Aktualiséiert den
Upassung vun de sanitäre Mesuren am Schoulberäich
De Regierungsrot huet decidéiert, déi sanitär Mesuren z'adaptéieren, fir d'Verbreede vum SARS-Cov-2 an der Bevëlkerung anzedämmen. Déi sanitär Mesuren am Schoulberäich goufen entspriechend ugepasst.
Dës Upassungen gesi follgendes vir:
- d'obligatorescht Droe vun engem Mondschutz ab dem éischten Infektiounsfall an enger Klass;
- d'Verstäerke vum Testsystem;
- d'Quarantän fir Persounen, déi weder geimpft nach geheelt sinn an net un de verstäerkten Testmoossnamen deelhuelen.
Weider Informatiounen op: https://men.public.lu/lb/support/coronavirus.html