Geriichtshäff a Geriichter

Generalitéiten

D'Geriichtshäff a Geriichter üben de geriichtleche Pouvoir aus. D'Verfassung garantéiert d'Onofhängegkeet vun de Geriichtshäff a Geriichter bei der Ausübung vun hire Funktiounen, andeems se hiren Tätegkeetsberäich limitéiert, hir Kompetenz festleet an eng Rei Prozedursgarantië virgesäit.

Zu Lëtzebuerg gëtt et e Verfassungsgeriicht an zwou Geriichtsbarkeeten:

  • eng uerdentlech Geriichtsbarkeet, déi iwwert zivil- a strofrechtlech Sträitfäll a Contestatioune vu politesche Grondrechter erkennt;
  • eng Verwaltungsgeriichtsbarkeet, déi iwwert verwaltungsrechtlech Sträitfäll entscheet.

Verfassungsgeriicht

D'Verfassungsgeriicht, dat säi Sëtz zu Lëtzebuerg huet, besteet aus néng Memberen. Et statuéiert iwwert d'Verfassungskonformitéit vun de Gesetzer, mat Ausnahm vun de Gesetzer fir d'Zoustëmmung vun den Traitéen.

Wann eng Partei eng Fro a Bezuch op d'Verfassungskonformitéit vun engem Gesetz virun enger uerdentlecher Geriichtsbarkeet oder enger Verwaltungsgeriichtsbarkeet ervirbréngt, muss dat betraffent Geriicht d'Verfassungsgeriicht saiséieren, ausser et ass der Meenung, dass keng Decisioun iwwert déi ervirbruecht Fro fir säin Uerteel noutwenneg ass oder dass d'Fro iwwert d'Verfassungsméissegkeet net fondéiert ass oder dass d'Verfassungsgeriicht schonn iwwert eng Fro zum selwechten Thema statuéiert huet.

Géint eng Decisioun vum Verfassungsgeriicht ass kee Recours méiglech.

Uerdentlech Geriichtsbarkeet

Friddensgeriichter

D'Friddensgeriicht befënnt sech um ënneschten Niveau vun der Geriichtshierarchie. Déi dräi Friddensgeriichter vum Land hunn hir respektiv Sëtzer an der Stad, zu Esch-Uelzecht an zu Dikrech. Se si fir manner wichteg Ugeleeënheeten an Zivil- an Handelssaachen zoustänneg.

An Zivil- an Handelssaache spille se haaptsächlech d'Roll vun engem Ombudsmann. Se versiche virun allem, eng kolleegial Léisung fir Konflikter ze fannen, mat deene se befaasst ginn.

Am Beräich Strofverfollegung schaffen d'Friddensgeriichter als Policegeriichter.

D'Aarbechtsgeriichter, déi bei de Friddensgeriichter siégéieren, sinn zoustänneg fir Contestatiounen, déi sech op Aarbechts- an Ausbildungsverträg bezéien.

Bezierksgeriichter

D'Land ass an 2 Geriichtsbezierker agedeelt: Lëtzebuerg an Dikrech, fir déi jeeweils e Bezierksgeriicht zoustänneg ass.

Dës Geriichter sinn an Zivil- an Handelssaache fir all d'Ugeleeënheeten zoustänneg, déi d'Gesetz net ausdrécklech enger anerer Geriichtsbarkeet zougewisen huet.

A Strofsaache sinn d'Bezierksgeriichter a Form vun enger Strof- oder Kriminalkummer organiséiert. D'Zoustännegkeet vun där enger oder där anerer Kummer fir e bestëmmte Rechtsfall hänkt vun der Gravitéit vun der Strofdot of.

Schliisslech ass d'Jugend- an Tutellëgeriicht fir déi vum Gesetz festgeluechte Jugendschutzugeleeënheeten zoustänneg.

Ieweschte Geriichtshaff (Cour supérieure de justice)

Hire Sëtz befënnt sech an der Stad an se ëmfaasst:

  • e Cassatiounsgeriicht (Cour de cassation),
  • en Appellsgeriicht (Cour d'appel),
  • e Parquet général.

Den Ieweschte Geriichtshaff siégéiert an enger Generalversammlung, fir iwwert déi intern Ugeleeënheeten ze uerteelen, déi en ubelaangt, ënner anerem iwwert Kompetenzkonflikter an Disziplinarprozedure géint Riichteren.

D'Generalversammlung vum Ieweschte Geriichtshaff befënnt sech ausserdeem iwwer déi vun der Chamber zougeloosse Kloe géint Regierungsmemberen.

D'Cassatiounsgeriicht ass zoustänneg, fir iwwer Uerteeler vum Appellsgeriicht sou wéi iwwer Uerteeler a leschter Instanz vun de Bezierks- a Friddensgeriichter z'erkennen.

Allerdéngs stellt de Pourvoi en cassation keen drëtte Recours duer. D'Cassatiounsgeriicht uerteelt net nach eng Kéier iwwer e Rechtsfall, mä ass zoustänneg fir d'Kontroll vun der geneeër Uwendung vum Recht duerch d'Geriichtshäff a Geriichter, fir sou eng eenheetlech Interpretatioun vum Recht um nationalen Territoire ze garantéieren.

D'Appellsgeriicht befaasst sech mat Decisiounen déi an éischter Instanz vun de Bezierksgeriichter geholl ginn. Et erkennt iwwer Zivil-, Handels-, Kriminal- a Stroffäll sou wéi iwwer Uerteeler vun den Aarbechtsgeriichter.

D'Procureuren, déi de Parquet bilden, gi vum Procureur général d'État bei de Geriichtshäff a Geriichter geleet an üben hir Funktiounen ënner der Autoritéit vum Justizministère aus.

D'Procureure si verflicht, d'Bevëlkerung bei de Geriichtshäff a Geriichter ze vertrieden. Hir Haaptaufgab besteet doran, Verbriechen, Delikter an Infraktiounen ze verfollegen, fir d'Anhale vun de Gesetzer ze suergen an d'Vollstreckung vun den Uerteeler z'iwwerwaachen.

De Parquet kritt, haaptsächlech vun den Affer vun Infraktiounen oder vun der Police, Plainten an Ukloen. En entscheet op Basis vum Opportunitéitsprinzip iwwer déi entspriechend Konsequenzen, d. h. ob d'Aleedung vun enger Strofverfollegung noutwenneg ass oder net. Zu dësem Zweck leet en d'Tätegkeet vun de Beamten an den Agente vun der Police judiciaire am Zoustännegkeetsberäich vun hirem Geriicht.

D'Procureure gi bei der Erfëllung vun hiren Aufgabe vun den Agente vun der Police judiciaire ënnerstëtzt. Dës stellen Infraktioune géint d'Strofrecht fest, ermëttelen d'Täter a sammele Beweiser.

De Procureur général d'État an d'Procureure bilden de Parquet général beim Ieweschte Geriichtshaff. Zwee Procureuren an hir Substitute bilden de Parquet bei de Bezierksgeriichter.

Verwaltungsgeriichtsbarkeeten

Verwaltungsgeriicht

D'Verwaltungsgeriicht mat Sëtz zu Lëtzebuerg statuéiert iwwert Recourse géint sämtlech administrativ Decisiounen, fir déi laut Gesetzer a Reglementer keen anere Recours zoulässeg ass, a géint Verwaltungsakte mat Regelungscharakter, onofhängeg vun den Autoritéiten, vun deenen se ausginn. Et erkennt am Prinzip och iwwer Contestatiounen am Zesummenhang mat direkte Steieren a kommunalen Taxen.

Géint Decisioune vum Verwaltungsgeriicht kann ee virun de Verwaltungsgeriichtshaff an Appell goen.

Verwaltungsgeriichtshaff

De Verwaltungsgeriichtshaff ass déi ieweschst Verwaltungsgeriichtsbarkeet.

Souwäit net anescht vum Gesetz virgesi kann ee virum Verwaltungsgeriichtshaff, deen zu Lëtzebuerg siégéiert, Appell maache géint Decisioune vum Verwaltungsgeriicht, dat als Annulatiounsriichter géint Decisiounen a Saache Verwaltungsakte mat Regelungscharakter statuéiert. De Verwaltungsgeriichtshaff statuéiert am Appell an als Dotriichter iwwer Recourse géint Decisioune vun anere Verwaltungsgeriichtsbarkeeten, déi iwwer Ännerungsrecourse statuéiert hunn, bei deene speziell Gesetzer dëse Geriichter Kompetenzen zougedeelt hunn.

De Staat léisst sech virum Verwaltungsgeriichtshaff duerch en Delegéierten oder en Affekot vertrieden.