Aktualiséiert den
D'Regierung engagéiert sech fir digital Accessibilitéit
Hannergrond
Ëffentlech Websäiten an Appe solle fir all Mënsch gläichermoossen zougänglech sinn, besonnesch fir Mënsche mat Behënnerungen.
An deem Sënn, huet Lëtzebuerg den 13. Dezember 2006 d'Konventioun vun de Vereenten Natiounen iwwer d'Rechter vu Mënsche mat Behënnerunge ratifizéiert. Eent vun den Ziler vun dëser Konventioun ass et, Mënsche mat Behënnerungen den Zougang zu Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien ze erliichteren – besonnesch zu accessibele Websäiten an Appen. D'Web Accessibility Initiative definéiert d'Accessibilitéit vum Web follgendermoossen:
“Digital Accessibilitéit bedeit, datt Mënsche mat Behënnerungen de Web benotze kënnen. Si sollen d'Méiglechkeet hunn Inhalter wouerzehuelen an ze verstoen, sech op Websäiten ze orientéieren, am Web ze interagéieren an och selwer Inhalter bäizedroen. Vun engem accessibele Web profitéieren och aner Persounen, zum Beispill eeler Mënschen, deenen hir Fäegkeeten sech mam Alter veränneren. Dobäi ginn ënnerschiddlech Forme vu Behënnerunge berécksiichtegt, dorënner visuell, auditiv, kierperlech, sproochlech, kognitiv an neurologesch Aschränkungen.”
Digital Accessibilitéit erliichtert den Zougang zu ëffentleche Servicer a kann esou zu enger besserer Liewensqualitéit fir jidderee bäidroen. Si ass dofir eng Prioritéit vun der Regierung. Den Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP) begleet d'Ëmsetzung vun der digitaler Accessibilitéit.
Missioune vum SIP
De SIP kontrolléiert reegelméisseg d'Accessibilitéit vun de Websäiten an de mobillen Appe vun ëffentlechen Administratiounen. D'Resultater vun dëse Kontrolle ginn der Europäescher Kommissioun a Form vu Berichter virgeluecht. De SIP ass iwwerdeems déi zoustänneg Ulafstell fir Reklamatiounen iwwer d'digital Accessibilitéit vu Websäiten oder mobillen Appen, a schafft dobäi mat de betraffenen ëffentlechen Organismen zesummen (kuckt d'Rubrik „Reklamatiounen“).
Zu de Missioune vum SIP gehéiert och d'Informatioun, d'Sensibiliséierung an d'Formatioun vun den Entitéiten aus dem ëffentleche Secteur zum Thema digital Accessibilitéit. An deem Kader bitt de SIP en Observatoire fir digital Accessibilitéit un a publizéiert reegelméisseg Interviewen an thematesch Artikelen um Portal vun der digitaler Accessibilitéit, fir d'Thema engem breede Public méi no ze bréngen. Am Katalog vum INAP ginn ausserdeem zwou Formatiounen zu dësem Thema proposéiert: eng Aféierung an d'digital Accessibilitéit an eng Formatioun iwwer d'accessibel Gestaltung vun Office-Dokumenter.
Reklamatiounen
Wann Dir op enger Websäit oder an enger mobiller App vun enger lëtzebuergescher ëffentlecher Entitéit e Problem mat der Accessibilitéit feststellt, kënnt Dir eis dat iwwer dëse Reklamatiounsformulaire matdeelen. Dir kritt bannent maximal engem Mount eng Äntwert per E-Mail. D'Kontaktdonnéeë fannt Dir an der „Accessibilitéitserklärung“ op der entspriechender Websäit. Alternativ kënnt Dir Iech un den Ombudsman wenden, deen zu Lëtzebuerg als onofhängeg Ulafstell fir Reklamatioune géintiwwer ëffentlechen Entitéite fungéiert.
Juristesche Kader a Standarden
Op europäeschem Niveau sinn d'Bestëmmunge fir d'Accessibilitéit vu Websäiten a mobillen Appe vun Organismen aus dem ëffentleche Secteur an der Direktiv (EU) 2016/2102 festgeluecht. Zu Lëtzebuerg gouf dës Direktiv duerch d'Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwer d'Accessibilitéit vu Websäiten a mobillen Appe vun Organismen aus dem ëffentleche Secteur an nationaalt Recht ëmgesat. Souwuel dat lëtzebuergescht Gesetz wéi och déi europäesch Direktiv baséieren op der europäescher Norm EN 301 549 „Accessibility requirements for ICT products and services“, déi harmoniséiert technesch Ufuerderunge fir d'Accessibilitéit op europäeschem Niveau festleet. Fir Websäiten iwwerhëlt dës europäesch Norm d'Recommandatioune vum WCAG 2.2-Standard vum W3C.
Kontakt
Bei Froen zu dësem Gesetz oder zu den doraus resultéierenden Ufuerderunge fir d'Accessibilitéit kënnt Dir eis op dëser Adress kontaktéieren: accessibilite@sip.etat.lu