

Firwat ass GouvCheck gutt?
Mat GouvCheck kann ee gratis an an Echtzäit mat engem am Dokument integréierte QR-Code iwwerpréiwen, ob en offiziellt Dokument, dat zu Lëtzebuerg ausgestallt gouf, echt ass.
Wéi benotzt een d'GouvCheck-App?
Jiddweree kann iwwerpréiwen, ob en offiziellt Dokument mat engem -QR-Code echt ass.
En offiziellt Dokument ze iwwerpréiwen ass einfach:
- Mat mengem Smartphone oder mat mengem Tablet lueden ech d'App am Google Play Store oder am Apple App Store erof.
- Ech maachen d'App op mengem Smartphone oder op mengem Tablet op.
- Ech scannen de QR-Code vum Dokument, vun deem ech wëll wëssen, ob et echt ass.
- D'App weist mer un, ob de QR-Code valid ass an ech iwwerpréiwen, ob d'Donnéeën, déi um Dokument stinn, déiselwecht sinn ewéi déi, déi an der App gewise ginn.
Et kann also net gefuddelt ginn, andeems een e falsche QR-Code um Dokument benotzt.
Opgepasst: GouvCheck erlaabt et ze iwwerpréiwen, ob en Dokument echt ass, mee kann d'Dokument selwer net ersetzen.
Fir wien ass d'App geduecht?
D'App ka vu jiddwerengem benotzt ginn, dee wëllt iwwerpréiwen, ob en offiziellt Dokument, dat vun enger Administratioun ausgestallt gouf, echt ass. Se ass gratis.
Wat fir eng Dokumenter si betraff?
Op all Dokument, dat mat der App kann iwwerpréift ginn, ass e QR-Code, dee mam -Logo gekennzeechent ass:
- Aschreiwungscertificat vun der Referenzadress
- Aschreiwungscertificat op d'Wielerlëscht
- Attestation d'enregistrement d'exploitant d'UAS
- Baugeneemegung
- Bezuelbeleeg – Carte d'identité
- Bezuelbeleeg – Pass
- Certificat de vie
- Certificat de résidence
- Certificat du contrat d'accueil et d'intégration
- Erweiderte Certificat de résidence
- Extrait vum Casier judiciaire
- Fëscherpermis
- Joresjuegdschäin
- Ministeriell Geneemegung fir en aussergewéinlechen Transport
- Permission de voirie
Wat fir eng Virdeeler huet GouvCheck?
Echtheet | Integritéit | Iwwerpréiwen an Echtzäit |
---|---|---|
D'Dokument gouf vun enger offizieller Instanz ausgestallt. Et huet eng gesetzlech Valeur. | D'Informatiounen, déi um Dokument stinn, goufen net geännert. | D'Dokument ka jidderzäit iwwerpréift ginn, ouni datt dofir eng Internetverbindung néideg wier. |
Wat ass e QR-Code?
E QR-Code erlaabt et, encodéiert Informatiounen duerzestellen, fir datt se kënne vun elektroneschen Apparaten ewéi Smartphonen an Tablette gelies a vun enger App ausgewäert ginn.
Fir e GouvCheck-QR-Code, deen duerch de Logo einfach ze erkennen ass, kënnen auszewäerten, brauch een :
- e Smartphone oder en Tablet mat integréiertem Fotoapparat; an
- d'GouvCheck-App, déi een sech op den Google Play Store an den Apple App Store ka siche goen.