Aktualiséiert den
Sproochmaschinn.lu: Eric Thill presentéiert digital Applikatioune fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Den 10. Februar 2025 huet de Kulturminister Eric Thill eng éischt Versioun vum neie Site sproochmaschinn.lu vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) presentéiert. Et handelt sech heibäi ëm déi éischt Web-Applikatioun, déi zwou wichteg Funktioune vun der moderner digitaler Sproochveraarbechtung fir d'Lëtzebuerger Sprooch accessibel mécht: Nieft enger verbesserter Sproocherkennung fir déi automatesch Transkriptioun vu geschwatener Sprooch bitt d'Plattform och eng fuschnei Funktioun fir déi sougenannte Sproochsynthees. Dës erméiglecht et, geschriwwen Texter a geschwate Sprooch ëmzewandelen.
Domat erreecht d'Lëtzebuergescht eng weider wichteg Etapp am Beräich vun der Kënschtlecher Intelligenz.
Schreifmaschinn: Dir schwätzt, d'Maschinn schreift – elo nach besser
Nodeems mat schreifmaschinn.lu 2022 en éischte Prototyp fir d'Sproocherkennung – also d'Verschrëftleche vu geschwatener Sprooch (Speech-to-Text) – op Lëtzebuergesch lancéiert gouf, huet d'Ekipp vum ZLS iwwer déi lescht Joren dru geschafft, fir den Tool méi performant a benotzerfrëndlech ze maachen. Déi nei Versioun mécht manner Feeler, transkribéiert déi regional Sproochvarianten aus de verschiddene Géigende vum Land méi authentesch, a bitt d'Méiglechkeet, méi laang Opnamen transkribéieren ze loossen ewéi bis elo.
Wärend de Modell fir d'Transkriptioun am Hannergrond schafft, muss ee selwer näischt weider maachen: Eng benotzerfrëndlech Interface informéiert een iwwer de Status vu senger Requête.
Déi fäerdeg Transkriptioun ka kopéiert a weiderverschafft ginn. Se kann als normalen Text erofgeluede ginn oder a verschiddene Formater mat integréierten Timestampen, wat ënner anerem d'Ënnertitele vu Videoe soll vereinfachen.
Liesmaschinn: Dir schreift, d'Maschinn liest vir – mat enger bekannter Stëmm
Eng weider Innovatioun vu sproochmaschinn.lu ass eng Funktioun fir déi sougenannte Sproochsynthees (Text-to-Speech). Dës wandelt Text a geschwate Sprooch ëm. Inspiréiert vum Pendant fir d'Sproocherkennung – der Schreifmaschinn – gouf deen neie Produit Liesmaschinn gedeeft. Mat dësem Release gëtt e wichtege Baustee geluecht, fir d'Lëtzebuerger Sprooch an der digitaler Welt vun haut méi accessibel an inklusiv ze maachen. Esou liwwert d'Liesmaschinn d'Grondlag fir d'Entwécklung vu weideren Outilen, déi zum Beispill Persoune mat ageschränkter Vue am Alldag kënnen ënnerstëtzen.
Entwéckelt gouf den neien Outil vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) op Basis vun enger Viraarbecht vum Här Marco Barnig, Expert um Gebitt vun den neien Technologien. D'Kënschtlech Intelligenz hannert dem Sproochmodell gouf mat Text- an Audiomaterial aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) gefiddert. Den Outil ass awer kapabel, och Wierder a Sätz, déi een net eent zu eent am LOD erëmfënnt, richteg auszeschwätzen. Ma den digitalen Output behält derbäi ëmmer e mënschlechen Touch: Ageschwat goufen d'Audiodaten, mat deem den Outil trainéiert gouf, nämlech vum laangjäregen RTL-Mataarbechter Max Kuborn. Hie léint der Liesmaschinn domat gewëssermoosse seng Stëmm.
Wéi gutt d'Sproochsynthees op Lëtzebuergesch scho funktionéiert, kann ee vun elo un op sproochmaschinn.lu ausprobéieren. Dobäi gëllt: Wat den Text méi korrekt geschriwwen ass, wat d'Resultat besser ass. Dofir recommandéiert d'Ekipp vum ZLS, esou gutt ewéi méiglech op d'Orthografie an d'Interpunktioun opzepassen a bei Bedarf op de Site spellchecker.lu zeréckzegräifen. An deem Zesummenhang gëtt dann och op déi aktuell Limitte vun der Applikatioun higewisen: Well dës spezifesch op d'Lëtzebuerger Sprooch ausgeriicht ass, deet se sech notamment schwéier mat Friem- oder geléinte Wierder, déi net onbedéngt der üblecher Aussprooch respektiv Schreifweis vum Lëtzebuergeschen entspriechen. Dat selwecht gëllt och fir Eegennimm, zum Beispill vu Plazen, Persounen oder Institutiounen, gradewéi fir bestëmmten Ofkierzungen.
Aus dësem Grond ass den ZLS, wéi den Eric Thill betount, op de Feedback vum Grand public ugewisen, fir dës Outilen an Zukunft nach méi performant ze maachen. Wie konkreet Doleancen huet – zum Beispill par rapport zu bestëmmten Ausdréck, mat deenen d'KI den Ament nach net esou gutt eens gëtt –, ass häerzlech invitéiert, per Mail op lod@lod.lu Kontakt mam ZLS opzehuelen. Och Privatpersounen oder Betriber, déi d'Capacitéite vun der Sproochmaschinn iwwer d'Limitte vum Site eraus wëllen asetzen, kënne sech beim ZLS mellen, fir sech gratis beroden ze loossen.
Eng grouss Opportunitéit fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Bei der Presentatioun vu sproochmaschinn.lu huet de Kulturminister Eric Thill d'Plattform als "e weidere wichtege Schratt am Hibléck op den Aktiounsplang fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch" bezeechent a betount, datt "d'Lëtzebuergescht elo och um digitalen Niveau fir jidderee méi zougänglech gemaach gëtt. Mat dësen neie Méiglechkeete maache mir eis Sprooch prett fir d'Zukunft".
De Kulturminister ënnersträicht ausserdeem, datt am Kader vu sproochmaschinn.lu grousse Wäert op d'Theema Dateschutz geluecht gëtt. Deementspriechend gi weeder d'Text- nach d'Audiodonnéeën, déi iwwer déi zwou Komponente vun der Plattform – d'Schreifmaschinn an d'Liesmaschinn – verschafft respektiv generéiert ginn, an iergendenger Form gespäichert.
Communiqué vum Kulturministère/ Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)