Europäesch Unioun an international Organisatiounen

Den Zweete Weltkrich huet zu enger Neiorientéierung vun der lëtzebuergescher Aussepolitik gefouert. Mat der Participatioun un der alliéierter Krichsbeméiung huet Lëtzebuerg säin Neutralitéitsstatus opginn a konnt sech esou seng Plaz an der internationaler Gemeinschaft assuréieren, déi no 1945 entstanen ass.

Seng kleng Gréisst huet Lëtzebuerg ni doru gehënnert, beim europäeschen Opbau eng aktiv Roll ze spillen. Als multikulturellen a méisproochege Staat opgrond vu senger Geschicht, senger geografescher Lag an der Zesummesetzung vu senger Bevëlkerung huet Lëtzebuerg seng Aussepolitik souwuel op regionalem wéi och op internationalem Niveau op eng aktiv Participatioun un der multilateraler Zesummenaarbecht gestëtzt. Sou gouf d'Land am Laf vun de Jore Member – oft Grënnungsmember – vun enger grousser Unzuel vun internationalen Organisatiounen an Institutiounen.

Europäesch Unioun (EU)

Lëtzebuerg ass ee vun de sechs Grënnungslänner vun der Europäescher Unioun, zesumme mat Frankräich, Däitschland, der Belsch, Italien an Holland.

1957 ënnerschreiwen dës Länner d'Traitée vu Roum iwwert d'Grënnung vun enger Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft (EWG). Bei de Verhandlungen huet d'Regierung de Prinzip vun der Rechtsgläichheet vun alle Staaten, och déi klengst, duerchgesat kritt an eng direkt Representatioun an den europäeschen Institutiounen erreecht.

Momentan ass Lëtzebuerg mat Stroossbuerg a Bréissel eng vun den Haaptstied vun der Europäescher Unioun. Vill europäesch Institutiounen, ënner anerem de Sekretariat vum Europäesche Parlament, den Europäesche Geriichtshaff oder och verschidde Generaldirektioune vun der Europäescher Kommissioun, befanne sech zu Lëtzebuerg.

Europäesch Institutiounen, déi zu Lëtzebuerg sinn:

  • Europäesch Kommissioun
  • Europäesche Geriichtshaff
  • Europäesche Rechnungshaff
  • Europäesch Investitiounsbank
  • Europäeschen Investitiounsfong
  • Europäesche Stabilitéitsmechanismus
  • Eurostat
  • Office vun den offizielle Publikatiounen
  • Iwwersetzungszenter
  • Exekutivagence fir Gesondheet a Verbraucher (EAHC)
  • Generalsekretariat vum Europäesche Parlament

Europarot

Den Europarot gouf 1949 gegrënnt an ass déi eelst politesch Organisatioun um europäesche Kontinent. Lëtzebuerg ass ee vun den 10 Grënnungsmembere vum Europarot.

Lëtzebuerg ënnerstëtzt äifreg d'Ziler vun dëser internationaler Organisatioun, wéi d'Verteidegung vun de Mënscherechter, d'Garantie an de Schutz vun der parlamentarescher Demokratie a vum Rechtsstaat, d'Fërderung vun der Entwécklung vun der europäescher kultureller Identitéit an d'Bekämpfung vu Problemer, deenen d'europäesch Gesellschaft géigeniwwersteet.

Vereent Natiounen (UNO)

Säit Oktober 1945 gehéiert Lëtzebuerg zu den 51 Grënnungsstaate vun de Vereenten Natiounen.

De Fridden an d'Sécherheet, d'Entwécklung an d'Mënscherechter sinn déi dräi Pilieren, op deenen d'UNO berout. Lëtzebuerg huet eng stänneg Representatioun bei verschiddenen Institutioune vun der UNO zu New York, Genf, Wien, Paräis a Roum.

Lëtzebuerg beweist säin Engagement fir d'UNO, hir Ziler a Prinzipien, andeems d'Land net nëmme senge finanzielle Verflichtunge laut Charta nokënnt, mä och zu der fräiwëlleger Finanzéierung vun de Fongen a Programmer vun der UNO bäidréit, andeems et sech un Operatioune bedeelegt fir de Maintien vum Fridden an eng aktiv Politik vun der Entwécklungshëllef féiert.

Organisatioun vum Nordatlantiktraité (NATO)

De 4. Abrëll 1949 gehéiert Lëtzebuerg zu den 10 westeuropäesche Länner, déi zesumme mat den USA a Kanada den Traité vu Washington ënnerschreiwen, deen d'Organisatioun vum Nordatlantiktraité (NATO) an d'Liewe rifft.

Dës Allianz vereent fräi a souverän Staate mam Zil, e gemeinschaftleche Sécherheetssystem ze schafen. Duerch dësen Akt gëtt Lëtzebuerg säin traditionellen Neutralitéitsstatus op, deen dem Land duerch de Londoner Traité vum 11. Mee 1867 zougewise gouf.

Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (OSCE)

D'Aufgab vun der OSCE, déi 1975 am Kader vun der Konferenz iwwert Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (CSCE) gegrënnt gouf, ass d'Fërderung vun der humanitärer, politesch-militärescher an ekonomesch-ekologescher Sécherheet.

Als Grënnungsland verfollegt Lëtzebuerg folgend Ziler: Sécherheet am wäitste Sënn, Fërderung vu gudde tëschestaatleche Bezéiungen, Konfliktpräventioun, Opbauhëllef vun demokratesche Strukturen no Konflikter a Stäerkung vu Vertrauen a Sécherheetsmoossnahmen op Basis vu géigesäiteger Transparenz.

Organisatioun fir ekonomesch Zesummenaarbecht an Entwécklung (OCDE)

1947 gëtt Lëtzebuerg e Grënnungsmember vun der Organisatioun fir ekonomesch Zesummenaarbecht an Europa (OECE), déi mam Zil gegrënnt gouf, d'Hëllef vun den USA a vu Kanada am Kader vum Marshall-Plang ze verwalten. De Marshall-Plang war geduecht, fir den Neiopbau vun Europa nom Zweete Weltkrich ze begleeden.

D'OCDE gouf duerch d'Paräiser Konventioun, déi de 14. Dezember 1960 vun de Vertrieder vu Lëtzebuerg ënnerschriwwe gouf, gegrënnt. Als Nofolgerin vun der OECE besteet d'Aufgab vun der OCDE doran, d'Wirtschaft vun de Memberstaaten ze stäerken, hir Effikassitéit ze verbesseren, d'Maartwirtschaft ze fërderen, de Fräihandel auszebauen an zum Wuesstum souwuel vun Industrie- wéi och vun Entwécklungslänner bäizedroen.

De Rot vun der OCDE vereent eemol am Joer d'Ministeren an d'Staatscheffe vun de Memberstaaten, fir déi wichtegst aktuell Problemer ze traitéieren an d'politesch Strategien ze fërderen, déi dat weltwäit ekonomescht a soziaalt Wuelbefanne verbessere sollen.

Säit dem Bäitrëtt vu Lëtzebuerg an de Comité fir Entwécklungshëllef vun der OCDE am Joer 1992 huet déi lëtzebuergesch Entwécklungshëllefpolitik substanziell evoluéiert.

Welthandelsorganisatioun (OMC)

Säit hirer Grënnung den 1. Januar 1995 ass Lëtzebuerg Member vun der Welthandelsorganisatioun. Et handelt sech ëm déi eenzeg international Organisatioun, déi sech ëm d'Virschrëfte fir den Handel tëschent de Länner këmmert.