COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 12. bis den 18. September 2022

An der Woch vum 12. bis den 18. September geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 999 erop, par Rapport zu 757 an der Woch virdrun.

Dobäi komme 423 Re-Infektiounen, dat sinn 29,7% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 319 (29,6%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 12. bis den 18. September duerchgefouert goufen, ass vu 5.144 op 5.653 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 19 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 16 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.486. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Op den 18. September, war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 2.066 eropgaangen (am Verglach zu 1.795 den 11.09.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 285.245 op 285.971 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 42,3 Joer.

An der Woch vum 12. bis den 18. September, gouf et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 78 Joer.

An de Spideeler goufen et 6 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 5 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 49 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,15 géintiwwer 1,08 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 17,67%, géintiwwer 14,72% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 155 Fäll pro 100.000 Awunner eropgaangen, géintiwwer 117 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux a follgenden Alterstranchen eropgaangen: 0-14 Joer (+45%), 45-59 Joer (+3%), 60-74 Joer (+85%) a 75+ Joer (+171%). E Réckgang gouf an den Alterstranchë 15-29 Joer (-1%) an 30-44 Joer (-16%) festgestallt.

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 75+ Joer mat 129 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 303 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Vun den 1.429 Fäll, déi an der Woch vum 12. bis den 18. September 2022 enregistréiert goufen, goufen 980 Fäll ugeruff, analyséiert an d'Source ermëttelt (bis de 15.09.2022 inclus).

D'Reesen an d'Ausland ass déi heefegst Source vun den Infektioune mat 27%. Duerno kommen de Familljekrees (21%) an d'Fräizäitaktivitéiten (11%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (31%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 12. bis den 18. September 2022 goufen am Ganzen 1.428 Dosissen aginn. 23 Persoune kruten eng 1. Dosis, 33 kruten déi 2. Dosis, 103 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.251 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 18 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 18. September op 1.290.474.

474.598 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site  www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

D’Impfungen am Impfbus ginn ouni Rendez-vous gemaach. Dat bedeit, dass ee waarde muss, bis een un der Rei ass. Virun allem bei groussem Undrang, kann dat zu längere Waardezäite féieren. Fir esou Waardezäiten ze vermeiden a fir méi Confort, hutt Dir och d’Méiglechkeet e passende Rendez-vous am Impfzenter, bei engem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 27. September virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwoche 37 an 38.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)