Missioune fir d’Wirtschaftspromotioun

Aleedung

© SIP / Nicolas Bouvy, all Rechter virbehalen

 

De Wirtschaftsministère féiert regelméisseg Promotiounsmissiounen am Ausland duerch, fir Lëtzebuerg als privilegéiert Geschäftsplaz fir Betriber ze fërderen an och fir lëtzebuergesch Exportbetriber, déi nei Mäert erschléisse wëllen, z’ënnerstëtzen.

Organisatioun vu Wirtschaftsmissiounen

Et gi verschidde Formater fir d’Missiounen am Ausland. Wann d'ierfgroussherzoglech Koppel partizipéiert, da ginn d’Wirtschaftsmissioune vun Hirer Kinneklecher Altess dem Ierfgroussherzog ugefouert, a Präsenz vun Hirer Kinneklecher Altess der Ierfgroussherzogin, a si gi vum Wirtschaftsminister geféiert. Wann de groussherzoglechen Haff net an enger Missioun implizéiert ass, da gëtt d’Missioun vum Wirtschaftsminister ugefouert.

D’Ziler vun de Missioune fir d’Wirtschaftspromotioun sinn engersäits Lëtzebuerg als ideal Plaz fir Betriber ze fërderen an Investissementer unzezéien, an anersäits d’lëtzebuergesch Exportbetriber bei hirer Conquête vun Auslandsmäert z’ënnerstëtzen. Duerch d’Missiounen ass et also méiglech, Investissementer a Richtung vu Lëtzebuerg unzezéien an de Wee opzemaache fir nei Geschäftsméiglechkeete fir lëtzebuergesch Betriber.

D’Missioune gi vum Wirtschaftsministère organiséiert, an enker Zesummenaarbecht mat der Chambre de commerce a Luxinnovation. D'Luxembourg Trade and Investment Offices (LTIO), d’Ambassaden an d’Consulater spillen och eng wichteg Roll fir d’Organisatioun an den Oflaf vun de Missiounen a Visiten.

Ausserdeem mécht de Minister regelméisseg Aarbechtsvisiten am Ausland. Dës Zorte vu Visitë sinn am Allgemenge manner grouss ugeluecht wéi d’Wirtschaftsmissiounen, an awer sinn si wichteg fir d’Verbindung mat de Länner déi besicht goufen z’entwécklen an ze verstäerken.

Choix vun den Destinatiounen

De Choix vun den Destinatioune gëtt vum Ministère festgeluecht. Fir seng Decisioun ze huele baséiert sech de Ministère op d’Appreciatioune vu sektorielle Spezialisten, den LTIO an der Chambre de commerce. D’Maartanalysen vu Luxinnovatioun droen och dozou bäi, d’Destinatioune mat engem tatsächleche wirtschaftlechen a kommerziellen Intressi z’identifizéieren. De Choix vun der Destinatioun ass deemno d’Resultat vun engem virege Prospektiounseffort, dee sech haaptsächlech op ganz spezifesch Wirtschaftssecteure konzentréiert, déi zu der Strategie vun der Wirtschaftsentwécklung vum Lëtzebuerger Land passen.

De Ministère muss dann den offizielle Programm erstellen, an domat och d’Organisatioun vu politeschen Treffen, oder Treffe mat engem wirtschaftlechen Intérêt. Wann d’ierfgroussherzoglech Koppel partizipéiert, da schafft de Ministère enk zesumme mam groussherzoglechen Haff fir de Programm festzeleeën. D’Chambre de commerce këmmert sech ëm den Encadrement an d’Begleedung vun der Lëtzebuerger Delegatioun, déi aus Betriber an aner wirtschaftlechen Acteuren aus dem Grand-Duché besteet.

Aktualitéiten op gouvernement.lu (op Franséisch)

Aktualiséiert