Chrëschtusprooch vum Grand-Duc op Hellegowend 2024

Léif Matbierger,

2024 geet op en Enn, an d'Chrëschtzäit ass e gudden Ament fir iwwer dat vergaangent Joer ze kucken. Dës Kéier maachen ech dat mat besonnesch grousser Emotioun, well et ass fir d'Lescht wou ech als äre Staatschef d'Chrëschtried halen. 

Son Altesse Royale le Grand-Duc Henri
© Maison du Grand-Duc

Léif Matbierger,

2024 geet op en Enn, an d'Chrëschtzäit ass e gudden Ament fir iwwer dat vergaangent Joer ze kucken. Dës Kéier maachen ech dat mat besonnesch grousser Emotioun, well et ass fir d'Lescht wou ech als äre Staatschef d'Chrëschtried halen.

Wéi der wësst, ass de Prënz Guillaume säit dem 8. Oktober Lieutenant-Representant a bereet sech intensiv op den Trounwiessel vir. Fir dës Ried awer nach méi spannend ze maachen, verroden ech Iech eréischt um Enn, wéini dat wäert sinn.

Wann ech haut, no bal 25 Joer zréck kucken, maachen ech dat mat déiwer Dankbarkeet an Demut.

Et war eng Period, an där Lëtzebuerg eng grouss Entwécklung gemaach huet, an ech si frou dass ech, zesumme matt der Grande-Duchesse, en Deel vun dëser Rees matt Iech konnt machen.

Et war e Véierels Joerhonnert vun Erausfuerderungen, Chancen an Hoffnung op eng besser Zukunft: vun technologeschem an ekonomesche Fortschrëtt, vu gesellschaftlechen Entwécklungen, awer och vu ville Konflikter. Alles Momenter déi eis zum Nodenken - an eis als Natioun méi no bruecht hunn. A mir hunn zesumme gehalen, fir Lëtzebuerg méi liewenswäert an nohalteg ze maachen. Et gouf ëmmer probéiert, mat geziilte Mesüren ze verhënneren, dass kee vun eis ofgehaangen oder ausgeschloss gëtt. D'Stäerkt, jo d'Zukunft vun eiser Gesellschaft, läit och an hirer Solidaritéit.

De Klimawandel ass wuel déi gréisst Erausfuerderung fir d'Zukunft, awer och geopolitesch Spannungen, Kricher a wirtschaftlech Ëmbréch ginn eis alleguer ze denken. D'Liberatioun vun Auschwitz virun 80 Joer féiert eis virun Aen, zu wéi enger Grausamkeet mir kapabel sinn, wa mir eis fundamental Mënscherechter vernoléissegen. Dat däerfe mir ni vergiessen.

 

Léif Matbierger,

Zu Lëtzebuerg steet de Grand-Duc iwwer de Parteien a mëscht sech net an de politeschen Débat an. Dat heescht awer net, datt hie keng Stellung bezéie kann, wann et ëm fundamental Interesse vum Land a vu senge Bierger geet.

Dat hunn ech an de leschte 25 Joer probéiert ze maachen, mat, vun Ufank un, engem besonnesche Fokus op Diversitéit vun eiser Bevëlkerung an d'Noutwendegkeet vum Zesummeliewen, wéi och Nohaltegkeet an alle Beräicher, vir eise Kanner e gesond Land ze hannerloossen.

Lëtzebuerg ass jo e besonnescht Land. Et ass eng Kräizung vu Kulturen, eng Plaz vun Dialog an Austausch, wou Leit aus allen Deeler vun der Welt mat de Lëtzebuerger zesumme kommen a liewen. Dëst Zesummeliewen ass eis Kraaft. Ech weess datt dat net onbedéngt vum selwe fonctionéiert. Mir sinn en eenzegaartege Modell an Europa, mee e Modell, un deem mir all Dag schaffe mussen.

Mir sollen awer och houfreg sinn iwwer dat, wat mer fäerdeg bruecht hunn. Dat ass op alle Fall de Message deen ech vu ganz villen auslännesche Matbierger héieren. An de Wee fir do ze sinn, wou mir haut stinn, hu mir all zesumme gebaut.

Och no baussen huet eist Land, zënter laangem schonn, sech vir de Multilateralismus agesat, jo den Dialog tëscht Natiounen, an dat fir eis Wärter wéi Demokratie, Fraiheet a Menscherechter ze verteidegen.

 

Léif Matbierger,

E Land, dat ass jo keng abstrakt Notioun. Lëtzebuerg, dat sidd dir all déi hei wunnen a schaffen. Niefteneen a mateneen. Dir sidd dat, wat Lëtzebuerg besonnesch mécht.

Dofir wëll ech iech vun hei aus e grousse Merci soen, iech alleguer. Merci deenen, déi all Dag fir dëst Land schaffen, ob Lëtzebuerger, Net-Lëtzebuerger, Awunner a Frontalieren, fir eng Paie oder als Bénévol. Ären Asaz ass wesentlech fir de Wuelstand vun eiser Gesellschaft an eng Garantie fir d'Zukunft vun eisem Land.

D'Joer 2025 steet virun der Dier a bréngt nei Méiglechkeete fir eis Visioun vu Lëtzebuerg virun ze bréngen: e Land dat op Diversitéit an Innovatioun setzt, dat an d'Educatioun an d'Fuerschung investéiert, dat Verantwortung an Europa an an der Welt iwwerhëlt. E Land wou d'Bierger un éischter Stell stinn. Mir sinn e Land dat ni stoe bleift. Mir stellen eis dësen Erausfuerderunge mat Vertrauen a Courage.

 

Léif Matbierger,

Ech gleewe fest un déi nächst Generatioun. Si wäert Verantwortung iwwerhuele fir hoffentlech eng besser, méi eng friddlech an nohalteg Welt.

Fir di meescht Matbierger vu menger Generatioun ass de Moment komm sech elo zréckzezéien.

Dat ass en natierleche Prozess an deen huet seng Ursaachen. Dat gëllt och fir mech. Um leschten Nationalfeierdag hat ech annoncéiert de Prënz Guillaume zum Lieutenant-Representant ze ernennen. Haut sinn d'Grande-Duchesse an ech frou iech mat ze deelen dass de Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie den 3. Oktober 2025 eis Nofollger wärte gin.

Ech weess dass Si mat all hirer Kraaft zum Wuel vum Land wäerte bäidroen.

 

An deem Sënn wënschen ech Iech, mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie, an all eise Kanner, vu ganzem Häerze schéi Chrëschtdeeg an all Guddes fir d'neit Joer.

 

Joyeux Noël et Bonne Année!

Schöne Weihnachten und ein frohes neues Jahr!

Bom natal e feliz anno nuovo!

Merry Christmas and a Happy New Year!

 

Thème

Monarchie

Date de l'événement

24.12.2024