Aktualiséiert den
D’Martine Hansen besicht ee Repair Café an der Gemeng Esch-Sauer
An Zesummenaarbecht mam Naturpark Öewersauer, CELL asbl a Repair Café asbl huet d’Gemeng Esch-Sauer hiren éischte Repair Café organiséiert. D’Ministesch fir Konsumenteschutz, Martine Hansen, war op der Plaz, fir dës Initiativ z’ënnerstëtzen, déi net nëmmen zur Offallreduktioun bäidréit, mee och ee méi verantwortungsbewosste Konsum fërdert.
D’Diversitéit vun de Reparature, déi ugebuede goufen, huet e breede Publikum ugezunn, deen drun interesséiert war, d’Liewensdauer vun hiren Objeten ze verlängeren, amplaz se einfach ze ersetzen. Dank de verschiddene Kompetenze vun de fräiwëllegen Experten op der Plaz hu vill Géigestänn – Haushaltsapparater, Kleeder, kleng Miwwelen oder och Vëloen – en zweet Liewe kritt.