Den Déiereschutz zu Lëtzebuerg

Aleedung

©Janie Airey

 

D'Chamber huet de 6. Juni 2018 dat neit Déiereschutzgesetz unanime gestëmmt. Dat aalt Gesetz vum 15. Mäerz 1983 war an enger Gesellschaft, déi sech am stännege Wandel befënnt an an där sech d'Astellunge vun de Mënschen den Déiere géigeniwwer konsequent verännert hunn, net méi relevant. Charakteristesch fir dëst neit Gesetz ass seng grondleeënd nei Approche, déi op d'rechtlech Unerkennung vun der Würd vum Déier baséiert, déi vun deene respektéiert muss ginn, déi sech ëm se këmmeren.

Hannergrond

D'Bezéiung tëschent Mënsch an Déier huet sech an deene leschten 100 Joer däitlech verännert. Haut huet d'Hausdéier e ganz anere Stellewäert an eiser Gesellschaft. Déiere goufen deemools éischter als Mëttel zum Zweck gehalen, sief et fir d'Hierstellung vu Liewensmëttel, fir déi eegen Ernärung garantéieren ze kënnen oder fir sech viru Geforen ze schützen. Vill méi spéit hunn d'Déieren eréischt och d'Roll vun engem Gefährten iwwerholl a spenden hirem Besëtzer Trouscht a moralesch Ënnerstëtzung. D'Déier gëtt net méi wéi e Géigestand betruecht, mä wéi e Partner.

Würd, Sécherheet a Wuelbefannen

Bei der Ausschaffung vum neie Gesetzestext gouf versicht, dëser Entwécklung gerecht ze ginn. E ganz wichtege Schrëtt ass, dass d'Déier elo net méi wéi eng Saach, mä wéi e Liewewiesen ugesi gëtt. D'Zil vum neie Gesetz ass net nëmmen, d'Déiere besser ze schützen, mä och hir Würd, hir Sécherheet an hir Wuelbefannen ze garantéieren. De Respekt vun der Würd vum Déier ass also e ganz neien Aspekt an dësem Gesetzesprojet. Ausserdeem gëtt dem Déier och eng Empfëndsamkeet zougesprach. Et ass elo wëssenschaftlech unerkannt, dass Déiere Gefiller wéi Péng empfanne kënnen.

Am neie Gesetzestext sinn och Stellungname vu verschiddenen Déiereschutzorganisatioune mat agefloss. Och d'Veterinärverwaltung huet e groussen Deel zum neien Text bäigedroen, well hir Inspekteren dagdeeglech mat Verstéiss géint d'Wuel vun den Déiere konfrontéiert sinn.

Et kann een also soen, dass dat neit Gesetz den Déieren nei Rechter zougesteet, déi zu hire Gonschte revendiquéiert kënne ginn.

Sanktiounen

En zweete wichtege Punkt vum neie Gesetz sinn d'Sanktiounen, bei deenen et am viregte Gesetz grouss Defiziter gouf. l'introduction de sanctions, qui faisaient défaut à la loi précédente. Doduerch hat ënner anerem d'Police net genuch Mëttelen, fir en Delikt feststellen ze kënnen, an d'Geriicht hat net déi néideg gesetzlech Basis, fir Delikter bestrofen ze kënnen. Dat wäert mat deem neie Gesetz anescht sinn. Et gi méi streng Strofen agefouert. Virun allem sinn awer déi eenzel Delikter a Verstéiss och vill méi präzis beschriwwen, wat et dem Geriicht vereinfacht, d'Gravitéit vun der Strofdot festzeleeën an deementspriechend Sanktiounen ze ginn.

Ausserdeem kann e Veterinärinspekter elo bei klenge Verstéiss géint d'Déiereschutzgesetz direkt e Protokoll schreiwen, ähnlech wéi bei Verstéiss géint de Code de la route. Dës Avertissements taxés ginn an enger neier groussherzoglecher Direktiv festgehalen. Et ass also eng méi séier Handhabung fir den Inspekter méiglech.

Deemno ginn niewent der strofrechtlecher Komponent och administrativ Strofen an Direktmoossnamen agefouert. Dës administrativ Moossnamen erméiglechen zum Beispill, dass engem Betrib an Zukunft kann d'Autorisatioun ewechgeholl ginn oder dass e souguer zougemaach ka ginn.

Weidervermëttlung vu beschlagnahmten Déieren

Eng drëtt wesentlech Verbesserung ass déi méi séier Weidervermëttlung vu beschlagnahmten Déieren. un replacement plus rapide des animaux saisis. Bis elo hunn dës Déieren esou laang missen an en Déierenasyl oder bei Volontairë vun Déiereschutzorganisatiounen ënner bruecht ginn, bis d'Déierequälerei viru Geriicht koum. Dëst konnt scho mol e Joer oder méi laang daueren, wat dozou gefouert huet, dass d'Déierenheemer komplett iwwerfëllt waren. Dëse Prozess soll elo beschleunegt ginn. Wann et sech ëm en Noutfall handelt, kann den Untersuchungsriichter, falls de Besëtzer näischt dogéint anzewenden huet, an engem Delai vu 14 Deeg decidéieren, d'Déier ze verkafen.

Verbuet, Déieren aus ekonomesche Grënn dout ze maachen

E véierten neien Aspekt ass d'Verbuet, Déieren aus ekonomesche Grënn dout ze maachen, wéi zum Beispill d'Schreddere vu männleche Jippelcher oder d'Eliminéiere vu männleche Kaalwer an der Mëllechproduktioun. Lëtzebuerg wier heimat dat éischt Land, dat sou e Verbuet aféiert.

Positivlëschten

E fënneften neie Punkt ass d'Aféierung vu sougenannte Positivlëschten. Dat heescht, dass nëmmen déi Déieren zu Lëtzebuerg gehalen däerfe ginn, déi op dëser Lëscht stinn. Falls een en Déier besëtzt oder wëll hunn, dat net op der Lëscht steet, muss een eng Demande un de Minister maachen.

Eng ähnlech Positivlëscht gëtt et och am Zesummenhang mat Zirkusdéieren. Sougenannt wëll Déiere sinn an Zukunft zu Lëtzebuerg verbueden.

Hale vu Véi

Wat d'Hale vu Véi ugeet, ännert sech duerch dat neit Gesetz näischt Wiesentleches fir d'Baueren. Déi meescht gesetzlech Virschrëften a Bezuch op Véi si schonn op gemeinschaftlechem Niveau festgehalen, wéi zum Beispill d'Gréisst vum Stall, etc. sont déjà fixées au niveau communautaire. Natierlech muss awer och beim Véi d'Würd, d'Sécherheet an d'Wuelbefanne garantéiert sinn.

Aktualitéiten op gouvernement.lu (Franséisch)

Aktualiséiert