausfuerderunge vun der nächster Regierung, virun allem a Bezuch op d'Jugend", huet de Xavier Bettel erkläert. An dësem Zesummenhang huet hien dorop higewisen, datt et wichteg wier, dëst an eng interministeriell Kompetenz ëmzewandelen. Ausserdeem wiere Reformen um Niveau vun der ADEM fälleg, well d'Agence momentan net dofir gëeegent wier, d'Chômageproblemer ze léisen. Fir eng proaktiv Politik zu Gonschte vun der Beschäftegung ëmzesetzen, wier eng Kooperatioun vun de verschiddenen Instanzen, Staatsorganer an Entreprisë virgesinn. Aner ugeschwaten Themen a Saachen Aarbecht a Beschäftegung wiere Mobbing, Loungläichheet, Laangzäitaarbechtslosegkeet, Faillitërecht, Employéë mat spezifesche Besoinen, asw. gewiescht.

19. November 2013: 2. Entrevue Juncker-Bettel

Den 19. November hu sech den amtéierende Premierminister Jean-Claude Juncker an de Formateur Xavier Bettel fir eng zweet Entrevue am Staatsministère getraff, fir sech op en Datum fir d'Passatioun vun de Pouvoiren ze eenegen.

25. November 2013: 3. Pressetermin

De 25. November hunn de Formateur Xavier Bettel, de Claude Meisch, den Étienne Schneider an de Félix Braz d'Fortschrëtter vun de Koalitiounsverhandlunge presentéiert, a virun allem vun de Reunioune vum 18., 23., 24. a 25. November.

Verschidden Theme stoungen um Ordre du jour. Wat d'Thema Landwirtschaft ugeet, huet de Xavier Bettel betount, datt et ganz wichteg ass, d'Liewensmëttelsécherheet weiderhin ze garantéieren. Eng Reform vun den Agrarsubventiounen ass virgesinn: an Zukunft muss d'Bewëllegung vu Finanzhëllefe mat konkrete Resultater verbonne sinn.

Ausserdeem ass Nationalfeierdag d'Organisatioun vun enger offizieller ziviller an net-reliéiser Zeremonie virgesinn. "Dat heescht net, datt den Te Deum ofgeschaaft gëtt. Dës Entscheedung gëtt de Reliounsgemeinschaften iwwerlooss", huet de Formateur präziséiert. Hien huet ausserdeem matgedeelt, datt d'Finanzéierung vum Kultus reforméiert misst ginn, sou datt "do, wou et keng gëtt", eng Finanzéierungs-"Brems" instauréiert gëtt.

Am Bezuch op d'Finanzplaz wëllen déi dräi Parteien eng "propper" lëtzebuergesch Finanzplaz fërderen, fir den negativen Image vu Finanzparadäis lass ze ginn, dee Lëtzebuerg am Ausland nach vill ze dacks ugehaange gëtt. D'Stéchwierder sinn heibäi "Stabilitéit, Seriö a Qualitéit". Betreffend d'Finanztransaktiounssteier géif déi zukünfteg Regierung déi selwecht Positioun adoptéiere wéi déi aktuell Regierung, huet de Xavier Bettel erkläert. An deem Sënn géif Lëtzebuerg sou eng Steier, wéi se momentan virgesinn ass, ofleenen.

Et ass effektiv och virgesinn, d'Diversifizéierung vun der lëtzebuergescher Wirtschaft weiderzeféieren an en eenheetlechen Image vu Lëtzebuerg ze fërderen. D'Faillitëgesetz géif och reforméiert ginn, huet de Formateur matgedeelt.

A folgende Beräicher sinn och Reforme virgesinn: Scheedung, Bestietnis, Staatsrot an Nationalitéitegesetz. Laut dem Xavier Bettel dierft d'lëtzebuergesch Sprooch keen Hindernis sinn, fir déi lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréien.

Wat d'Gesondheet ugeet, hunn d'Delegatiounen ervirgehuewen, datt de Gesetzprojet a bezuch op d'Patienterechter virrangeg ass. Si plange och en neit Gesetz iwwert d'Liewensmëttelsécherheet, d'Aféierung vun engem Status als Psychotherapeut an d'Grënnung vun engem Gesondheetsobservatoire.

De Formateur huet ausserdeem ugekënnegt, datt d'Schlussfolgerunge vun der SREL-Equêtekommissioun ëmgesat géife ginn, an datt den aktuelle Gesetzprojet iwwert de SREL iwwerschafft misst ginn.

"Wat d'Thema Energie ugeet, si mir géint Schifergas", huet de Xavier Bettel betount, éier hie bäigefüügt huet, datt d'Energiepolitik vun der nächster Regierung mat der Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg kompatibel misst sinn.

De Formateur huet d'Organisatioun vun engem Referendum zu verschiddenen Themen ugekënnegt, ënner anerem iwwert d'Wahlrecht fir Auslänner.

26. November 2013: De Grand-Duc empfänkt de Formateur Xavier Bettel fir eng Entrevue

De 26. November huet de Xavier Bettel de Grand-Duc getraff, fir him iwwert d'Fortschrëtter vun de Koalitiounsverhandlunge ze rapportéieren.

29. November 2013: De Xavier Bettel presentéiert d'Schlussfolgerunge vu sengem Optrag als Formateur

Nodeems de Xavier Bettel dem Grand-Duc während deene leschte Woche regelméisseg e Rapport iwwert de Fortschrëtt vun de Koalitiounsverhandlunge gemaach huet, gouf hien den 29. November vum Staatschef an Audienz empfaangen, fir him d'Resultater vu sengem Optrag als Formateur virzeleeën.

29. November 2013: Ënnerzeechnung vum Koalitiounsaccord

No 183 Verhandlungsstonnen huet de Formateur Xavier Bettel am Kader vun enger Pressekonferenz den 29. November Informatiounen iwwert de Stand vun der Regierungsformatioun matgedeelt. Zum Schluss vun der Pressekonferenz hunn de Xavier Bettel, de Claude Meisch (DP), den Étienne Schneider (LSAP) an de Félix Braz (déi gréng) de Koalitiounsaccord ënnerschriwwen..

D'Parteien, déi an de Verhandlunge fir d'Formatioun vun der neier Regierung involvéiert waren, hu sech op folgend Ressortsverdeelung gëeenegt:

  • Fir d'DP:
    • Premierminister
    • Staatsministère
    • Finanzen, Tresor a Budget
    • Famill an Integratioun
    • Educatioun a Beruffsausbildung
    • Kanner a Jugend
    • Héichschoul a Fuerschung
    • Kultur
    • Wunnengsbau
    • Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung
    • Konsumenteschutz
    • Kommunikatioun a Medien
    • Kultus
    • Groussregioun
    • Bezéiungen zum Parlament
  • Fir d'LSAP:
    • Vizepremierminister
    • Wirtschaft an Aussenhandel
    • Aussen- an Europaministère
    • Verteidegung
    • Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten
    • Mëttelstand an Tourismus
    • Immigratioun an Asyl
    • Ëffentlech Gewalt
    • Gesondheet
    • Sozial Sécherheet
    • Fonction publique
    • Inneministère
    • Verwaltungsreform a -vereinfachung
    • Aarbecht, Beschäftegung a Sozial- a Solidarwirtschaft
    • Chancëgläichheet
    • Sport
  • Fir déi gréng:
    • Justiz
    • Nohalteg Entwécklung an Infrastruktur
    • Landesplanung
    • Ëmwelt
    • Waasser
    • Mobilitéit
    • Ëffentlech Aarbechten

Duerno huet de Formateur Xavier Bettel Informatiounen iwwert déi lescht Plenièrë vum 26., 27., 28. an 29. November 2013 ginn. Dës Verhandlunge goungen ënner anerem iwwert de Volet Finanzen a Staatsbudget. "Mir hunn zwee grouss Ziler: Éischtens, um Enn vun der Legislaturperiod e strukturelle Solde vun 0,5% z'erreechen, an zweetens, ze vermeiden, datt d'Staatsschold 30% vum PIB erreecht", huet de Xavier Bettel deklaréiert. Sou huet hien ugekënnegt, datt deen nächste Staatsbudget, a besonnesch déi nofolgend, Kierzungen ausgesat wäert sinn.

"Mir denken och, datt d'Recettë ganz wichteg sinn, an datt déi nächst Regierung alles dru setze muss, fir méi Recetten ze generéieren", huet de Xavier Bettel betount. An dësem Zesummenhang huet hien erwäänt, datt de Wuesstum horizontal an deene verschiddene Ministèrë gefërdert gi soll.

Hei d'Stellungname vun deenen dräi Parteie a Bezuch op ënnerschiddlech Themen:

  • TVA: Am Fall vun enger eventueller TVA-Erhéijung ass d'Zil vun der lëtzebuergescher Regierung, den nidderegsten TVA-Taux an Europa bäizebehalen.
  • Transferten: "Mir wëllen d'Transferten analyséieren an eng sozial Selektivitéit aféieren", huet de Xavier Bettel erkläert.
  • Steieren: Et ass eng grouss Steierreform virgesinn, wéi och eng sozial Gerechtegkeet bei der Steiertabell. Ausserdeem mussen d'Abattementen analyséiert ginn an d'Aarbecht sou wéi d'Ëmwelt musse Kritären an der Steierpolitik ginn.
  • Finanzplaz: Opgrond vun den Neiegkeete vum Statec iwwert de Verloscht vun 2.000 Poste bis den 1. Januar 2015 – wéinst der Aféierung vum automateschen Informatiounsaustausch – huet de Xavier Bettel ënnerstrach, wéi wichteg e Wirtschaftsopschwong wier, fir nei Aarbechtsplazen ze schafen. En plus missten d'Tätegkeetsfelder vun der Finanzplaz erweidert ginn. "Luxembourg for Business" a "Luxembourg for Finance" ginn zesummegefaasst. "Zu Lëtzebuerg muss en eenheetlechen Image vu Lëtzebuerg gefërdert ginn", huet de Formateur matgedeelt.
  • Famill: Laut den dräi Parteien ass et wichteg, déi tatsächlech Auswierkunge vun den am Kader vun der Familljepolitik investéierte Suen z'analyséieren.
  • Spezifesch Besoinen: D'Ëmsetzung vun der Konventioun vun de Vereenten Natiounen ass ganz wichteg. Ausserdeem mussen d'Accessibilitéit an d'Integratioun vun de Jugendleche gefërdert ginn.
  • Senioren: Et ass wichteg, den eelere Leit z'erméiglechen, sou laang wéi méiglech doheem ze wunnen an den Iwwergang vum Beruffsliewen an d'Pensioun besser z'organiséieren. Generatiounsiwwergräifend Programmer gi gefërdert, an den Aktiounsplang "Demenz" muss ausgeschafft ginn.
  • Familljeleeschtungen: Et muss e Bilan iwwert all d'Finanzhëllefe gezu ginn.
  • RMG: Den RMG däerf kee Selbstzweck sinn, mä muss zu enger Integratioun um Aarbechtsmaart bäidroen.
  • Chancëgläichheet: "Déi nächst Regierung muss eng besser Representativitéit vu Männer a Fraen op féierende Positioune garantéieren", huet de Formateur erkläert.
  • Kultur: Eng richteg Strategie an e Kulturentwécklungsplang sinn noutwenneg. Et muss eng Analys vun de Stäerkten an de Schwächte vun der lëtzebuergescher Kulturzeen duerchgefouert ginn. An dësem Sënn ass d'Organisatioun vu Sëtzunge mat de verschiddenen Acteuren aus dem Kulturberäich virgesinn. Ausserdeem gëtt de Kulturpakt vun 2008 weider ëmgesat an et muss zu engem Rapprochement tëschent Kulturberäich a Schoule kommen. Effektiv mussen de Status vun de Kënschtler an den Employéen aus dem Kulturberäich iwwerschafft an all d'Verträg kontrolléiert ginn.
  • Sport: De Sportsministère spillt eng grouss Roll an de Beräicher Gesondheet, Integratioun a sozial Kohäsioun.
  • Educatioun: De Xavier Bettel huet déi wichteg Roll vun enger Kohärenz am Beräich vun der Educatioun vun der fréier Kandheet bis zum Héichschoulstudium ervirgehuewen. Ausserdeem muss d'Qualitéit vun der Kannerbetreiung verbessert ginn. All Schoul wäert e President hunn, dee vum Educatiounsminister ernannt gëtt. Seng Roll wäert ënner anerem dora bestoen, administrativ Aufgaben a senger Schoul auszeféieren. Et ass och eng Reform vun der Beruffsausbildung virgesinn an d'Léierbicher an d'didaktescht Material mussen ugepasst ginn. D'Autonomie vun de Schoule wäert gestäerkt an d'Weiderbildung vun den Enseignanten nei definéiert ginn. "D'lëtzebuergesch Sprooch ass e wichtege Facteur an de Schoulen. Mir sinn der Meenung, datt se keen Ausschlosskritär an de Schoulen duerstelle soll, an datt se schonn ab dem Precoce méi Relevanz brauch. Mir bidden och eng Alphabetiséierung op Franséisch oder op béid Sproochen. Et ass och wichteg, d'Elteren an de Schoulcursus vun hirem Kand mat anzebannen. Wéi scho gesot wäerte mir och e Fach zum Thema Wäerter aféieren. Allerdéngs wäert keen Enseignant entlooss ginn a mir wäerten natierlech op eng professionell Neiorientéierung oppassen", huet de Formateur erkläert.

3. Dezember 2013: Accord vun den 3 Parteien

Den 3. Dezember goufen de Koalitiounsaccord an d'Verdeelung vun de Ministerressorten duerch d'Organer vun der DP, der LSAP an déi gréng approuvéiert.

 

© SIP / Nicolas Bouvy, all Rechter virbehalen

Vereedegung vun der neier Regierung (4. Dezember 2013)

De 4. Dezember huet de Grand-Duc de Premierminister, de Vizepremierminister an déi designéiert Ministeren a Staatssekretären am Palais vereedegt.

Presentatioun vum Regierungsprogramm (10. Dezember 2013)

Den 10. Dezember gouf de Regierungsprogramm an der Chamber presentéiert.

D'Regierung 2013 setzt sech zesummen aus:

  • engem Regierungschef, deen den Titel vu Premierminister dréit;
  • engem Vizepremierminister an 13 Membere mam Titel vu Minister;
  • 3 Membere mam Titel vu Staatssekretär.

Aktualitéiten op gouvernement.lu (op Franséisch)

Dokumenter (op Franséisch)

Aktualiséiert