Beruffschamberen

Zu Lëtzebuerg ginn et 5 Beruffschamberen:

  • Salariéschamber (déi aus enger Zesummeféierung vun der Chambre des employés privés an der Aarbechterchamber den 1. Januar 2009 ervirgeet),
  • Staatsbeamtechamber,
  • Landwirtschaftskummer,
  • Handelskummer,
  • Handwierkschamber.

Se gi vum Legislateur geschaaft, sinn awer net an der Verfassung virgesinn. Hir Haaptaufgab besteet an der Versuergung a Verteidegung vun den Interessie vun de Beruffsgruppen, déi se vertrieden, andeems se dem Staat hir Usiichte ënnerbreeden.

D'Regierung muss ëmmer dann ëm d'Stellungnahm vun de Beruffschambere bieden, wa se Gesetzer oder groussherzoglech Reglementer aféiere wëll, déi haaptsächlech d'Beruffsgrupp betreffen, där hir Interessien se vertrieden. Dat ass eng lëtzebuergesch Particularitéit.

D'Beruffschamberen hunn d'Recht, der Regierung Virschléi bei Ugeleeënheeten ze maachen, déi an hirem Zoustännegkeetsberäich leien. No der Iwwerpréifung vun de Virschléi kann d'Regierung dës un d'Chamber weiderginn.

All Persoun, déi e Beruff ausüübt, deen ënner der Zoustännegkeet vun enger vun de Beruffschambere fält, ass zwangsleefeg Member vun dëser Chamber. D'Zesummesetzung vun de Beruffschambere gëtt duerch Wahlen innerhalb vun all de vertruede Beruffsgruppe bestëmmt. All Member, ob Lëtzebuerger oder Auslänner, kann en aktiivt a passiivt Wahlrecht ausüben. D'Fonctionnement vun enger Beruffschamber entsprécht dem Prinzip vun der Selbstverwaltung.

Aktualiséiert