Nationalfeierdag 2026 – Virowend

Am Kader vun der ëffentlecher Feier vum Gebuertsdag vu Senger Kinneklecher Altess dem Grand-Duc huelen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse souwéi d'Membere vun der Regierung den 22. an 23. Juni 2026 un de Festlechkeeten zu Déifferdeng an an der Stad Lëtzebuerg deel.

22. Juni 2026

Relève vun der Garde virum Palais

D'Festlechkeete fir den Nationalfeierdag fänken e Méindeg, den 22. Juni, um 16 Auer mat der traditioneller Relève vun der Garde virum Groussherzogleche Palais un, wourunner en Éieren-Detachement vun der Arméi deelhëlt, dat aus zwee Pelotone besteet an ënnert dem Kommando vum Lieutenant Lynn Hermes steet.

Fir déi musikalesch Begleedung suergt d'Militärmusek, ënnert der Direktioun vun hirem Chef, dem Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun.

Déi groussherzoglech Koppel zu Déifferdeng

Hir Kinneklech Altessen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse sinn am Kader vun de Festivitéite fir Nationalfeierdag zu Déifferdeng.

Um 17 Auer gëtt déi groussherzoglech Koppel beim Park Gerlache vum President vun der Chamber Claude Wiseler, vum Aarbechtsminister a Vertrieder vun der Regierung, Marc Spautz a vum Buergermeeschter vun der Stad Déifferdeng, Guy Altmeisch empfaangen. D'Harmonie municipale vun Déifferdeng an d'Fanfare vun Nidderkuer spillen zesummen de Wilhelmus.

De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse huelen op der Tribün Plaz fir dem Defilé vu ronn enger Dosen Déifferdenger Veräiner nozekucken. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, de Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, Max Hahn, Vertrieder vun der Chamber, Membere vum Déifferdenger Gemengerot grad esou wéi Representantë vun de Stied, déi mat Déifferdeng jumeléiert sinn, huelen och un dëser Manifestatioun deel. Bei dëser Geleeënheet kritt déi groussherzoglech Koppel e Wierk vum Stolaarbechter a Sculpteur Jhang Meis, deen d'Statu „Eternity“ geschaf huet, an eng Broderie vun der Konschtbrodeuse Louise Aimard iwwerreecht.

Um Programm stinn iwwerdeems d'Ufänke vum Lagerfeier vun de Guiden a Scoute Sainte-Barbe vun Déifferdeng souwéi d'Presentatioun vun enger Blummen-Auer mam Monogramm vu Senger Kinneklecher Altess dem Grand-Duc.

Ried vum Premierminister

Um Virowend vum Nationalfeierdag, den 22. Juni, mécht de Premierminister Luc Frieden seng traditionell Usprooch.

Fakelzuch a Freedefeier an der Stad Lëtzebuerg

Um Owend huelen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse un de Festlechkeeten deel, déi vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert sinn.

Déi groussherzoglech Koppel gëtt um Knuedler (Place Guillaume II) vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer, an dem éischte Schäffe Maurice Bauer empfaangen. No der Presentatioun vum Schäffen- a Gemengerot huelen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse um Concert vun der Militärmusek an um traditionelle Fakelzuch deel.

De Cortège vun den Associatiounen deen um Fakelzuch deelhëlt ëmfaasst zirka 2800 Persounen a besteet aus Pompjeeën, verschidde lokalen Associatiounen a Veräiner aus dem Beräich vum Sport an der Musek vun der Stad Lëtzebuerg, Guiden a Scouten, a verschidde Museks-, Gesang- a Folklorveräiner. Mat senge sëllege Participanten aus den ënnerschiddlechste Beräicher ass dëse Cortège e Sënnbild fir déi kulturell Diversitéit vum Land mat all senge Facetten, an hieft Traditiounen, Talenter a Wäerter ervir, déi säi Räichtum a seng Identitéit ausmaachen.

Fir den Ofschloss vum offizielle Programm vun de Feierlechkeete vum 22. Juni gëtt et e Freedefeier, dat vum Pont Adolphe ofgeschoss gëtt, 17 Minutten dauert, a vun enger musikalescher Kompositioun vum Erny Delosch begleet gëtt.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung

Event Datum

22.06.2026

Typ(en)

Aweihung Feierlechkeeten Zeremonie