Staatsvisite: Allgemenges

Aleedung

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen, all Rechter virbehalen

 

De lëtzebuergesche Protokoll gesäit dräi Forme vu Visitte vir: Staatsvisitten, offiziell Visitten an Aarbechtsvisitten. D’Staatsvisite, déi héchste Form vu Visite, ass fir Staatscheffe reservéiert. Si erfollegt ëmmer no enger formeller Invitatioun vun Senger Kinneklecher Altess dem Groussherzog un en anere Staatschef, respektiv vun engem Staatschef un de Groussherzog.

Staatscheffe kënnen awer och fir eng einfach Aarbechtsvisite oder fir eng offiziell Visite op Lëtzebuerg kommen, genee wéi de Groussherzog och fir eng offiziell Visite an d’Ausland ka reesen. 

Oflaf

De Programm, de Protokoll an d'praktesch Modalitéite vun de Visitten hänke vum Format vun der Visite a vum Rang vum Visiteur of.

D'Staatsvisitten zu Lëtzebuerg fänke gewéinlech um Fluchhafe vu Lëtzebuerg un an halen och do op, wou de Staatschef vu Regierungsvertrieder begréisst gëtt.

Dat éischt offiziellt Evenement spillt sech baussent dem groussherzogleche Palais of, wou de Staatschef vun Senger Kinneklecher Altess dem Groussherzog empfaange gëtt.

No dëser Wëllkommenszeremonie baussent dem groussherzogleche Palais kënnt et gewéinlech zum Austausch vu Geschenker am Palais, souwéi zu engem private Mëttegiessen, dat vun Hire Kinneklechen Altessen organiséiert gëtt (wann de Gaascht moies kënnt).

Eng Zeremonie fir d'Nidderleeë vu Kränz, Audienze mam President vun der Chamber, mam Premierminister a mam Ausseminister, souwéi eng Feier am Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg sinn normalerweis de selwechten Dag geplangt.

E Staatsbanquet gëtt den éischten Owend am groussherzogleche Palais gebueden.

De Programm vum nächsten Dag/vun den nächsten Deeg gëtt gemeinsam mat de Mataarbechter vum Gaascht deen op Besuch kënnt ofgemaach.

Den zweeten Owend proposéiert de Gaascht normalerweis en Evenement, wéi e Concert, eng Ausstellung oder eng Receptioun.

De leschten Dag (dacks den drëtten Dag vun der Visite), gëtt eng Zeremonie fir den Départ vum Gaascht organiséiert. Gewéinlech fënnt dës Zeremonie virum groussherzogleche Palais statt, ier de Staatschef deen op Besuch ass op de Fluchhafe fiert.

D'Staatsvisitten, zu Lëtzebuerg wéi am Ausland, ginn normalerweis op d'mannst sechs Méint am Viraus geplangt.

Historik vun de Staatsvisite

Offiziell Visitten

Offiziell Visitte fänken normalerweis mat engem offiziellen Empfang op der Clairefontaine-Plaz un.

Jee nom Rang vum Visiteur kann de Programm eng Audienz mat Senger Kinneklecher Altess dem Groussherzog zielen, souwéi Treffe mam President vun der Chamber, mam Premierminister a mam Ausseminister, souwéi en offiziellt Mëttegiessen, dat vun der Regierung offréiert gëtt. 

Aktualiséiert