Entwécklungshëllef: Regierungspolitik an Haaptmoossnamen

Aleedung

© Thinkstock / Fotostudio Franz Pfluegl, all Rechter virbehalen

 

Zanter 1980 ass d'Entwécklungshëllefspolitik ee vun de Piliere vun der Aussepolitik vu Lëtzebuerg. De Grand-Duché, am Aklang mam Engagement, deen am Regierungsprogramm fir den Zäitraum 2013-18 festgehale gouf, investéiert 1% vum Bruttonationalakommes (BNA) an d’Entwécklungshëllef. Esou zielt d’Land zu deene fënnef éiergäizegsten entwéckelte Wirtschaften an dësem Beräich. Mam Schwéierpunkt op geziilt Partnerschaften, baséiert sech d’Lëtzebuerger Kooperatioun op Grondprinzipie wéi d’Zouverlässegkeet, den Engagement an d’Kompetenz. Si stellt sech an den Déngscht vum Kampf géint d’Aarmut, virun allem an deenen am mannsten entwéckelte Länner, a steet am Geescht vun der nohalteger Entwécklung.

Am Hibléck op Effikassitéit an Impakt féiert d’Kooperatioun eng gezilt Interventiounspolitik an enger begrenzter Unzuel vu Partnerlänner.

D’geografesch Choixe vun der Lëtzebuerger Kooperatioun gi gemaach op Basis vum Index vun der mënschlecher Entwécklung vum Programm vun de Vereenten Natiounen fir d’Entwécklung, esou wéi ënner Berücksichtegung vun enger regionaler Approche an och vun Krisesituatiounen. Esou realiséiert Lëtzebuerg méijoreg Kooperatiounsprogammer, déi sougenannt "Programmes indicatifs de Coopération" (PIC), an dat mat siwe "Partnerlänner", vun deene fënnef a Westafrika leien, an ënnerstëtzt och Projeten a siwen anere Länner, déi sougenannt "Projektlänner".

Prioritär Interventiounsberäicher vun der Kooperatioun sinn d’Educatioun, an domat d’berufflech Ausbildung an Insertioun, d’Gesondheet an d’lokal Entwécklung abegraff; wougéint transversal Theme wéi Gender, d’Ëmwelt, de Klimawandel a Gouvernance sinn.

Um Terrain

D’Ëmsetzung vun der Kooperatiounspolitik um Terrain mécht sech duerch bilateral Kanäl, haaptsächlech d’Agence Lux-Developement, a multilateral Kanäl, duerch Agencë vun de Vereenten Natiounen oder vun der Europäescher Unioun.

D’Ëmsetze vun der Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik mécht sech och engersäits duerch d’Zivilgesellschaft, wou bal honnert unerkannte lëtzebuergesch ONGe fir d'Entwécklung vun enger direkter Kofinanzéierung profitéieren, anerersäits duerch de private Secteur, mat deem ëffentlech-privat Partnerschaften opgestallt ginn. Ausserdem ënnerstëtzt Lëtzebuerg ONGen an Institutiounen, déi sech am Beräich vun der Mikrofinanz asetzen.

D'humanitär Aktioun

Déi Lëtzebuergesch ëffentlech Entwécklungshëllef ëmfaasst och e Volet humanitär Aktioun, deen am Aklang mat internationalen humanitäre Prinzipien a mam internationalen humanitäre Recht ass. Duerch d’humanitär Aktioun ass et méiglech, am Fall vu grousse Krisen an an Noutfall-Situatiounen ze réagéieren, wéi op humanitär Katastrofen, Naturkatastrofen oder Gewaltkonflikter. Se ëmfaasst och een Deel Preventioun vun humanitäre Katastrofen an en Deel Transitioun, tëschent deen Ament wou d’humanitär Katastrof geschitt, dem Opbau an der Reprise vun den Entwécklungsaktivitéiten.

Aktualiséiert