Politesch Parteien

Laut Verfassung wierken d'politesch Parteie bei der Wëllensbildung vum Vollek an um Ausdrock vum allgemenge Wahlrecht mat. Se drécken den demokratesche Pluralismus aus.

Ënner politesch Partei versteet een d'Associatioun vun natierleche Persoune mat oder ouni Rechtsperséinlechkeet, déi am Respekt vun den demokratesche Grondrechter zum Ausdrock vum allgemenge Wahlrecht an zu der Wëllensbildung vun der Bevëlkerung esou bäidréit, wéi et a senge Parteistatuten oder sengem Programm definéiert ass.

D'Finanzéierung vun de politesche Parteien ass gesetzlech geregelt. D'politesch Parteien, déi eng vollstänneg Lëscht an all Wahlbezierk bei de Chamberwahlen an eng vollstänneg Lëscht bei den Europawahle virgeluecht hunn an déi op d'mannst zwee Prozent vun de gesamten Stëmme kritt hunn, hunn d'Recht op e Pauschalbetrag vun 100.000 Euro, gehéicht vun engem weidere Betrag vun 11.500 Euro pro zousätzleche Prozentpunkt.

Nëmmen natierlech Persoune sinn autoriséiert, u politesch Parteien ze spenden; Spende vu juristesche Persounen an Associatiounen, Gruppéierungen oder Organismen ouni Rechtsperséinlechkeet sinn net erlaabt. Anonym Spende si verbueden.

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng ganz Rei politesch Parteien, vun deenen déi meescht an der Chamber vertruede sinn. Bei neie Chamberwahlen kënnt et alt scho mol vir, dass sech kleng onofhängeg Parteie bilden.

Aktualiséiert