Regierungsëmbildung

De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert, datt Seng Kinneklech Altesse de Grand-Duc dësen Nomëtteg den Étienne Schneider, Vizepremierminister, Wirtschaftsminister a Gesondheetsminister, op deem säi Wonsch hin éierenhaft entléisst.

 

De Franz Fayot gëtt als neie Regierungsmember vereedegt. Hie gëtt zum Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten a Wirtschaftsminister ernannt.

Den Dan Kersch, Sportsminister a Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, gëtt zum Vizepremierminister ernannt a behält seng ministeriell Kompetenze bäi.

D'Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten a Ministesch fir Konsumenteschutz, gëtt zur Gesondheetsministesch an delegéiert Ministesch fir sozial Sécherheet ernannt a behält hir Zoustännegkeet fir de Konsumenteschutz.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung

Membre du gouvernement

  • BETTEL Xavier
  • FAYOT Franz
  • KERSCH Dan
  • LENERT Paulette
  • SCHNEIDER Étienne

Organisation

Date de l'événement

04.02.2020