Nohaltegkeetsrot

Nohaltegkeetsrot

De "Conseil supérieur pour un développement durable" oder och Nohaltegkeetsrot gouf duerch d'Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer d'Koordinatioun vun der nationaler Politik fir nohalteg Entwécklung gegrënnt. E beréit d'Regierung andeems en Avisen zu alle vun der Regierung getraffenen oder geplangte Mesuren a Relatioun mat der nationaler Politik vun der nohalteger Entwécklung ofgëtt, besonnesch am Kader vum nationale Plang fir nohalteg Entwécklung an zur Ëmsetzung vun internationale Verflichtunge vu Lëtzebuerg.

Den Nohaltegkeetsrot besteet aus engem President, zwee Vizepresidenten an 12 Memberen, déi aus verschiddene Beräicher vun der Lëtzebuerger Gesellschaft stamen an opgrond vun hirem Wëssen, hire Kompetenzen oder hirem Engagement ausgewielt ginn.

Dës Persoune sinn also net als Vetrieder vun enger Organisatioun oder Associatioun Deel vum Nohaltegkeetsrot, mee als Privatpersoun, a mussen deementspriechend autonom agéieren. 

Aktualiséiert