Aktualiséiert den
Chamber
D'lëtzebuergescht Parlament, déi sougenannt Chamber, vertrëtt d'Land. D'Chamber üübt de legislative Pouvoir aus.
Hiert Fonctionnement gëtt duerch eng Rei Bestëmmungen an der Verfassung an am vun hir selwer ausgeschafften interne Reglement geregelt.
D'Chamber besteet aus 60 Deputéiert, déi an universeller an direkter Wahl fir fënnef Joer gewielt ginn. All d'Lëtzebuerger, déi d'gesetzlech Bedéngungen erfëllen, dierfen un de Chamberwahlen deelhuelen.
D'Haaptfunktioun vun der Chamber besteet doran, d'Gesetzesprojeten a -propositiounen ze stëmmen.
Hir Memberen hunn e parlamentarescht Initiativsrecht, dat duerch d'Virdroe vu Gesetzespropositiounen ausgeüübt gëtt. D'Chamber préift an diskutéiert d'Gesetzesprojeten oder -propositiounen, mat deenen se saiséiert gëtt. Se adoptéiert oder verwerft se duerch Ofstëmmung.
D'Chamber siégéiert an der Stad an hir Sëtzunge sinn ëffentlech. Se kann nëmme Resolutiounen huelen, wann d'Majoritéit vun hire Memberen do ass. D'Chamber kann d'Präsenz vun de Regierungsmemberen am Kader vun hiren ëffentleche Sëtzunge verlaangen.
Op internationalem Niveau ass d'Zoustëmmung vun der Chamber noutwenneg, dermat en Traité op lëtzebuergeschem Territoire rechtskräfteg gëtt.
D'Reglement vun der Chamber erkennt den Deputéiert d'Recht, Fraktiounen oder fachlech Gruppen ze bilden. Fir als Grupp unerkannt ze ginn, muss dës op mannst fënnef Memberen hunn.
D'Verfassung garantéiert den Deputéiert d'parlamentaresch Immunitéit. Deementspriechend ka keng zivil- oder strofrechtlech Klo géint en Deputéierten erhuewe gi wéinst Meenungen a Stëmmen, déi hien an Ausübung vu senge Funktiounen geäussert huet.
D'Verfassung behält der Chamber eng Rei Handlungsméiglechkeete géigeniwwer vun der Regierung, dem Exekutivorgan, vir.
D'Chamber üübt hiert Kontrollrecht op finanziellem, politeschem an administrativem Niveau aus. Op finanziellem Niveau besteet d'Kontroll vun der Regierung duerch d'Chamber aus der jäerlecher Ofstëmmung vum Budget, dem Recht all Joer d'Staatskonten z'approuvéieren an aus enger gewëssener Iwwerwaachung vun der Verwaltung vum ëffentleche Verméigen.
D'Chamber spillt och eng wichteg Roll bei der Ernennung vun de Membere vum Staatsrot a vum Rechnungshaff.
Se spillt och eng Roll bei der Orientéierung vum politeschen Debat entweder op eegen Initiativ oder op Demande vun der Regierung.