Staatschef

De Groussherzog

Säit dem 7. Oktober 2000 ass Hir Kinneklech Altess de Groussherzog Henri Staatschef vu Lëtzebuerg.

Als zweet Kand an eelste Bouf vum Groussherzog Jean an der Groussherzogin Joséphine-Charlotte gouf hien de 16. Abrëll 1955 am Betzder Schlass gebuer.

Den Artikel 33 vun der Verfassung seet Folgendes: "De Groussherzog ass Staatschef, Symbol vun der Eenheet a Garant fir d'Onofhängegkeet vum Land. Am Aklang mat der Verfassung an de Gesetzer vum Land üübt hien déi ausféierend Gewalt aus".

Innerhalb an ausserhalb vun de lëtzebuergesche Grenze ass de Groussherzog den Ausdrock vun der Identitéit vum Land. Hie symboliséiert d'Onofhängegkeet vum Land, d'Eenheet vum Territoire a an d' Permanence vum Staat.

De Groussgherzog bedeelegt sech um legislative Pouvoir an üübt den exekutive Pouvoir iwwert seng Regierung aus, déi virun der Chamber politesch verantwortlech ass.

S.A.R. le Grand-Duc
H.K.A. de Groussherzog

Immunitéit an Onverantwortlechkeet

D'Verfassung erkennt dem Staatschef eng eemoleg Stellung ausserhalb vum gemeinschaftleche Recht zou.

D'Verfassung seet effektiv, dass d'Persoun vum Groussherzog immun ass, d. h. hien ënnerläit kenger Rechtspriechung a kann net fir seng Handlunge zur Rechenschaft gezu ginn. D'Immunitéit implizéiert déi komplett Onverantwortlechkeet vum Groussherzog. Dës ass souwuel vum strofrechtleche wéi och vum politesche Standpunkt aus allgemeng an absolut. D'Immunitéit an d'Onverantwortlechkeet vum Groussherzog garantéieren d'Stabilitéit vun der Monarchie an assuréieren och seng Onparteilechkeet géigeniwwer vun der politescher Welt.

Der politescher Onverantwortlechkeet vum Groussherzog steet déi ministeriell Verantwortlechkeet géigeniwwer. All d'Moossnamen, déi de Groussherzog an der Ausübung vu sengem Pouvoir trëfft, musse vun engem Member vun der Regierung géigegezeechent ginn, deen heifir déi ganz Verantwortung iwwerhëlt.

Aufgabe vum Groussherzog am exekutive Kader

Laut Artikel 34 vun der Verfassung verkënnegt de Groussherzog d'Gesetzer. D'Verkënnegung ass e Rechtsakt, duerch deen de Groussherzog den Inhalt vum Gesetz an déi uerdentlech Vollendung vun der Elaboratiounsprozedur vum Gesetz bezeit. Duerch d'Verkënnegung gëtt d'Gesetz vollstreckbar, d. h. applikabel. D'Gesetz gëtt am offizielle Lëtzebuerger Bulletin verëffentlecht.

De reglementaire Pouvoir vum Groussherzog besteet doran, déi fir d'Duerchféierung vun de Gesetzer an Traitéen noutwenneg Reglementer an Arrêtéen ze huelen. Ënner bestëmmten Ëmstänn kann hien dës Kompetenz un d'Membere vu senger Regierung iwwerdroen.

Laut Artikel 74 vun der Verfassung kann de Groussherzog d'Chamber opléisen. An dësem Fall mussen innerhalb vun dräi Méint nei Chamberwahle stattfannen. An der Praxis fënnt d'Opléisung nëmmen op Virschlag vun der Regierung statt. De Groussherzog mécht d'Parlamentssëtzungen op an zou, entweder perséinlech oder iwwer säi Vertrieder. Hie convoquéiert och ausseruerdentlech Sëtzungen.

Laut Verfassung kann de Groussherzog d'Ministeren, déi seng Vertrauenspersoune sinn a mat him den exekutive Pouvoir ausüben, am Prinzip fräi bestëmmen. Stännege Gebräicher no bestëmmt de Groussherzog nëmmen de Premierminister, deen d'Formatioun vun enger Regierung iwwerhëlt, fir déi d'parlamentaresch Majoritéit gestëmmt huet.

Aufgaben am Kader vun der Justiz

D'Rechtspriechung gëtt am Numm vum Groussherzog gefällt, allerdéngs ouni dass hien an d'Geriichtsgewalt agräife kann.

Aufgaben op internationalem Niveau

Als Vertrieder vum Land am Ausland schléisst de Groussherzog Traitéen of a garantéiert d'Interessie vum Staat a vun de Lëtzebuerger.

Nominatiounspouvoir

De Groussherzog regelt d'Organisatioun vun der Regierung a vun den Administratiounen. Ausserdeem ass hie fir d'Ernennungen op Zivil- a Militärämter zoustänneg. Hien ass un der Spëtzt vun der Arméi.

Hoheitsrechter

D'Verfassung behält dem Groussherzog d'Begnodegungsrecht vir, d. h. d'Recht op d'Aussetzung oder d'Reduzéierung vun de Strofen, déi d'Riichter prononcéieren, d'Recht op d'Prägung vu Mënzen an Duerchféierung vum Gesetz, d'Recht op d'Erdeelung vun Adelstitelen, mä ouni Privileegien domat verbannen ze kënnen, sou wéi d'Recht op d'Erdeelung vun zivillen a militäreschen Éierentitelen.

 

Aktualiséiert