Aktualiséiert den
Deklaratioun vum Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit zur d'COP31 an Antalya
"E Resultat dat der Realitéit vum Klimawandel net gerecht gëtt ass kee Resultat."
Lëtzebuerg ass zesumme mat den anere Memberstaaten als Europäesch Unioun (EU) op d'UNO-Weltklimakonferenz COP31 an Antalya gaange fir ons dofir anzesëtzen dat mir als Weltgemeinschaft eng credibel Äntwert op d'Urgence vum Klimawandel fannen an de Paräisser Accord méi séier ëmgesat kréien.
Onst Engagment stäipt sech dobäi op déi weltwäit bescht disponibel wëssenschaftlech Erkenntnisser, déi vum onofhängege Weltklimarot, dem IPCC (Intergovernmental Panel on Climate Change), zesummegedroen a bewäert ginn.
An dës si ganz kloer: d'Haaptursaach fir de globale Klimawandel sinn d'fossil Energien an d'Welt muss aus hinnen erausklamme fir d'Äerderwiermung bis um Ënn vun dësem Joerhonnert op plus 1,5 Grad Celsius par rapport zum pre-industriellen Zäitalter ze begrenzen.
Déi ganz COP iwwer huet Lëtzebuerg an d'EU mat der tierkescher an australescher COP-Présidence an alle vertruedenen Länner versicht ee globale Kompromëss ze fannen deen et der Welt erlabt fir d'Äerderwiermung op déi 1,5 Grad Celsius ze limitéieren, eng koordinéiert Transitioun aus de fossillen Energië méiglech ze maachen an ons besser un d'Konsequenze vum Klimawandel unzepassen.
D'EU ass dobäi vun enger Majoritéit vu Länner aus der UNO ënnerstëtzt ginn.
An engems reflektéiert déi vun de COP-Présidencen proposéiert final Versioun vun der Haaptdecisioun (der Cover decision) dës vun ons erwaarden Kompromësspositioun net.
Och wann eng Eenegung iwwer verschidden technesch Punkten op der Dagesuerdnung fonnt konnt ginn, kënne mir als Lëtzebuerg an als EU keng final Decisioun ënnerstëtzen, déi der Urgence an der Realitéit vum Klimawandel net gerecht gëtt.
Eng final Entscheedung:
- ouni kloer Referenz op d'Transitioun eraus aus de fossillen Energië mat Mesurë fir méi séier d'weltwäit CO2-Emissiounen ze reduzéieren an domadder d'Äerderwiermung op 1,5 Grad Celsius ze limitéieren
- déi net eendeiteg genuch ass par rapport zur Bedeitung vun der beschter verfügbarer Wëssenschaft an dem Roll vum IPCC
- déi net adequat op d'Upassung um, an d'Verloschter an d'Schied duerch de Klimawandel ageet, vun deene besonnesch d'Entwécklungslänner getraff sinn
- déi Technologië fir CO2 aus der Atmosphär ze huelen an ze späicheren (CCUS) eng iwwerméisseg Bedeitung gëtt an esou mécht wéi wann d'Welt dofir net aus de fossillen Energien erausklamme misst.
Esou eng Decisioun ka vu Lëtzebuerg an der EU net ënnerstëtzt ginn. Et wier ee klore Réckschrëtt obschonns ambitionéiert a séier Fortschrëtter gebraucht ginn.
Den Interêt vun enger Minoritéit kann net iwwert dem Interêt vun der Majoritéit stoen.
Mir waren a si prett fir ee weltwäite Konsens ze fannen. An engems ka Konsens net all Kéiers eenzeg an eleng dee klengstméiglechste gemeinsamen Nenner bedeiten.
Ons Positioun ass net de Rejet vum Multilateralismus.
Ons Positioun ass d'Verdeedegung vun engem Multilateralismus dee liwwert!
D'Transitioun a Richtung nohaltegen, onofhängegen a resistente Gesellschaft baséierend op propperen Energien, ass zu Lëtzebuerg, an der EU an a groussen Deeler vun der Welt, am gaange gemaacht ze ginn.
Mir wäerten dee Wee konsequent weidergoen. Och am Kader vun den UNO-Weltklimakonferenzen. Déi nächst, d'COP32 an Äthiopien, gëtt vun ons elo scho preparéiert.
D'Geschicht wäert d'COP31 net drop bewäerten ob e finalen Text ugeholl ginn ass oder net.
Mir wäerte bewäert ginn ob mir als global Mënschheet, ee globale Probleem dee mir selwer geschafen hunn och nees all zesumme léise kënnen.
De Klimawandel ass keng Fatalitéit. Mir hunn et an der Hand.
Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit