Aktualiséiert den
Noriichten
Mir freeën eis matzedeelen, datt den Andrea Drescher säit dem 1. Abrëll 2025 offiziell als Direkter vun der Fluchsécherungsverwaltung (ANA) ernannt gouf.
D’Prioritéite vum Här Drescher leien doran, dat bestännegt Engagement fir Sécherheet a Kontinuitéit an de Loftnavigatiounsservicer wieder ze stärken, d’Ëmsetzung vu strategesche Projeten ze beschleunegen an d’Kommunikatioun an d’Zesummenaarbecht mat allen internen an externe Partner ze verbesseren.
Mir si voller Vertrauen, datt d’ANA och an Zukunft eng zentral Roll am Loftverkéiersmanagement wäert spillen an zu enger nohalteger an innovativer Entwécklung vun der Aviatioun am Grand-Duché bäidroe wäert.