Verbuet vun all Drone-Flich vum 14. bis den 18. September 2021 während dem Tour de Luxembourg

Am Kader vum Tour de Luxembourg vum 14. bis den 18. September 2021, huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, all Drone-Flich wärend folgenden Deeg an a folgende Loftraim ze verbidden:

  • 14. September 2021 am Loftraum "Lëtzebuerg – Lëtzebuerg" (Zon: EL-UAS-TGDL21-ET1),
  • 15. September 2021 am Loftraum "Sténgefort – Eschdorf" (Zon: EL-UAS-TGDL21-ET2),
  • 16. September 2021 am Loftraum "Munneref – Mamer" (Zon: EL-UAS-TGDL21-ET3),
  • 17. September 2021 am Loftraum "Diddeleng – Diddeleng" (Zon: EL-UAS-TGDL21-ET4),
  • 18. September 2021 am Loftraum "Miersch – Lëtzebuerg" (Zon: EL-UAS-TGDL21-ET5).

D'Pläng vun de verbuedene Loftraim fannt dir ënnert folgendem Link: https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rmin/2021/09/02/a661/jo

Déi aktualiséiert geografesch Zonen wäerten och op der Websäit https://www.geoportail.lu verfügbar sinn.

Aktualiséiert