Nei Modalitéite fir déi temporär steierlech Avantagen am Beräich vum Logement: "Méi Flexibilitéit fir Keefer a Fërderung vun der Offer a vum Ausbau vu Wunnraum"

Den 2. Juni 2025 huet de Finanzminister Gilles Roth déi nei Modalitéite presentéiert, fir kënne vun den temporäre steierlechen Avantagen ze profitéieren, déi mam Gesetz vum 22. Mee 2024 iwwert d'Aféierung vun engem Mesurëpak fir den Immobiliemarché nees unzekuerbelen, agefouert goufen. En entspriechende Gesetzesprojet gouf vun der Regierung approuvéiert.

Den aktuelle legale Kader gesäit effektiv d'Auslafe vun de Steiermesurë fir de Kaf vun Immobilie vir, déi net virum 30. Juni 2025 virum Notaire aktéiert goufen. Wéinst de villen Demanden, riskéieren d'Banken an Notären allerdéngs d'Ufroen net all rechtzäiteg beaarbechten ze kënnen.

Méi Flexibilitéit fir d'Keefer

Fir deem entgéintzewierken, gëtt den neie Gesetzesprojet Immobiliekeefer méi Flexibilitéit.

Den Delai vum 30. Juni 2025 gëtt bäibehalen, allerdéngs geet et duer wann déi betraffe Keefer spéitstens bis dohin en ënnerschriwwenen Compromis oder Reservatiounsvertrag fir eng Vente en l'état futur d'achèvement beim Enregistrement enregistréiere loossen. De Kaf muss doropshin duerch en Nottärsakt formaliséiert ginn, deen tëscht dem 1. Juli an dem 30. September 2025 offiziell ënnerschriwwe gëtt.

Follgend steierlech Mesuren si vun dësem Gesetzesprojet viséiert:

  • de Steierkredit fir Locatiounen an Héicht vun 20 000 pro physesch Persoun;
  • d'Halbéierung vun der Base imposable fir Enregistrementskäschten;
  • den Amortissement accéléré vu 6%;
  • d'Besteierung vun de Cessiounsbeneficer zu engem Véierel vum allgemenge Steiersaz;
  • d'Steierbefreiung vu Plus-valuen am Fall vun engem Transfert op Gebaier, déi fir sozial Locatioune benotzt ginn, oder op Wunngebaier, déi de Standard A+ erreechen.

De "Bëllegen Akt" fir de Kaf vun Immobilien zu perséinlechen Zwecker ass net betraff vun dësem Gesetz. Dee bleift iwwert den 30. Juni 2025 eraus bei 40 000 Euro.

E Guide fir déi betraffe Persounen

Fir d'Keefer an hiren Demarchë beim Enregistrement ze ënnerstëtzen, gouf e spezifesche Guide erstallt. Hei fannen déi betraffe Persounen Detailer zu de kompetenten Ulafstellen an aner praktesch Informatiounen.

Dëse Guide ass och op der Aktualitéitssäit vum Portail de la fiscalité indirecte vum Enregistrement disponibel: Portail de la fiscalité indirecte - Luxembourg

De Finanzminister Gilles Roth erkläert: "D'Regierung hat versprach dass de Steierpak net iwwert den 30. Juni 2025 géif verlängert ginn. An dat hale mir och an. Gläichzäiteg musse mir handlungsfäeg bleiwe fir kënne bei Bedarf ze reagéieren. Mat dësem Gesetzesprojet, bidde mir de Keefer méi Flexibilitéit an ënnerstëtze gläichzäiteg d'Offer an den Ausbau vu Wunnraum."

Communiqué vum Finanzministère

Membre du gouvernement

ROTH Gilles

Date de l'événement

02.06.2025