Aktualiséiert den
Noriichten
De Kulturminister Eric Thill huet den 30. Oktober 2024 d'Madamm Sarah Muller, Attachée am Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, vereedegt.
D'Madamm Sarah Muller ass promovéiert Soziolinguistin a bekëmmert sech beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an der Haaptsaach ëm d'Wanderausstellung „D'Lëtzebuerger Sprooch(en)“, ëm där hir Valorisatioun a Weiderentwécklung. Ausserdeem koordinéiert si eng Offer u Coursen iwwer an ëm d'Lëtzebuergescht an eng Serie vun ZLS-Radiobäiträg.Si ass och verantwortlech fir d'Betreiung vun de Studenten an de Stagiairen, déi bei den ZLS schaffe kommen.