Lancement vun der nationaler Campagne iwwer d'Kënschtlech Intelligenz

Ënnert dem Slogan "KI am Déngscht vum Mënsch" huet de Premierminister Luc Frieden offiziell déi national Campagne AI4LUX iwwer d'Kënschtlech Intelligenz (KI) lancéiert. D'Zil vun dëser Campagne ass et d'KI als en Instrument am Déngscht vun de Bierger, vun der Kompetitivitéit a vun der Souveränitéit vum Land ze positionéieren.

De Start vun dëser Campagne fält matzen an eng decisiv Phas fir Lëtzebuerg, ee Joer nom Lancement vu senger nationaler KI-Strategie (Mee 2025). Déi verschidde Ministèren an Administratioune schaffen aktuell un enger Rei vu konkreten an innovative Projeten, déi dozou bäidroen, den ëffentlechen Déngscht ze moderniséieren, d’Kompetitivitéit vum Land ze stäerken an de Bierger e bessere Zougang zur Informatioun ze bidden.

Obwuel d'KI nach an de Kannerschong stécht, huet si sech schonn als eng transversal Technologie etabléiert, déi Beräicher wéi Educatioun, Aarbechtswelt, Gesondheet, Wirtschaft, ëffentlechen Déngscht, Kultur a Medien, fir der nëmmen e puer ze nennen, déifgräifend verännert. D'Regierung ass sech bewosst, wéi wichteg e fundéiert Verständnis, eng verantwortungsvoll Kontroll an eng kollektiv Sensibilitéit fir déi Froen sinn, déi sech bei all technologeschem Fortschrëtt stellen. Gläichzäiteg hieft si dat grousst Potential vun dëser innovativer Technologie fir de sozialen an technesche Fortschrëtt ervir.

Op engem neien Internetsite kritt een en Iwwerbléck iwwer staatlech Projeten am Beräich vun der KI a wat hir konkret Virdeeler fir d'Gesellschaft sinn. Op dëser Plattform kënnen d'Bierger sech iwwer déi verschidden aktuell Initiativen informéieren.

Op enger gemeinsamer Pressekonferenz mam Arthur Mensch, CEO vu Mistral AI, huet de Premierminister d'Prioritéiten an d'Haaptprojete vun der Regierung virgestallt. D’Zil ass et, Lëtzebuerg zu engem wichtege weltwäiten Acteur am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz ze maachen. Dës strateegesch Partnerschaft, déi am Juni 2025 tëscht Lëtzebuerg an Mistral AI, engem vun den europäesche Leaderen am Beräich vun der KI, ënnerschriwwe ginn ass, weist wéi wichteg et fir Lëtzebuerg ass eng aktiv Roll bei enger verantwortlecher, innovativer a souveräner KI ze spillen.

D'Partnerschaft mat Mistral AI huet eng entscheedend Etapp erreecht: duerch d'Implementéierung vu KI-Léisungen zu Lëtzebuerg ass d'Sécherheet an d'Vertraulechkeet vun den Daten, déi um lëtzebuergeschen Territoire gespäichert ginn, garantéiert. Am Kader vun enger Moderniséierung vum Staat, sollen an de kommende Wochen all d'Fonctionnairen Zougang zu engem souveränen Chatbot kréien. Dësen Outil soll et hinnen erméiglechen, sensibel Donnéeë sécher ze veraarbechten an personaliséiert digital Assistenten z’entwéckelen, déi si bei alldeeglechen Aufgaben ënnerstëtzen.

Parallel dozou erstreckt sech dës Zesummenaarbecht och op aner Projeten, dorënner d'Entwécklung vun engem juristeschen Chatbot op der Plattform Legilux. Dësen neien Dialogassistent soll den Zougang zum Droit erméiglechen, grad esouwéi de Bierger an de Betriber hëllefen sech méi einfach am Lëtzebuerger an europäesche legale Kader erëmzefannen. Am Moment ginn och nach weider Projeten an Zesummenaarbecht mat lokalen Acteure virbereet. Dozou gehéiert ënnert anerem d'Aféierung vun engem Chatbot op deene staatlechen Internetsitten déi am meeschte besicht ginn. Dëse soll de Bierger an de Betriber dobäi hëllefen déi néideg Informatioune méi schnell ze fannen.

D'Kënschtlech Intelligenz wäert eis Gesellschaft schnell an déifgräifend prägen. Eis gemeinsam Verantwortung läit doranner dës Entwécklung esou ze gestalten, datt se inklusiv an eethesch ass, a fir jidderee vun Notze ka sinn. Mat dëser Campagne, der nationaler Strategie an der Partnerschaft mat Mistral bekräftegt Lëtzebuerg säi Wëllen en engagéierten Acteur – an net nëmmen e Spectateur – vun dëser technologescher Revolutioun ze sinn. An dës Erausfuerderung wëll Lëtzebuerg gemeinsam mat alle Bedeelegten am Interessi vum Land a vu senge Bierger ugoen.

Communiqué vum  Staatsministère

Membre du gouvernement

FRIEDEN Luc

Organisation

Ministère d'État

Date de l'événement

04.03.2026