D’Lëtzebuerger Sproochegesetz feiert 40 Joer

De 24. Februar sinn et elo genee 40 Joer hier, datt d’Sproochegesetz hei zu Lëtzebuerg vum Grand-Duc ënnerschriwwe gouf.

No laangen Debatten am Juli 1983 an am Januar 1984, huet deemools d’Chamber dat Gesetz mat 48 Stëmmen, géint dräimol Neen a fënnef Enthalungen, ugeholl. D’Gesetz krut Stëmmen aus alle Fraktiounen, déi an der Chamber vertruede waren. Dës Sitzunge waren déi éischt, déi vum Chamberpresident op Lëtzebuergesch geleet goufen. Et waren am Ganzen 21 Riede fir dëst Gesetz mat nëmme fënnef Artikelen.

Lëtzebuergesch gouf gesetzlech als Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger unerkannt. Gläichzäiteg goufe Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch als Amtssprooche festgehalen. Den Text gesäit Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch als dräi gläichberechtegt administrativ a juristesch Sproochen un, woubäi legal Texter op Franséisch verfaasst musse ginn. Den 23. September 2018 gouf d’Gesetz déi eenzeg Kéier geännert, andeems d’Gebäerdesprooch bäigesat gouf. 

An Tëschenzäit huet sech Lëtzebuergesch och als Schrëftsprooch an der Literatur an an den digitale Medien emanzipéiert. Des Weidere goufen enorm Efforte gemaach, fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze standardiséieren, ze dokumentéieren, ze léieren an ze fërderen. Dës Efforten droen hir Friichten, well Lëtzebuergesch ass méi wéi jee eng lieweg a respektéiert Sprooch, déi ëmmer méi gefrot ass: Iwwer 15.000 Aschreiwungen 2022/23 gouf et fir d’Coursë vum Institut national des langues Luxembourg a vum Service de la Formation des adultes, a bal 70.000 Leit léiere Lëtzebuergesch online iwwer den LLO. Per Gesetz gouf den 8. Mäerz 2023 och den Diplom Lëtzebuergesch als Friemsprooch agefouert.

Mam Gesetz vum 20. Juli 2018 iwwer d’Fërdere vum Lëtzebuergesche gouf den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch geschaf, dee Reegelen iwwer d’Schreifweis an d’Grammatik vun der Lëtzebuerger Sprooch publizéiert, de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) betreit an eis Sprooch am digitale Beräich virundreift. 

De 14. Dezember 2022 huet d’Regierung den Aktiounsplang mat 50 Mesuren am Interessi vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl. Dës Mesurë leeë Wäert op dräi Voleten: 

  1. Lëtzebuergesch léiere fir jiddwereen
  2. Visibilitéit a Gebrauch vum Lëtzebuergeschen
  3. Lëtzebuergesch virundreiwen

Zanter dem 1. Juli 2023 ass d’Lëtzebuerger Sprooch zesumme mat der Méisproochegkeet dann endlech an der Constitutioun verankert, déi logesch Suite vum Gesetz vun 1984 :

Art. 4.

(1) La langue du Grand-Duché de Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l’emploi des langues luxembourgeoise, française et allemand. […]  

D’Regierung wëll d’Efforten am Sënn vun der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch weiderféieren, fir de Stellewäert vun eiser Sprooch an der Gesellschaft weiderhin ze stäerken an déi positiv Dynamik ze festegen, déi d’Lëtzebuergescht an de leschte Jore gepräägt huet.

Aktualiséiert