Lëtzebuerg schwätzt sech fir eng formell Unerkennung vum Palestinenserstaat aus

De Grand-Duché erkennt offiziell de Palestinenserstaat un. Dës Decisioun huet de Premierminister Luc Frieden den 22. September 2025 am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung bekannt ginn, a Begleedung vum Vizepremierminister, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, Xavier Bettel. Dat Ganzt huet am Kader vun der héichrangeger internationaler Konferenz iwwert eng friddlech Léisung zur Palästina-Fro an d'Ëmsetzung vun enger Zwee-Staate-Léisung stattfonnt, déi um Sëtz vun de Vereenten Natiounen zu New York ofgehale gouf.

D'Lëtzebuerger Unerkennung vum Palestinenserstaat steet am Aklang mam historeschen a konstanten Engagement vum Grand-Duché fir eng Zwee-Staate-Léisung – déi eenzeg méiglech Léisung fir e gerechten an nohaltege Fridden, deen op engem pazifeschen a sécheren Zesummeliewen tëscht dem Israeelesche Staat an dem Palestinenserstaat baséiert.

Mat dëser Unerkennung ënnersträicht Lëtzebuerg nach eemol seng Zoustëmmung fir eng Zwee-Staate-Léisung, déi dat fundamentaalt Recht vun de Palästinenser op Selbstbestëmmung an d'Sécherheet vum Israeelesche Vollek a Staat garantéieren. D'Unerkennung vum Palestinenserstaat ass eng Moossnam fir de Fridden tëscht béide Staaten an hirem Vollek. Et ass selbstverständlech dass d'Unerkennung vum palästinensesche Staat net géint den israeelesche Staat oder säi Vollek geriicht ass, dee Lëtzebuerg säit dem Bäitrëtt vun Israel als Member vun de Vereenten Natiounen den 11. Mee 1949 unerkennt.

D'Lëtzebuerger Unerkennung vum palästinensesche Staat baséiert op der Grondlag vun de Grenze vun 1967 – also virun der israeelescher Occupatioun vum palästinenseschen Territoire. Dës Grenze goufen 2016 duerch d'Resolutioun 2334 vum Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen nach eemol bestätegt. An dëser Resolutioun gouf dorun erënnert, dass déi Grenzen net eesäiteg vun Israel geännert kënne ginn, mee nëmmen am Kader vu Friddensverhandlungen duerch e gemeinsamen Accord tëscht Israel a Palästina.

Lëtzebuerg erkennt déi palästinensesch Autoritéit als eenzege legitimme Vertrieder vum palästinensesche Vollek un. D'Unerkennung vum palästinensesche Staat bedeit, dass Lëtzebuerg Palästina als onofhängege Staat unerkennt, mat de Rechter a Flichten déi doru geknäppt sinn. Lëtzebuerg erwaart vun enger politesch gëeenter palästinensescher Regierung – ënnert der Féierung vun der palästinensescher Autoritéit, déi dat vereente Gebitt, notamment mat der Gazasträif, Westjordanland a West-Jerusalem, gouvernéiert – dass si hir Beméiunge weiderféiert fir demokratesch Reformen ëmzesetzen, de Justizsystem ze stäerken a géint d'Korruptioun ze kämpfen.

D'Unerkennung vum palästinensesche Staat duerch Lëtzebuerg implizéiert a kenger Form iergendeng Unerkennung oder Ënnerstëtzung vun der Hamas. Lëtzebuerg verurteelt weiderhin zu schäerfst déi terroristesch Hamas-Attack vum 7. Oktober 2023 a verlaangt déi direkt Fräiloossung vun alle bleiwende Geiselen. Lëtzebuerg rifft iwwerdeems nach eemol zu engem direkte Waffestëllstand souwéi zu engem fräien Zougang an enger ongehënnerter Verdeelung vun der humanitärer Hëllef an der ganzer Gazasträif op.

D'Unerkennung vum Palestinenserstaat muss vu konkreete Mesurë begleet ginn, déi d'Friddensbeméiungen an d'Ëmsetzung vun enger Zwee-Staate-Léisung ënnerstëtzen. D'Deklaratioun vun der internationaler Konferenz iwwert eng friddlech Léisung zur Palästina-Fro an d'Ëmsetzung vun enger Zwee-Staate-Léisung, déi vum 28. bis den 30. Juli zu New York stattfonnt huet a vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natioune mat 142 favorabele Stëmmen ugeholl gouf – dorënner och déi vu Lëtzebuerg – schaaft de Kader heifir. Si gesäit e méistufege Plang fir e souveränen an demilitariséierte Palestinenserstaat vir, a leet de gemeinsamen Engagement fest fir d'Hamas ofzebauen. D'Verflichtungen, zu deenen de palästinensesche President Mahmoud Abbas sech engagéiert, souwéi seng kloer Bereetschaft fir déifgräifend Reformen am Sënn vun enger erneierter an demokratescher palästinensescher Autoritéit, stäerken des Beméiungen a bilden d'Grondlag fir e gerechten an nohaltege Fridden tëscht de Parteien.

De Schrëtt, dee Lëtzebuerg domat ageet, dréit zu enger neier Hoffnung op eng besser Zukunft bäi, an där Israeeli a Palästinenser a Sécherheet, Fridden an Dignitéit nieftenee liewe kënnen. E markéiert den Ufank vun engem irreversibele Prozess a Richtung Versönung, Gerechtegkeet an Zesummeliewen, fir dass de Fridden net méi just eng vag Ambitioun ass, mee zu enger gedeelter Realitéit gëtt.

Communiqué vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel