Konferenz iwwert d'Zukunft vun Europa

Conférence sur l'avenir de l'Europe

D'Konferenz iwwert d'Zukunft vun Europa huet de Bierger a ganz Europa d'Méiglechkeet ginn, sech iwwert hir Erwaardungen un d'Europäesch Unioun auszedrécken an hir Meenung iwwert déi nächst Entwécklungen matzedeelen. Den offizielle Start war den 9. Mee 2021, um Europadag.

Si huet den europäesche Bierger een neien ëffentleche Raum fir en oppenen, inklusiven an transparenten Debat iwwert d'Prioritéiten an d'Erausfuerderungen fir Europa gebueden. All d'Europäer, Intressevertrieder, an d'Zivilgesellschaft waren invitéiert hir Erwaardunge géintiwwer der Europäescher Unioun zum Ausdrock ze bréngen. Beiträg um europäeschen, nationalen, regionalen a lokale Niveau hunn den Debat iwwert d'Zukunft vun Europa gefiddert.

D'Lëtzebuerger Regierung ass sech der Wichtegkeet vun dësem europäeschen Debat mat de Bierger bewosst an huet dëser Initiativ hir voll Ënnerstëtzung ginn, an der Kontinuitéit vum Biergerforum deen virun den europäesche Wale vun 2019 stattfonnt huet.

No engem Joer Debatten an Consultatiounen huet um 9. Mee 2022 zu Stroossbuerg eng Ofschlossmanifestatioun vun der Konferenz iwwert d'Zukunft vun Europa stattfonnt. Bei dëser Geleeënheet ass de Präsidenten vun den dräi Institutiounen (Kommissioun, Rot an Europäescht Parlament) en Ofschlossbericht mat de Conclusioune vun der Konferenz (49 Virschléi ronderëm iwwer 320 konkret Moossnamen) iwwerreecht ginn.

Hannergrond

An enger gemeinsamer Erklärung déi den 10. Mäerz 2021 ënnerschriwwe ginn ass, invitéieren d'Präsidente vun der Europäescher Kommissioun, vum Europäesche Parlament a vum Rot vun der EU d'Europäer un der Konferenz iwwert d'Zukunft vun Europa deelzehuelen an hier Meenung auszedrécken:

  • iwwert d'Orientatioun déi si der Europäescher Unioun gäre géife ginn;
  • iwwert d'Politik wéi se an alle Beräicher gefouert gëtt;
  • iwwert hir Erwaardungen un d'Unioun.

D'Konferenz iwwert Zukunft vun Europa war offiziell fir den Europadag, den 9. Mee 2021, lancéiert ginn.

Oflaf vun der Konferenz

Wärend dem ganze Prozess konnten d'Bierger hier Bäiträg op der digitaler an interaktiver Plattform vun der Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa areechen. Et konnt ee bis den 9. Mee Bäiträg op der Plattform contribuéieren.Déi digital Plattform huet de Bierger d'Méiglechkeet gebueden sech auszedrécken an hier Meenung ze deelen iwwert dat Europa, an deem si gäre liewe géifen, a fir bäizedroen, d'Zukunft mat ze gestalten. D'Plattform huet och Informatiounen iwwert d'Struktur an d'Aarbechte vun der Konferenz gebueden. Si war oppe fir all Europäer, sou wéi och fir alleguer d'Institutiounen an Organer vun der EU, déi national Parlamenter, national a lokal Autoritéiten an d'Zivilgesellschaft, a se war a verschiddenen Themen agedeelt:

 

  • de Klimawandel an d'Ëmwelt;
  • d'Gesondheet;
  • eng méi staark a Wirtschaft, sozial Gerechtegkeet an Aarbecht;
  • d'EU an der Welt;
  • d'Wäerter an d'Rechter;
  • d'Rechtsstaatlechkeet an d'Sécherheet;
  • den digitale Wandel;
  • d'europäesch Demokratie;
  • d'Migratioun;
  • d'Bildung, Kultur, Jugend a Sport.

D'Plattform huet och Evenementer a ganz Europa erfaasst, déi souwuel physesch wéi och online stattfonnt hunn.

D'Haaptiddien a Recommandatioune vun der Plattform hunn als Bäitrag fir d'Podiumsdiskussiounen a fir d'Sëtzunge vun der Plenarversammlung gedéngt, wou se debattéiert goufe fir d'Conclusioune vun der Konferenz auszeschaffen.

Nieft der méisproocheger an digitaler Plattform hunn d'Plenièresversammlung vun der Konferenz, d'europäesch Biergerforen mat hire véier Haaptthemen souwéi national Biergerforen 178 Recommandatiounen ausgeschafft, déi d'Haaptgrondlag fir 49 Virschléi vum Ofschlossrapport duerstellen. Dës Virschléi decken déi néng Haaptthemen vun der Konferenz of: Klimawandel an Ëmwelt; Gesondheet; eng staark Wirtschaft, sozial Gerechtegkeet an Beschäftegung; d'EU an der Welt, Wäerter an Rechter, Rechtsstaatlechkeet an Sécherheet, digital Transformatioun, europäesch Demokratie; Migratioun; Bildung; Kultur, Jugend a Sport. 

Manifestatiounen

9. Mee 2021 - Austausch zu Schengen

Am Kader vum Dag vun Europa 2021, deen och d'Konferenz iwwert d'Zukunft vun Europa agelaut huet, ass zu dem Thema en Austausch op der Stäreplaz virum Schengener Musée organiséiert ginn tëschent Matbierger, Europadeputéierten an dem europäesche Kommissär Nicolas Schmit. D'Matbierger goufen opgefuerdert hir Froen zu der Zukunft vun Europa ze stellen a sech Gehéier ze verschafen.

21. Juni 2021 - Trinationalen Austausch mat Studenten

Am Kader vun der Konferenz iwwert d'Zukunft vun Europa, war den 21. Juni 2021 am Institut Pierre Werner eng trinational Diskussioun tëschent dem Aussen- an Europaminister Jean Asselborn, an dem Michael Roth, delegéierten Europaminister vun der Bundesrepublik Däitschland, a Presenz vum franzéischen Ambassadeur Bruno Perdu, als Representant vum de Staatssekretär Clément Beaune. D'Ministeren hu sech mat presente Lycée-Schüler aus Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg ausgetosch. D'Diskussioun kann online hei consultéiert ginn.

15.November 2021 – Europa 2030: Hackathon fir jonk Entrepreneuren

Am Kader vun der Konferenz iwwert d'Zukunft vun Europa huet en Austausch ronderëm den digitale Kompass an d'Industriestrategie vun der EU, a Presenz vum Premier Xavier Bettel, dem EU Kommissär fir de Bannemaart Thierry Breton, dem Wirtschaftsminister Franz Fayot an dem Präsident vun der Handelskummer Luc Frieden stattfonnt. Studenten a jonk Entrepreneure konnte bei dëser Geleeënheet iwwert hier Visioun fir Europa am Joer 2030 diskutéieren. Méi Informatiounen hei.

18. November 2021 – Solidaritéit an den EU Memberstaaten

Bei enger Manifestatioun mat Schüler aus der Europa Schoul Lëtzebuerg a Studenten aus verschiddenen Universitéiten hunn den Aussen- an Europaminister, Jean Asselborn, an d'Europadeputéiert Katarina Barley an Isabelle Wiseler mat de Participanten iwwer d'Theema Solidaritéit bannent der EU diskutéiert. Méi Informatiounen hei.

Campagne vun der Chamber

D'Chamber huet de 14. September 2021 eng national Campagne ronderëm divers Evenementer lancéiert. Zu dëse Manifestatioune gehéieren:

  • Véier thematesch Pannelen an der Chamber (wuessend Ongläichheeten, wirtschaftlech Kompetitivitéit vun der EU, Gestioun vun de Migratiounsfluxen a Klimawandel);
  • "Bistrosgespréicher" an de véier Walbezierker (Gréiwemaacher, Dikrech, Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht);
  • D'Organisatioun vun engem Meenungsaustosch tëschent Membere vum Jugendparlament an der Chamber iwwert d'Zukunft vun Europa;
  • D'"Parlament doheem", e Konzept dat d'Leit dozou oprifft Diskussioune bei sech doheem ze féieren an d'Conclusiounen un d'Chamber weiderzereechen.

Andeems den Accent op eng "Bottom-Up" Approche geluecht gëtt, hunn dës Manifestatiounen d'Méiglechkeet gebueden, sech iwwer Froen déi d'Bierger interesséieren an Theemen déi hinne besonnesch um Häerz leien auszetauschen.

Doriwwer eraus haten d'Bierger de 26. September 2021 d'Méiglechkeet lëtzebuergesch an europäesch Deputéiert wärend engem grenziwwerschreidende Velostuer ze begéinen. Dësen éischte Rendez-vous war eng Geleeënheet fir sech ënner anerem iwwer gesellschaftlech a grenziwwerschreidend Erausfuerderunge bannent der Europäescher Union auszetauschen.

Méi Informatiounen, souwéi de Kalenner vun dëse Veranstaltunge kënnen online consultéiert ginn.

D'Resultater vun der Konferenz

Eng Partie Rapporte resuméieren d'Bäiträg déi op der Plattform eragereecht goufen.

Déi interinstitutionell Deklaratioun gesäit fir, dass déi final Conclusioune vun der Konferenz an engem Rapport presentéiert ginn, deen dem gemeinsamer Presidence iwwermëttelt gëtt. Duerno wäerten déi dräi Institutioune préiwen wéi dëse Rapport ëmgesat wäert ginn.

Zu Lëtzebuerg huet och d'Chamber d'Resultater vun hirer Konsultatiounscampagne an engem Rapport zesummegedroen, deen den 1. Mäerz ugeholl gouf.

Aktualiséiert