"Energie- a Klimaplang fir Lëtzebuerg" Energie- a Klimaplang fir Lëtzebuerg fir d'Period 2021-2030 (PNEC)

I. Wat ass de PNEC?

Den integréierten nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC), ass e wichtegt Element vun der Klima- an Energiepolitik vum Grand-Duché. An dësem Plang ginn déi national Klima- an Energieziler bis 2030 virgestallt grad esou wéi d'Strategien an d'Moossname fir se ze erreechen.

Dës Moossname betreffen déi follgend sechs Beräicher:

  1. Wunn- a Déngschleeschtungsgebaier
  2. Transport
  3. Energie- a Veraarbechtungsindustrie, Bausecteur
  4. Landwirtschaft a Fierschterei,
  5. Offall- an Ofwaassertraitement
  6. UTCATF (Utilisation des terres, du changement d'affectation des terres et de la foresterie – Landbenotzung, Flächebenotzungsännerung a Fierschterei) (LULUCF – Land use, land-use change and forestry).

Den Energie- a Klimaplang fir Lëtzebuerg ass och e strateegescht Dokument dat et Lëtzebuerg erlaabt sech aktiv um Klimaschutz an un der Energietransitioun ze bedeelegen, a sech fir d'Entwécklung vun enger nohalteger Ekonomie anzesetzen. Dëse Plang ass och eng direkt Äntwert op d'Klima- an d'Energiekris.

De PNEC ass d'Resultat vun engem kooperativen Usaz tëschent de betraffene Ministèren a Verwaltungen, ënnert der Koordinatioun vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an dem Wirtschaftsministère.

D'Ambitiounen a verstäerkte Moossnamen, déi am PNEC virgestallt ginn, baséieren och op de Resultater vu verschiddene Prozesser vun der Biergerconsultatioun an der institutioneller Zesummenaarbecht, déi an de leschte Joren duerchgefouert goufen.

Biergerinnen a Bierger, souwéi Wëssenschaftler hunn sech fir méi éiergäizeg Ziler a Moossname fir Lëtzebuerg ausgeschwat, ënner anerem duerch:

  • déi international Consultatioun "Luxembourg in Transition" (LIT), déi am Joer 2021 duerchgefouert gouf a sech mat der Landesplanung beschäftegt,
  • de Klima-Biergerrot (KBR), organiséiert am Joer 2022,
  • den Observatoire fir Klimapolitik (Observatoire de la politique climatique – OPC),
  • d'Plattform fir Klimaschutz an Energietransitioun.

Doriwwer eraus huet vum 17. Abrëll bis zum 16. Mee 2023 eng ëffentlech Enquête stattfonnt, bei där Biergerinnen a Bierger Kommentaren a Virschléi zum Projet erareeche konnten.

II. D'Ziler vum PNEC

De PNEC leet déi national Klimaziler fir déi kommend Jore fest, déi mat den Ziler vun der Europäescher Unioun kompatibel sinn.

D'Tëschenziler bis 2030 si follgend:

  • d'Zäregasemissiounen am Verglach zu 2005 ëm 55% ze reduzéieren, woubäi den EU-Emissiounshandelssystem an LULUCF net berécksiichtegt ginn,
  • 37% un erneierbaren Energien um Endverbrauch z'erreechen,
  • d'Energieeffizienz ëm 42% ze verbesseren,
  • d'Ziler fir erneierbar Energien an Energieeffizienz ze stäerken (ambitionéierten Ausbau vu Wandkraaft, Solarenergie, Wäermepompelen an Elektromobilitéit).

Dat laangfristegt Zil ass d'Erreeche vun der Klimaneutralitéit, d'"Netto-Null-Emissiounen" zu Lëtzebuerg bis spéitstens 2050.

III. Déi vum PNEC definéiert Moossnamen

Am Energie- a Klimaplang fir Lëtzebuerg gi souwuel verstäerkte wéi och nei Moossname virgestallt. De Plang ëmfaasst insgesamt 206 verschidde Moossname woubäi bei der Revisioun besonnesch Wäert op déi "gerecht Transitioun" geluecht gouf.

Dës Moossnamen ëmfaasse verschidden Aarte vun Instrumenter, sinn ënnerschiddlech wäit fortgeschratt, hunn ënnerschiddlech Ëmsetzungsdelaien an identifizéiere verschidde responsabel Acteuren. Am Verglach zu der leschter Versioun vum Plang hunn sech verschidde Moossnamen als méi wichteg oder méi innovativ erwisen:

1. D'CO2-Steier 

Säit 2021 ënnerleie fossil Brennstoffer, sief et fir de Stroosseverkéier oder fir d'Hëtzen, enger CO2-Steier, déi de Verbrauch bremsen oder reduzéiere soll. Ursprénglech louch dës Steier bei 20€/t CO2 a gouf 2022, 2023 an 2024 em 5€/t CO2 eropgesat, fir 2026 bei 45€/t CO2 ze leien. Dëst entsprécht dem Präisniveau vum zukünftegen EU-Emissiounshandelssystem fir Gebaier, de Stroossentransport a Brennstoffer a verschidden Industriesecteuren, deen 2027 agefouert soll ginn. Den Energie- a Klimaplang fir Lëtzebuerg proposéiert dës järlech Majoratioun vu 5€/t CO2 bäizebehalen.

D'Recettë vun dëser Steier ginn op fair Aart a Weis benotzt:

  • fir d'Finanzéiere vu Klimaschutzmoossnamen,
  • fir d'Finanzéiere vu soziale Kompensatiounsmoossname fir Stéit mat nidderegem Akommes (Steierkredit fir Stéit mat nidderegem Akommes, Zoulag fir d'Liewensdeierecht – allocation de vie chère),
  • fir an d'Energietransitioun z'investéieren.

2. Déi kontinuéierlech Entwécklung vum Klimapakt 2.0.

Well d'Gemengen e wichtege Partner bei der Ëmsetzung vu Klimaziler op lokalem Niveau sinn, encouragéiert a begleet de Klimapakt 2.0 d'Gemengen:

  • fir hir Virbildfunktioun beim Klimaschutz a bei der Energietransitioun ze stäerken,
  • fir zu den Efforte bei der Upassung un de Klimawandel bäizedroen,
  • fir eng effizient Gestioun vun de Ressourcen ze fërderen,
  • fir nohalteg lokal a regional Investitiounen ze stimuléieren.

3. De "Phase-out" (progressiven Ausstig) aus de fossillen Heizungsanlagen

Zil vum "Phase-out" ass et d'Heizungen an de Gebaier komplett ze dekarboniséieren. Déi final Versioun vum PNEC privilegiéiert dobäi eng verstäerkte fräiwëlleg Approche, andeems souwuel d'Biergerinnen a Bierger wéi och d'Betriber beispillsweis duerch attraktiv Hëllefsprogrammer an hirer Demarche ënnerstëtzt an encouragéiert ginn. Laut Previsioune vum Statec, hätt just de partiellen Austausch vun Auslaf-Modeller vu fossillen Heizungen duerch erneierbar Energië keen Impakt op d'Erreeche vun de Klimaziler 2030. Bis 2050 misst déi Austausch-Quot progressiv op 100% klammen, fir esou d'Zuel vu fossillen Heizungen a Wunngebaier ze limitéieren (ronn 15.000 am Joer 2050). Dobäi gëllt et ze betounen, dass de "Phase-out" net dozou verflicht, (fossil) Heizungsanlagen déi nach korrekt funktionéieren ze ersetzen. De "Phase-out" trëtt eréischt dann an, wann eng al Chaudière ausgetosch gëtt, well se net méi a Betrib ass, oder opgrond vun de gesetzleche Virschrëften net méi zougelooss ass.

4. Déi national Entitéit zur Begleedung vun der energeetescher Renovatioun vun alle Wunngebaier mat niddereger Energieeffizienz

Fir d'Fërderung vun der energeetescher Renovatioun op all Wunngebai mat niddereger Energieeffizienz auszeweiden, gëtt eng national Entitéit zur Begleedung vun der energeetescher Renovatioun fir d'energeetesch Renovéierung, d'Dekarboniséierung an d'Installatioun vu Photovoltaikanlagen a Wunngebaier geschaf.

D'Zil ass eng strukturéiert an ëmfaassend Ënnerstëtzung fir Proprietäre vu Wunngebaier mat niddereger Energieeffizienz, fir si bei der Identifizéierung vu Verbesserungspotential, der Planifikatioun an der Finanzéierung ze beroden.

5. De Klimabonus

Mam Klimabonusprogramm ginn de Bau an déi nohalteg energeetesch Sanéierung vu Wunngebaier, d'Installatioun vun techneschen Anlage fir d'Notzung vun erneierbaren Energiequellen a Wunngebaier, d'Notzung vun CO2-fräie Gefierer, an d'Energieberodung gefërdert.

D'Ännerungen ëmfaassen:

  • eng vereinfacht Prozedur fir den Zougang zu de Finanzhëllefen, besonnesch duerch d'Vereinfachung an Digitaliséierung vun de Formulairë fir d'Demande,
  • déi verstäerkte Promotioun vun ëmweltfrëndlechen Isolatiounsmaterialien,
  • méi geziilten Ureizer fir den Austausch vun alen, mat fossille Brennstoffer bedriwwene Chaudièren;
  • d'Zouloossung vu Loft-Waasser- a Loft-Waasser-Hybrid-Wäermepompelen a bestoende Gebaier,
  • d'Promotioun vum Eegeverbrauch vu Photovoltaikanlagen duerch eng méi héich Subventioun an d'Abezéie vun enger Batterie an den eligibele Käschten,
  • d'Zweckméissegkeet vu Virfinanzéierungsmechanismen.

6. D'Fërderung vun der Elektrifizéierung vum Automobilpark

Am Beräich vun der Elektrifizéierung vum Automobilpark, gesäit de PNEC Follgendes vir:

  • d'Promotioun vum Reseau vu private Luedstatiounen an der ëffentlecher Luedinfrastruktur,
  • d'Aféiere vu Subventioune fir emissiounsfräi Gefierer,
  • eng Strategie fir d'Dekarboniséierung vum Secteur,
  • Optioune fir eng kuelestofffräi Strategie duerch den Asaz vu Biosprit, Elektromotorisatioun, erneierbarem Waasserstoff an IT- a KI-Optimiséierungen (Information Technology an Articial Intelligence).

7. De soziale Leasing-System

Aféierung vun engem soziale Leasing-System fir Elektroautoe mat laangfristege Leasing-Verträg, fir akommesschwaach Stéit bei der Elektrifizéierung vun hirer individueller Mobilitéit z'ënnerstëtzen.

8. De Klimapakt fir Betriber (KPB)

De Klimapakt fir Betriber (KPB) ass en neit Instrument, dat d'Betriber an hirer Energietransitioun a bei Klimafroe begleede soll. Et handelt sech ëm eng strateegesch Orientéierungs-Plattform, déi eng concertéiert Berodung a koordinéiert Ëmsetzung vun de Projeten an Aktivitéite vun de verschiddenen Acteuren, souwéi d'Gestioun vu verschiddenen neie Programmer erméiglecht.

De KBP, deen sech u kleng a mëttelstännesch Betriber (PME) riicht, ziilt op eng fräiwëlleg Bedeelegung vun den Entreprisen of, fir esou e laangfristege Suivi vun hiren Efforten am Beräich vun der Dekarboniséierung an der Energietransitioun ze erméiglechen.

9. Déi national Strategie fir Waasserstoff

D'Strategie ëmfaasst siwe Schlësselmoossname fir d'Fërderung vun der Produktioun, vum Import a vun der Notzung vun erneierbarem Waasserstoff:

  • d'Festleeë vun engem legalen, rechtlechen a regulatoresche Kader op EU-Niveau,
  • d'Zesummenaarbecht mat EU-Memberstaaten an Drëttstaaten,
  • d'Identifizéierung vu Méiglechkeeten am Beräich vun der Fuerschung an der Innovatioun zu Lëtzebuerg,
  • d'Sich no Modellprojeten, déi analyséiert an ëmgesat solle ginn,
  • d'Prioriséierung vu Moossname fir eng geziilt Dekarboniséierung duerch erneierbare Waasserstoff,
  • d'Entwécklung vun Instrumenter fir e Marché vun erneierbarem Waasserstoff,
  • d'Ëmsetzung a kontinuéierlech Verbesserung vun der Strategie.

Fir d'Strategie z'iwwerwaachen, gouf de Comité de pilotage "Taskforce H2 Luxembourg" ageriicht.

10. Ausbau vun der landwirtschaftlecher Berodung a Promotioun vun der Agrarvoltaik

Am Landwirtschaftssecteur gëtt nieft der weiderer Entwécklung an dem Ausbau vun der landwirtschaftlecher Berodung och d'Fërderung vun der Agrarvoltaik ugestrieft, d.h. d'Kombinatioun vun der landwirtschaftlecher Produktioun a vun der Energieproduktioun op Basis vu Photovoltaik.

11. Verschäerfung vun den Ziler fir d'Nettoopnam vun Zäregaser an d'Aféierung vun engem Hëllefsregimm Klimabonus Bësch

Well d'Bëscher ee grousst Potential fir d'Späichere vun natierlechem Kuelestoff hunn, ginn d'Ziler fir d'Nettoopnam vun Zäregaser am LULUCF-Secteur verschäerft.

Doriwwer eraus gëtt de Klimabonus Bësch ageriicht, en Hëllefsregimm fir déi nohalteg Gestioun vu Privatbëscher. 

12. Aktualiséiert Projektioune vun den Zäregas-Emissioune bis 2030

Op Basis vun de Konjunktur-Entwécklungen zanter dem Fréijoer 2023 an deene leschte makroekonomeschen Tendenzen, huet de Statec d'Basisdonnéeën, d'Modeller an den Impakt vun de proposéierte Moossname vum PNEC nei bewäert. No de Projektioune vum Statec, kéinten d'Zäregas-Emissioune bis 2030 ëm 56% reduzéiert ginn. Domat wieren déi gesetzlech virgeschriwwe Klimaziler also erreecht.

Par rapport zum Aktualiséierungsprojet, deen am Juli 2023 virgestallt gouf, huet de globale Bilan vun den Emissiounen sech géintiwwer de järlechen Emissiounsquote fir d'Erreeche vun den Ziler bis 2030 liicht verbessert. Fir d'Period 2021-2030, sträicht d'Analys vum Statec e "Bonus" ervir vu ronn 2.000.000 Tonnen CO2-Equivalent par rapport zu den Emissiounsquoten déi järlech virgesi sinn. Dat entsprécht ongeféier 3,4% vum Gesamtbudget vun den Emissiounen (géintiwwer 1% am Aktualiséierungsprojet). Bis 2030 wieren déi virgeschriwwe järlech Emissiounsquoten deemno respektéiert.