D‘Open Data-Strategie vun der Regierung

Aleedung

© data.public.lu, all Rechter virbehalen

 

Den ëffentleche Secteur erfaasst a besëtzt eng grouss Unzuel vun Daten, déi d'Bierger an d'Entreprisen interesséiere kéinten, mee déi awer seele verëffentlecht ginn. De fräien Zougang zu dësen Date stellt e wesentleche Prinzip vun der Demokratie duer an ass e liewenswichtegt Element fir eng transparent an offe Politik. Doduerch dass dës Daten op hirer ursprénglecher Plaz agespaart bleiwen, sinn dës verstoppt a ginn deemno net vollstänneg genotzt. Der Regierung hir Open Data-Strategie, déi am Kader vun der Initiativ Digital Luxembourg ëmgesat gëtt, behandelt genee dëse Problem.

D'Open Data-Strategie gesäit d'Ëffnung vun engem universalen Zougang zu den ëffentlechen Daten an d'Méiglechkeet fir Eenzelpersounen, Entreprisen a Medie vir, dës Date fir all Zwecker, och gewerblecher, weiderzebenotzen, ze kombinéieren oder ze deelen. Eng offen Datepolitik erhéicht net nëmmen d'Transparenz vun de Moossname vum ëffentleche Secteur, mä fuerdert och d'Acteuren dozou op, hir Ressourcë méi sënnvoll anzesetzen. D'Regierung an hir Administratiounen, d'Entreprisen, d'Medien an d'Eenzelpersoune kënnen déi ëffentlech Date benotzen, fir eng sozial, wirtschaftlech oder ekologesch Plus- value ze schafen an ëffentlech Leeschtunge wéi d'Educatioun, den Transport, d'ëffentlech Sécherheet oder d'Gesondheet z'optimiséieren.

Legale Kader

Am Kader vun hire gesetzlechen Aufgaben erfaassen, verwalten a benotzen d'Acteure vum lëtzebuergeschen ëffentleche Secteur stänneg Daten, Informatiounen an Dokumenter. Der Regierung hir Open Data-Strategie gesäit vir, dass all dës Daten, mat Ausnahm vun deenen, där hir Verëffentlechung gesetzlech verbueden ass, der Ëffentlechkeet standardméisseg zougänglech gemaach ginn (open by default). Dovun ausgeschloss sinn ënner anerem duerch d'intellektuell Proprietéit geschützten Daten, Date déi d'national Sécherheet betreffen oder perséinlech Daten.

An der Europäescher Unioun baséieren déi gesetzlech Kadervirschrëfte fir d'Open Data-Beweegung op der Direktiv 2003/98/EG an op der  Direktiv 2013/37/EU iwwert d'Weiderbenotzung vun Informatioune vum ëffentleche Secteur. Zu Lëtzebuerg ginn dës Richtlinnen duerch dat  geännert Gesetz vum 4. Dezember 2007 iwwert d'Weiderbenotzung vun Informatioune vum ëffentleche Secteur ëmgesat.

Sensibiliséierung

Den Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (SIP) ass fir d'Koordinatioun vun der nationaler Open Data-Strategie zoustänneg. D'Strategie ëmfaasst eng Sensibiliséierung vun den Acteure vum ëffentleche Secteur sou wéi d'Ënnerstëtzung bei der Verëffentlechung vun hiren Daten. Ausserdeem strieft se eng besser Informatioun vun der Ëffentlechkeet iwwert den Open Data-Prinzip an d'Fërderung vun der Weiderbenotzung vun Daten duerch d'Bierger an d'Entreprisen un. Regelméisseg ginn Evenementer ronderëm déi verschidden Datenthemen organiséiert an adequat Kommunikatiounsplattforme genotzt, fir de Kontakt an den Austausch tëschent all de bedeelegte Parteien ze fërderen.

Dat nationaalt Open Data-Portal

Fir den Zougang zu den ëffentlechen Daten ze vereinfachen, huet d'lëtzebuergesch Regierung ee fir d'Bierger an d'Entreprisen zougänglecht offiziellt Portal mam Numm data.public.lu ageriicht, fir dës Daten ze zentraliséieren an hir Weiderbenotzungen virzestellen. Dëst Portal riicht sech net nëmmen un ëffentlech oder privat Dateproduzenten, déi hir Date verëffentleche wëllen, mä och u Weiderbenotzer, déi hir Wierker do deele kënnen, sou wéi un all d'Bierger, Associatiounen oder Entreprisë mat Interessi un der Entdeckung a Benotzung vun Daten an den doraus ervirgoende Weiderbenotzungsméiglechkeeten, egal ob et sech dobäi ëm Artikelen, Studien, Analysen oder Applikatiounen aller Aart handelt.

D'Portal data.public.lu verfüügt iwwert Date vu ganz ënnerschiddlecher Natur:

  • geografesch Daten: Adresspunktdaten, Loftbiller, Kadasterpläng an topografesch Kaarten;
  • ekologesch Daten: Meteorologie, Waasserqualitéit, Energieverbrauch, Emissiounswäerter; Stroossendaten: Horairë vun ëffentlechen Transportmëttelen (all d'Verkéiersmëttel) op nationalem a regionalem Niveau, Stroossenaarbechten, Verkéiersinformatiounen;
  • statistesch Daten: national statistesch Date mat wichtegen demografeschen a wirtschaftlechen Indicateuren (Bruttoinlandprodukt, Alter, Gesondheet, Aarbechtslosegkeet, Revenu, Formatioun asw.); Gesondheetsdaten: Influenzaiwwerwaachung, Pollevirausso, morphologescht Tumorregëster a Rapporten iwwert d'Waasserqualitéit.

Dës um Portal data.public.lu verëffentlecht ëffentlech Date vu Lëtzebuerg gi vum Europäeschen Dateportal iwwerholl, wat d'Siichtbarkeet an d'Zougänglechkeet vun de lëtzebuergeschen Daten erhéicht.

Lizenzen

Et geet net duer, dass d'Date fir jiddwereen einfach zougänglech sinn, fir vun offenen Date schwätzen ze kënnen. Den Zougang, d'Benotzung, d'Weiderbenotzung an d'Deele vun Date mussen ausdrécklech per Lizenz erlaabt sinn. Lizenze sinn deementspriechend eng entscheedend Komponent fir den Open Data.

D'Lizenze weisen d'Benotzer kloer an däitlech dorop hin, a wéi engem Mooss si d'Date benotzen, ëmwandelen an deelen däerfen. Fir all Onkloerheet a Bezuch op d'Benotzungsrecht ze vermeiden, muss bei all Datesaz déi respektiv Lizenz opgeféiert ginn.

Der Regierung hir Open Data-Strategie schléit d'Benotzung vu Creative Commons-Lizenze vir a fërdert virun allem d'Verbreedung vun Daten ënner Benotzung vun der offener Lizenz Creative Commons Zero (CC0 – public domain). Duerch d'Zeréckgräifen op dës offe Lizenz verzichten d'Produzenten op hiren Droit d'Auteur, fir alle physeschen oder juristesche Persounen et z'erméiglechen, d'Date fir all d'Zwecker, souguer fir gewerblech Zwecker, ouni zwéngend Quellenangab ze benotzen, weiderzebenotzen, ze kombinéieren oder ze deelen.

Legislatioun

Aktualiséiert