Den Aussen- a Europaminister Jean Asselborn hält zu Steinfeld, bei Karlsruhe, eng Laudatio op de Gewënner vum Martini Präis 2019.
De Martini Präis gëtt all Joers u Perséinlechkeete verginn, fir hir besonnesch Leeschtungen an de Beräicher Demokratie, Politik, wéi och am sozialen a kulturelle Liewen.
Dëst Joer geet de Präis un de fréiere Ministerpresident vu Rheinland-Pfalz Kurt Beck.