Rechnungshaff

De Rechnungshaff gouf am Joer 1999 gegrënnt.

Hien kontrolléiert d'Finanzverwaltung vun de staatlechen Organer, Administratiounen a Servicer. Als stännegt Kontrollinstrument vun der Verfassung ageriicht, huet en ausserdeem en A op déi ëffentlech-rechtlech juristesch Persounen (Gemengen an ëffentlech-rechtlech Anstalten), souwäit dës net enger anerer gesetzlech virgeschriwwener Finanzkontroll ënnerleien. Juristesch Persoune vu privatem Recht ënnerleien och der Kontroll vum Rechnungshaff, souwäit se an de Genoss vun ëffentleche Gelder kommen.

Als "A vum Parlament" ass de Rechnungshaff onofhängeg vum exekutive Pouvoir, ënnersteet awer der Chamber, wat d'Ernennung vu senge Memberen an d'Ausübung vu senge Funktiounen ubelaangt. Fir all fräi Plaz presentéiert d'Chamber dem Groussherzog deementspriechend eng Lëscht mat dräi Kandidaten, vun deenen de Groussherzog een ernennt. De Kolléisch vum Rechnungshaff setzt sech aus fënnef Memberen zesummen, an zwar e President, e Vizepresident an dräi Conseilleren. D'Membere vum Rechnungshaff gi fir sechs Joer ernannt; hir Ernennunge sinn erneierbar.

De Rechnungshaff kann iwwert Gesetzesprojeten oder -propositiounen, déi e bedeitende finanziellen Impakt op den Tresor hunn, vun der Chamber berode ginn. Hien äussert sech dann zu de Bestëmmunge vum Budgetsgesetz an zu de Gesetzespropositiounen oder -projeten a Bezuch op d'Comptabilitéit vum Staat a vun de juristesche Persoune vun ëffentlechem Recht. De Rechnungshaff kontrolléiert och d'Konten an d'Bilane vun de politesche Parteien, déi hir vum President vun der Chamber iwwermëttelt ginn.

Als externe Kontroller iwwerpréift de rechnungshaff ausserdeem d'Legalitéit an d'Regularitéit vun de Recetten an Ausgaben an déi gutt finanziell Gestioun vun den ëffentleche Gelder. D'Kontroll vum Rechnungshaff bezitt sech also op d'Wirtschaftlechkeet, d'Wierksamkeet an d'Effizienz vun den ëffentlechen Ausgaben. Dës Kontroll ass direkt a permanent, sou dass de Rechnungshaff der Chamber all Verletzung vu Gesetzer signaléiert, ouni op d'Presentatioun vun de Konten ze waarden.

De Rechnungshaff entscheet selbstänneg iwwert den Zäitpunkt an d'Method vu senge Kontrollen, déi entweder op der Plaz oder op Distanz stattfannen. All d'Dokumenter oder Informatiounen, déi de Rechnungshaff fir d'Erfëllung vu sengen Aufgabe fir noutwenneg hält, ginn hir op eegen Demande iwwermëttelt. Am Kader vun de Kontrollen trëfft hien all d'Moossnahmen, fir d'Vertraulechkeet vu sengen Untersuchungen ze garantéieren.

De Rechnungshaff verëffentlecht all Joer en allgemenge Rapport iwwert d'Staatskonten, deen an d'Chamber eragereecht gëtt. Ausserdeem kann de Rechnungshaff entweder op Eegeninitiativ oder op Demande vun der Chamber speziell Rapporten iwwert bestëmmte Beräicher vun der Finanzverwaltung presentéieren.

Bei der Ausübung vun hire Funktioune ginn d'Membere vum Rechnungshaff vu 35 Beamten ënnerstëtzt. De Rechnungshaff kann och extern Experten beoptragen, déi ënner seng Kontroll a Responsabilitéit handelen.

Aktualiséiert