Aktualiséiert den
Noriichten
Eis Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ ass erëm ënnerwee!
Vum 22. September bis den 8. Oktober 2026 ass eis Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ zu Leideleng am Kultur- a Veräinshaus „An der Eech“ ze gesinn.
Se ass vu méindes bis freides vu 7:30 bis 17:00 Auer fir de Public zougänglech.
D'Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“
© ZLS / Tessy Troes
Datumer vun de Visite-guidéeën:
- Mëttwoch, den 30. September, um 18:30 Auer (op Lëtzebuergesch)
- Freideg, den 2. Oktober (Afterwork-Quiz a Visite guidée), um 18:30 Auer (d’Sprooch gëtt un de Public ugepasst)
Wichteg: Wann Dir un enger vun dëse Visite-guidéeë wëllt deelhuelen, da musst Der Iech per E-Mail op expo@zls.etat.lu umellen.
A wann Dir en Donneschdeg, de 24. September, um 18:30 Auer wëllt um Vernissage deelhuelen, da musst Der Iech bei der Gemeng Leideleng iwwer dës E-Mail-Adress umellen: events@leudelange.lu