Wirtschafts- a Sozialrot

D'Gesetz vum 21. Mäerz 1966 féiert de Wirtschafts- a Sozialrot (WSR) als berodend Organ vun der Regierung an. D'Aufgab vum Wirtschafts- a Sozialrot besteet doran, wirtschaftlech, finanziell a sozial Froen z'ënnersichen, déi entweder méi Wirtschaftssecteuren oder déi ganz national Wirtschaft betreffen. De Rot kann op Demande vun der Regierung oder aus Eegeninitiativ handelen.

D'Regierung biet ëm eng Stellungnahm vum WSR, wann allgemeng gesetzlech oder regulatoresch Moossnahmen, déi se huele wëll, méi Wirtschaftssecteuren, méi Beruffsgruppen oder déi ganz national Wirtschaft betreffen.

De WSR kann och a spezifesch Fäll oder a Fäll mat allgemengem Interessi sollicitéiert ginn. Zum Beispill, wann d'Beruffschambere grondverschidde Meenungen iwwert e Gesetzes- oder Reglementsprojet hunn.

Ausser an dréngende Fäll muss de WSR all Joer eng Stellungnahm iwwert déi wirtschaftlech, finanziell a sozial Situatioun vum Land virleeën, déi d'Regierung der Chamber weidergëtt.

De Wirtschafts- a Sozialrot setzt sech aus Vertrieder vun den Entreprisen, de fräie Beruffer, der Landwirtschaft an dem Wäibau, vum privaten an ëffentleche Secteur an de Memberen, déi direkt vun der Regierung ernannt ginn, zesummen.

De WSR steet ënner der administrativer Tutelle vum Premierminister.

Aktualiséiert