Regierung

Zesummesetzung

D'Regierung setzt sech zesummen aus engem Premierminister, engem oder méi Vizepremierministeren, Ministeren an eventuell engem oder méi delegéierte Ministeren a Staatssekretären.

Laut Verfassung kann de Grand-Duc d'Ministere fräi bestëmmen, déi seng Vertrauenspersoune sinn a mat him den exekutive Pouvoir ausüben.

An der Praxis ass de Grand-Duc a senger Wal opgrond vum demokratesche Prinzip ageschränkt, no deem d'Ministeren net nëmme säi Vertraue mee och dee vun der parlamentarescher Majoritéit mussen hunn. Stännege Gebräicher no bestëmmt de Grand-Duc effektiv nëmmen de Premierminister, deen opgrond vun de Walresultater d'Formatioun vun enger Regierung iwwerhëlt déi d'parlamentaresch Majoritéit akzeptéiere kann. Normalerweis wielt hie bedeitend Perséinlechkeeten, déi Member vun de politesche Parteie sinn, déi an der Chamber representéiert sinn. Et géif hien allerdéngs näischt dorun hënneren, bei Bedarf op Fachleit ouni däitlech definéiert politesch Orientatioun zeréckzegräifen.

D'Ministere mussen déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn. Hiert Amt ass net kompatibel mat de Funktioune vum Deputéierten, Member vum Staatsrot, Gemengerotsmember grad esou wéi mat ëffentleche Funktiounen oder enger berufflecher Aktivitéit.

D'Amtszäit vun engem Minister ass net festgeluecht. Theoretesch kann de Grand-Duc seng Ministere jidderzäit ofsetzen; an der Praxis mécht hien allerdéngs kee Gebrauch vun dësem Recht.

Et ass och üblech, dass d'Regierung den Dag no de Chamberwalen zerécktrëtt an de Grand-Duc déi ausscheedend Regierung biet, déi lafend Geschäfter bis zur Vereedegung vun der nächster gewielter Regierung weiderzeféieren.

Wa keng vun den an der Chamber vertruedene politesche Parteien déi absolut Majoritéit huet, gëtt eng Regierungskoalitioun gebilt. D'politesch Parteien, déi an der Regierung wäerte vertruede sinn, eenegen sech bei Verhandlungen op e gemeinsame Regierungsprogramm an d'Opdeelung vun de ministeriellen Departementer.

Ministeriell Verantwortlechkeet

Laut Verfassung sinn am allgemengen d'Ministere verantwortlech. D'ministeriell Verantwortlechkeet ass ontrennbar mat der Net-Verantwortlechkeet vum Grand-Duc verbonnen. Fir datt eng Handlung vum Grand-Duc wierksam ka ginn, muss se vun engem Regierungsmember géigegezeechent ginn, deen doduerch déi voll Verantwortung dofir iwwerhëlt.

Virun der Chamber sinn d'Ministere fir Handlunge verantwortlech, vun deenen si selwer entweder individuell oder kollektiv d'Auteure sinn. Wann d'Chamber d'Politik vun engem oder méi Ministeren oder vun der ganzer Regierung ofleent, dréckt se hiren Desaccord aus, andeems se entweder géint e bestëmmte vun der Regierung proposéierten Ordre-du-jour stëmmt oder ee vun de Ministere proposéierte Gesetzesprojet ofleent. Wann d'Chamber sech weigert, de Joresbudget ze stëmmen, mécht se d'Gestioun vun den ëffentlechen Ugeleeënheete fir d'Regierung praktesch onméiglech.

Am schlëmmste Fall mussen d'Ministeren als Rechtsfolleg vun hirer politescher Verantwortung vun hirem Amt zerécktrieden, falls d'Chamber hinnen d'Vertrauen entzitt (Mësstrauensmotioun). Et ass üblech, dass d'Ministere beim éischten negative Vott vun der Chamber zerécktrieden.

Laut Verfassung kann nëmmen de Parquet ee Member vun der Regierung opgrond vu sengen Handlungen, an dat och no der Ausübung vu senge Funktiounen, ukloen an d'Prozedur leeden. D'Accusatioune géint Ministere wéinst Handlungen, déi si an Ausübung vun hire Funktioune begaangen hunn, gi virun d'Geriichtsbarkeete vum allgemenge Recht bruecht.