Neujahrsansprache des Premierministers Luc Frieden

Neujahrsansprache des Premierministers Luc Frieden vom 31. Dezember 2023

©SIP Neujahrsansprache des Premierministers Luc Frieden
Neujahrsansprache des Premierministers Luc Frieden

Luxemburgische Übertragung der Neujahrsansprache des Premierministers Luc Frieden

Léif Matbiergerinnen, léif Matbierger,

Um Enn vun dësem Joer géif ech gär e puer kuerz Gedanke mat iech deelen. Wann ech mir d’Welt 2023 ukucken, da gouf et vill schlecht an traureg Nouvellen: d’Ukrain, de Noen Osten, Konflikter am Kaukasus an am Balkan, Militärputschen am Sahel. Ech hunn eigentlech d’Impressioun, datt villes wat kéint um Verhandlungsdësch diskutéiert ginn, mat Gewalt ausgedroe gëtt. Dat ass schlecht, dat ass traureg, a mir mussen eis asetze fir Fridden an Diplomatie.

Ëm sou méi ass et positiv ze gesinn, wat an Europa geschitt. Europa ass jo am Fong erfonnt ginn als eng Alternativ zum Krich. Och do gëtt gestridden, gëtt diskutéiert, mee mir sëtze ronderëm un engem Dësch. An dat ass eppes wat mir mussen, a wat ech wëll, 2024 weider stäerken. Zu Lëtzebuerg, als Deel vun deem Europa, hunn 2023 eis Institutioune gutt funktionéiert. Mir hate Parlamentswalen; an deene Parlamentswalen hunn d’Leit sech konnten ausdrécken, hunn nei Vertrieder fir d’Chamber gewielt, an aus deene Parlamentswalen ass eng nei Regierung ervirgaangen. De Fait, datt eis Demokratie esou gutt funktionéiert huet, datt d’Campagne fair war an datt d’Resultat vu jidderengem acceptéiert ginn ass, ass eppes wat net normal ass an der Welt. Dorobber kënne mir gemeinsam stolz sinn. Aus deene Walen an aus där Regierungsbildung sinn ech chargéiert ginn, déi nei Regierung als äre Premierminister unzeféieren. Dat ass fir mech eng ganz grouss Éier an eng riseg Verantwortung. Ech wëll mat Freed a positiver Energie alles maache fir datt et de Leit an dësem Land, an dësem Land an deenen nächste Jore gutt geet.

An enger Demokratie mécht een dat ni aleng. Ech maachen dat zesumme mat allen anere Ministerinnen a Minister. Ech maachen et zesumme mat den Deputéierten an ech maachen et och zesumme mat iech alleguerten. Well nëmme wa mir zesumme schaffen an eng gewësse Richtung, da geet et eisem Land gutt.

Ech hätt gär fir 2024, datt eist Land gëeent bleift als Natioun, datt mir solidaresch a respektvoll mateneen ëmginn. Mir liewen, Gott sei Dank, an enger Demokratie wou et vill Parteie ginn an doduercher och, natierlecherweis, eng Rei ënnerschiddlech Meenungen. Mir mussen net bei alles eens sinn. Et ass beräicherend datt mir mateneen diskutéieren. Mee ech hätt gären, datt mir een op deen anere lauschteren. An ech engagéiere mech och, als äre neie Premierminister, oder Staatsminister wéi d’Lëtzebuerger gäre soen, datt ech nolauschteren, och deenen, déi mech net gewielt hunn, och deenen, déi eng aner Meenung hunn. Dat ass d’Stäerkt vun der Lëtzebuerger Demokratie a vun eisem Modell. Dozou gehéieren natierlech och d’Sozialpartner, d’Zivilgesellschaft an all déi, déi sech wëlle mat flotten Iddien an d’Diskussioun abréngen.

Eist Zil fir 2024 ass e wirtschaftlecht attraktiivt Land, e soziaalt gerecht Land, ze schafen, dozou bäizedroen, datt gutt Aarbechtsplazen entstinn, datt mir d’Aarmut esou wäit wéi méiglech reduzéiert kréien, datt jiddereen an dësem Land eng fair Chance huet a bësse ka mat deenen aneren um allgemenge Wuelstand deelhuelen a glécklech sinn. Woubäi Glécklech sinn net nëmmen eng Fro ass vu materielle Saachen, mee och, datt een no deem anere kuckt: ob ee krank ass an einsam ass, an Hëllef an diverse Situatioune brauch. Alles dat gehéiert zu deem Lëtzebuerg wéi ech mir gäre virstellen.

An natierlech gehéiert dozou och e gudden Ëmgang mat der Natur, der Ëmwelt an dem Klima. Dat maache mir eigentlech net fir eis direkt, och mee net nëmmen, mee virun allem och fir eis Kanner an Enkelkanner. Fir d’Zukunft vun eiser Gesellschaft musse mir dofir suergen, datt mir eng gesond Natur an Ëmwelt halen.

Ech wëll och dat Lëtzebuerg 2024 e pro europäescht Land ass. E Land wat och kuckt wat am Rescht vun der Welt geschitt. An och do hu mir eng Responsabilitéit. Et kann eis net egal si wa fundamental Prinzippien an der Ukrain, am Noen Osten oder op anere Plaze verletzt ginn. Mir mussen eis och kucken anzesetze fir déi Länner, well direkt an indirekt huet dat och eng Inzidenz op eis.

Et puis je voudrais dire à tous ceux qui vivent et travaillent chez nous et qui n’ont pas la nationalité luxembourgeoise, ou qui ne parlent pas notre langue, qu’ils font aussi partie de cette grande communauté luxembourgeoise et de ce projet d’avenir, que j’ai l’ambition de définir avec vous pour notre pays. Nous sommes reconnaissants pour votre contribution et même si vous n’avez pas pu participer aux élections législatives de 2023, je voudrais vous écouter, vous entendre. Vos suggestions seront prises en compte dans le projet d’avenir que nous formulons pour le Luxembourg.

Am Numm vun der ganzer Regierung, an a mengem eegenen Numm géif ech och gären eisem Staatschef, dem Grand-Duc, an der ganzer groussherzoglecher Famill all Guddes fir dat neit Joer wënschen. An Iech all, egal wou Dir an dësem Moment sidd, zu Lëtzebuerg oder am Ausland, wënschen ech all Guddes fir dat neit Joer, eng gutt Gesondheet, vill Freed a vill Gléck am neie Joer.

Zum letzten Mal aktualisiert am