Aktualiséiert den
Kulturentwécklungsplang 2018-2028 Den éischten nationale Kulturentwécklungsplang
Aleedung
Den éischten nationale Kulturentwécklungsplang (KEP) déngt dozou, d'Meenungsfräiheet an déi noutwenneg kreativ Fräiraim ze garantéieren, fir dass d'Konscht, d'Kultur an d'Acteure weiderhin d'Qualitéit vun eisem Liewe verbessere kënnen.
Seng Entwécklung huet am Januar 2016 an engem gemeinsame Prozess an an Zesummenaarbecht mat méi Gruppe vun Acteuren ugefaangen: Vetrieder vun der Konscht- a Kulturzeen, vun de Kulturinstitutiounen, Stëftungen, Veräiner an ëffentlech Ariichtungen esou ewéi vill Mataarbechter a Beamten aus de Kulturservicer vum Kulturministère, de Stied an de Gemengen aus dem Land. No zwee Joer Iwwerleeungen, Diskussiounen, Debaten, Dialogen, Diagnosen a Consultatiounen ass de Plang konkretiséiert ginn.
Méi konkret gesot a fir säin Zil z'erreechen, berout de Kulturentwécklungsplang op enger Analyse vum scho bestoende kulturelle Kader an d'Verständnis fir dem seng Entwécklung. Zu dësem Zweck gëtt dee Kader kritesch observéiert a seng Stäerkten a Schwächten identifizéiert. Dës Recherche déngt dozou nei Perspektiven, nei Ziler an nei Weeër fir d'Ëmsetzung vun enger zukünfteger Kulturpolitik ze schafen, déi kloer, strukturéiert an nohalteg Ziler zum Notze vu jiddwerengem setzt.
Eng Motioun, déi an der Chamber ugeholl gouf, garantéiert all zwee Joer eng Debatt iwwer d'Ëmsetzung vum Kulturentwécklungsplang an deemno eng Kontinuitéit an e Suivi iwwer déi nächst Wale vun 2023 eraus.
Et ass geplangt de KEP - Kulturentwécklungsplang - vun 2018 bis 2028 ëmzesetzen.
Definitioun(en)
D'Kulturpolitik gëtt de kulturelle Kader fir déi fräi Entfalung vun der kultureller Aktivitéit. Si äussert sech net iwwer d'Notzung vun de Strukturen oder zum Schafe vu Wierker. Si schaaft de Raum an déi néideg Verbindungen, déi fir d'Entwécklung vum kulturelle Liewe noutwenneg sinn.
De Kulturentwécklungsplang enthält strategesch Recommandatiounen am Beräich vun der Kulturpolitik fir de Grand-Duché. Dës Avise baséieren op der Diagnose vun Analysen an Ofstëmmunge mam Kultursecteur. De Plang déngt als Grondlag fir politesch Entscheedungen, fir eng räich a lieweg Kultur wierksam ze fërderen.
De Plang huet den Usproch, ee Kulturpakt ze schafen, deen den Zougang zur Kultur fir jiddweree fërdert. Dës Konventioun riicht sech un all d'Gemengen an ass eng gemeinsam Verflichtung vum Staat a vun de Gemengen, eng stabil Finanzéierung vu kulturelle Moossnamen ze garantéieren.
Et ass ze beuechten, dass d'Kultur kee statescht Konzept ass. Si erweidert sech am Laf vun der Zäit a bezitt reegelméisseg nei Praktiken a Bräich mat an. Si ass dacks un d'Konscht, d'Bildung an d'Literatur gebonnen. D'Recht op Kultur gëllt als Mënscherecht. Et gëtt am Artikel 27 vun der "Déclaration universelle des droits de l'homme" beschriwwen. Zu Lëtzebuerg seet de Kulturpakt vun 2008, dass d'Schlësselwierder fir eng Politik, déi op der Iddi vun der Kultur als Mënscherecht baséiert, Integratioun, Zesummenhalt, Interaktivitéit a kulturell Villfalt sinn.
De Kulturentwécklungsplang ass e Fuerplang, deen dauernd weiderentwéckelt gëtt.
Hannergrond
Jiddwereen ass Deel vun enger oder vun der Kultur, well mir sinn all dauernd a Kontakt mat hir. De Kultursecteur, d'Kulturinstitutiounen oder Kultur- an d'Kreativindustrie spillen eng wichteg Roll bei der Entwécklung vun der Kultur. Et handelt sech ëm Plaze vun der Produktioun, Vermëttlung, Renconter an Austausch fir déi verschidde kulturell Beräicher (Bünekonscht, visuell Konscht, Literatur, audiovisuell Medien, Design, asw.) Si schafen zudeem gläichzäiteg Ënnerhalung, Léiermaterial an Dialog. De sozialen Deel vun der Kultur ass besonnesch wichteg. Si kann e Gefill vu Sécherheet, Selbstbewosstsinn a vum "dozou gehéiere" fërderen, wärend se gläichzäiteg Versteesdemech, Oppenheet an Toleranz ënnerstëtze kann.
Am Artikel 43 vun der "Révision constitutionnelle" vun der Chamber, ass virgesinn, dass de Staat den Zougang zu der Kultur an d'Recht op kulturell Entwécklung garantéiert. E fërdert och de Schutz vum kulturellen Ierwen. Dat heescht, dass d'Chamber verflicht ass, der Regierung duerch déi järlech Ofstëmmung iwwer de Staatsbudget, déi noutwendeg finanziell Mëttel fir d'Fërderung vun der Kultur zur Verfügung ze stellen.
Nieft dem Wuelbefannen dierf een net vergiessen, dass d'Kultur och en Deel vum Wirtschafts- an Tourismussecteur ass. Si dréit zu der Entwécklung vum Tourismus bäi an dreift d'Wirtschaft un. De Kulturbudget ass awer nach ëmmer Sujet vun éiwegen Debaten tëscht politeschen Decideuren a Verantwortlecher vum Terrain. De Budget ass en Instrument zur Informatioun iwwer déi kulturell Regierungsmoossnamen an hirer Evolutioun. D'Bünekonscht (Musek, Gesang, Danz, Theater, etc.) an de kulturellen Ierwen (Architektur, Archeologie, Audiovisuell Medien, Bibliothéiken, Muséeën, asw.) dominéieren de Budget. D'Ausgabe kann een haaptsächlech an dräi Kategorien opdeelen:
- Subsiden (Ënnerstëtzung vun enger Persoun oder enger Aktivitéit ouni Géigeleeschtung a Verflichtung),
- Konventiounen (Ënnerstëtzung vun enger Aufgab duerch eng physesch a juristesch Persoun op Basis vun enger Konventioun, déi den Zweck vum Projet, d'Finanzéierung an d'Verflichtunge vun de Parteie festleet),
- Reglementéiert Subventiounen (duerch e Gesetz, e Reglement oder en internationaalt Ofkommes encadréiert).
De Mediesecteur (audiovisuell Medien, Film a Press) sinn dem Staatsministère ënnerstallt, an de Wirtschaftsministère ënnerstëtzt d'Entwécklung vun der Kultur- a Kreativindustrie, besonnesch duerch d'Grënnung vun de Luxembourg Creative Industries Cluster.
Demarche an Objektiver
D'Ausschaffe vum Kulturentwécklungsplang baséiert op den Austausch. Déi sektoriell Workshoppen haten d'Zil, de Kulturacteuren eng Plattform fir den Austausch an d'Récksprooch ze bidden, déi grouss Erausfuerderunge fir d'Kultur an d'Kulturpolitik erauszeschaffen an aktiv um Contenu vun den Assises culturelles mat ze schaffen.
262 Kulturschafend hunn un den 23 "Ateliers du Jeudi" Deel geholl. D'Atelieren hunn zu engem Bilan no den Assisen an uschléissend zu engem Entworf fir eng "Feuille de route" fir de Kulturentwécklungsplang gefouert. Tëscht dësem éischte Bilan an den 2. Assises culturelles am Joer 2018 ass d'Versioun 0.1 vum Plang geschriwwe ginn. An de Workshoppen am Kulturministère ass de Plang an 10 Kapitel agedeelt ginn an en enthält 62 Recommandatiounen, déi an Aktiounen a Moossnamen ënnerdeelt sinn.
De Kulturentwécklungsplang gëtt vun enger Grupp vun Experten ausgeschafft, déi politesch onofhängeg vun der Regierung sinn. Trotzdeem ass de politesche Wëlle vun de Regierungen, sech un d'Ufuerderungen ze halen, déi um Uschloss vun de participative Consultatioune gestallt goufen, fir seng Ëmsetzung vun entscheedender Bedeitung. De Kulturentwécklungsplang ass eng Zort "Kaderkontrakt". En enthält ee Kapitel, dat der Ëmsetzung gewidmet ass, mat aacht virleefege Recommandatioune wéi een déi verschidde Proposë ka realiséieren.
Déi zéng Kapitel vum Aktiounsplang sinn: Gouvernance, Kulturschafung, Opwäertung a Professionaliséierung vun der kultureller Aarbecht, Kulturierwen, Kultur an de Regiounen, Konscht- a Kulturerzéiung, Kulturbiergerschaft an Zougänglechkeet, Kultur- a Kreativwirtschaft, Fuerschung an Innovatioun, Kulturaarbecht vu Lëtzebuerg op internationalem Niveau, Ëmstrukturéierung vun der Ënnerstëtzung fir de kulturellen an artistesche Secteur.
No den zweeten Assises culturelles ass d'Versioun 0.1 vum Kulturentwécklungsplang adaptéiert ginn. E Kalenner an e Plang fir den Oflaf fir d'Recommandatiounen, esou ewéi e Kapitel mat enger Einleitung iwwer déi conditionnel Recommandatioune fir déi nofolgend Proposen an eng mëttel- a laangfristeg kulturell Strategie si bäigefüügt ginn. Recommandatioune goufen annuléiert, zesummegesat oder nei formuléiert, an néng nei Direktive sinn dobäi komm.
D'Recommandatiounen
D'Ziel vum Kulturentwécklungsplang ass:
- d'Kulturlandschaft ze strukturéieren
- déi prioritär Aktiounen z'identifizéieren
- Observatioun, Evaluatioun an Analyse vum Secteur
- realistesch Moossnamen ze plangen an d'Gouvernance un déi potenziell Verännerungen unzepassen.
All déi kulturell Acteure sinn un der Ëmsetzung vum Plang a senge kuerz-, mëttel- a laangfristegen Ziler bedeelegt.
Am Kulturentwécklungsplang - eBook 1.0 Volume 1 vum September 2018 - ginn 62 Recommandatioune virgestallt, déi vun der Adoptioun vun engem Gesetz zur Fërderung vun der Kultur an der Ëmsetzung vun der Kulturentwécklung bis hin zu der Reform vum Mäzenatsgesetz ginn. Et handelt sech ëm virleefeg Recommandatiounen, Recommandatiounen zur Gouvernance an der Kreatioun.
Chronologie
1976
- Éischt Analyse vum Kultursecteur am Rapport vum Ministère fir kulturell Affären am Kapitel "D'Situatioun vun der Kultur zu Lëtzebuerg"
1991
- "Talk show" iwwer d'Professionaliséierung vun der Kultur, organiséiert vun der Associatioun spektrum 87
1995
- Éischte Kulturministère zu Lëtzebuerg an Lëtzebuerg gëtt fir déi éischte Kéier europäesch Kulturhaaptstad
1996
- D'Plattform Forum Culture(s) gëtt gegrënnt
2007
- Lëtzebuerg gëtt fir déi zweete Kéier europäesch Kulturhaaptstad
- Forum Culture(s) schreift de Manifest fir ee Kulturpakt
2009
- Zweet Dokument vu Forum Culture(s), de Kulturpakt
2014
- Nation Branding duerch d'Promotioun vun der Image de marque am Aussen- an Europaministère
- Éischt Iwwerleeunge fir e Kulturentwécklungsplang vum Robert Garcia a Marc Limpach op de Virschlag vun der Kulturministesch Maggy Nagel hin
2016-2018
- Reunioune vun deene verschiddene Kulturacteuren: sektoriell Reuniounen, "Ateliers du Jeudi", oppe Foren, ...
- Éischt Kulturassisen 2016 am groussen Theater
- Bilan no den Assisen 2017 am Mierscher Kulturhaus
- Zweet Kulturassisen 2018 am Conservatoire de Luxembourg
- De KEP gëtt online gesat um Site vum Kulturministère an op www.culture.lu, an e gëtt um Bilan post-assises 2018 am Kinneksbond zu Mamer virgestallt
2017
- Aféierung vun der Méiglechkeet Demandë fir Subsiden iwwer de Guichet unique ze maachen
2018-2020
- KEP-Atelieren: thematesch Reuniounen an Diskussiounen a klenge Gruppe mat national an international geluedenen Experten
- Resolutioun vun der Chamber fir "all zwee Joer eng Debat iwwer d'Ëmsetzung vun engem Kulturentwécklungsplang z'organiséieren"
2021
- Sektoriell Assisen (Rock/Pop/ Electro, Theater, klassesch Musek)
2022
- Esch-Uelzecht gëtt europäesch Kulturhaaptstad. Et ass déi drëtte Kéier, dass déi europäesch Kulturhaaptstad zu Lëtzebuerg ass.
Erwaarte Beneficer
De Kulturentwécklungsplang wëll "en neien, kulturellen, dynameschen, evolutionären an transversalen Ekosystem schafen, deen de Kënschtler an dem Kultursecteur et erlaabt sech voll a ganz z'entfalen".
E wëll encouragéieren, valoriséieren, bäidroen, fërderen, schützen, stäerken, betruechten, verbannen...:
- Kultur a Konscht als Mëttel zur Emanzipatioun;
- Déi sozial Unerkennung vu Kënschtler, hiren Aarbechtsbedingungen an déi wirtschaftlech a sozial Auswierkunge vum Secteur;
- D'Professionaliséierung vun all den Acteure vum Secteur;
- Déi kënschtleresch a kulturell Ausstralung op lokalem, regionalem, nationalem an internationalem Niveau
- D'Roll an d'Aufgabe vun de Kulturinstitutiounen, den Equiliber vun der kultureller Offer an der Regioun, dat kulturellt, soziaalt, wirtschaftlecht an ekonomescht Wuelbefannen;
- Déi wuessend Bedeitung vun der digitaler Kultur an déi zentral Roll vun den neien Technologië bei der Schafung, der Produktioun an dem Zougang vu Contenu;
- D'Kulturierwen an d'Vermëttlung ronderëm;
- D'Konscht an d'Kultur an der Bildung;
- Kulturbiergerschaft, Zougänglechkeet an Inclusioun;
- Déi kulturell Villfalt an den Dialog;
- D'Kultur- an d'Kreativindustrie, d'Innovatioun an d'Fuerschung;
- D'Investitiouns- a Promotiounsstrategie;
- De private Mécénat.