Noriichten

De Kulturministère organiséiert de 26. September déi zweet Editioun vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Op dësem Dag, deen dëst Joer op e Samschdeg fält, gëtt och dës Kéier erëm en ofwiesslungsräiche Programm uechter d’Land ugebueden. 

Iwwersiicht vun de Konferenze vum ZLS um Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch

Op engem extrae Site fannt Dir all d’Eventer ronderëm d’Editioun 2026 vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Zu dësen Eventer gehéieren och Konferenzen, déi den ZLS zesumme mat de jeeweilege Gemengen ubitt.

Hei fannt Dir eng Iwwersiicht:

  • Lëtzebuergesch am Gebrauch

26.9.2026 | 11:00 Auer | Augustinshaus (73, route du Vin L-5447 Schwéidsbeng)

26.9.2026 | 15:30 Auer | Centre de Formation „Am Bongert“ (128, route de Trèves L-6960 Senneng)

  • D’Lëtzebuerger Orthografie

26.9.2026 | 11:00 Auer | Galerie am Duerf „Robert Daleiden“ (2, montée Willy Goergen L-7322 Steesel)

  • Digital Hëllefsmëttele ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch

26.9.2026 | 13:00 Auer | Galerie am Duerf „Robert Daleiden“ (2, montée Willy Goergen L-7322 Steesel)

  • De Lëtzebuerger Online Dictionnaire

26.9.2026  | 11:00 Auer | Centre Bureck (3, rue de la Fontaine L-8058 Bartreng)

  • Variatioun am Lëtzebuergeschen

26.9.2026 | 15:30 Auer | Centre d’art (11, Grand-Rue L-9710 Clierf; Accès via Trapen oder Lift)

26.9.2026  | 18:00 Auer | Centre culturel (1, am Kierchepesch L-9151 Eschduerf)

  • D’Geschicht vum Lëtzebuergeschen a vun de Sproochen zu Lëtzebuerg

26.9.2026 | 11:00 Auer | Centre culturel Schungfabrik (14, rue Pierre Schiltz L‑3786 Keel) 

Event Datum

26.09.2026 - 26.09.2026