Noriichten

 

Mir si frou, matzedeelen, datt d’Administration de la navigation aérienne (ANA) den Niveau 3 vum GreenATM-Ëmweltakkreditéierungsprogramm vu CANSO erreecht huet. Dëst ass e wichtege Schrett an eisem Engagement fir eng méi nohalteg Loftfaart.

De GreenATM-Programm, deen 2022 an ugefangen huet, bitt de Fluchsécherungsorganisatiounen (ANSPs) weltwäit e Kader, fir hir Ëmweltleeschtung an hir operationell Effizienz ze evaluéieren a kontinuéierlech ze verbesseren.

Vun Ëmweltengagementer zu konkrete Moossnamen

D’Erreeche vum Niveau 3 spigelt d‘Efforte vun der ANA, fir d’Ëmweltverantwortung an hir alldeeglech Aktivitéiten, strategesch Entscheedungen a laangfristeg Entwécklung ze integréieren.

Mat eisem Ëmweltmanagementsystem an eiser EMAS-Registréierung hu mir e strukturéierte Kader geschaf, fir eisen Impakt op d’Ëmwelt ze geréieren, kloer Ziler festzeleeën an eis Fortschrëtter kontinuéierlech ze iwwerwaachen.

D’ANA ass ausserdeem déi éischt Organisatioun am GreenATM-Programm, déi eng EMAS-Registréierung erreecht huet. Dëst ënnersträicht eist Engagement fir Transparenz, onofhängeg Iwwerpréiwung an Ëmweltverantwortung.

Dës Akkreditéierung erkennt ënner anerem d’Fortschrëtter a follgende Beräicher un:

·         D’Verbesserung vum Energiemanagement an d’Iwwerwaachung vum Energieverbrauch;

·         Déi verstäerkt Notzung vun erneierbaren Energiequellen;

·         D’Integratioun vun nohaltegen Technologien an zukünfteg Infrastrukturen;

·         D’Ëmsetzung vun ëmweltbewosste Beschaffungspraktiken;

·         D’Ëmsetzung vu Léisungen am Beräich vum Loftverkéiersmanagement, déi zur Verbesserung vun der Ëmweltleeschtung bäidroen.

E gemeinsame Succès

„D’Erreeche vum Niveau 3 vun der GreenATM-Akkreditéierung ass e wichtege Meilesteen fir d’ANA. Et bestätegt eist Engagement fir Ëmweltnohaltegkeet an operationell Exzellenz a wierdegt den Asaz vun eisen Ekippen, fir den Impakt vun eisen Aktivitéiten op d’Ëmwelt ze reduzéieren. Mir soen CANSO Merci fir dës Unerkennung a freeën eis drop, eis Efforten weiderzeféieren“, erkläert den Yves Becker, Environment Manager bei der ANA.

Dëse Succès ass d’Resultat vun de gemeinsamen Efforte vun eisen Ekippen an hirem Engagement, eis Aktivitéite kontinuéierlech ze verbesseren.

Mir soen CANSO Merci fir dës Unerkennung, grad ewéi all eise Mataarbechter a Partner, déi hiren Deel zu enger méi nohalteger Loftfaart bäidroen.

Den Niveau 3 ass keen Endzil, mee e weidere wichtege Schrëtt op eisem Wee an eng méi nohalteg Zukunft fir d’Loftfaart.

Méi Informatiounen iwwer de GreenATM-Programm: https://canso.org/greenatm/